Als Guide am Musée vun Auschwitz-Birkenau am Asaz
Iwwer 1,8 Millioune Mënschen hunn 2024 dat fréiert Konzentratiounslager besicht. 80 Joer no der Befreiung wier d'Erënnerungsaarbecht nach ëmmer wichteg.
Et gëtt wuel keng Uertschaft, där hiren Numm esou enk mam Holocaust verbonnen ass, wéi dee vun der polnescher Stad Oświęcim. Déi meeschte Leit dierften awer éischter den däitschen Numm Auschwitz kennen. Tëscht 1940 an 1945 goufen am Konzentratiounslager Auschwitz-Birkenau ronn 1,5 Millioune Mënschen, déi meescht vun hinne Judden, ëmbruecht. Et war dat gréisste Konzentratiounslager, dat d'Nazie bedriwwen hunn. De 27. Januar 1945 gouf et vu sowjetteschen Truppe befreit, haut gëtt am fréiere KZ ee Musée exploitéiert. En ass op zwee Sitten opgedeelt, dee vum fréieren Aarbechtslager zu Auschwitz an dee vum fréiere Vernichtungslager zu Birkenau (polnesch Brzezinka).

© Tim Morizet / RTL
Ënnert den iwwert 200 Mataarbechter ass och den Andrzej Kacorzyk. Hie kënnt gebierteg aus engem Duerf, dat net wäit vun Auschwitz ewech läit. Vu Formatioun ass de Mann, deen 1963 gebuer gouf, Enseignant an huet och fir d'éischt eng Partie Joren an deem Beruff geschafft. Ma zanter 1997 ass seng Aarbechtsplaz am Musée. Fir d'éischt war hie Guide, zwee Joer méi spéit gouf hien de Chef vum edukativen Zentrum vum Musée, huet awer och nach haut Kontakt mat de Visiteuren.
Eleng d'lescht Joer hu sech iwwert 1,8 Millioune Leit hei iwwert d'Geschicht vum Holocaust informéiert, si koumen aus méi wéi 200 verschiddene Länner. Datt déi meeschte Besicher aus Polen kommen, dierft net iwwerraschen, datt der méi aus Spuenien wéi aus Däitschland kommen, par Konter schonn. Spuenien war jo wärend dem Zweete Weltkrich, op mannst offiziell, neutral. Datt awer esou vill Spuenier op Auschwitz kommen, géing dem Andrzej Kacorzyk no wuel an éischter Linn dorunner leien, datt vu Spuenien aus vill bëlleg Reesen a Polen organiséiert ginn.

© Tim Morizet / RTL
Ma onofhängeg aus wéi engem Land - vill vun de Visiteure si Schoulklassen, respektiv soss Jonker. Et wier schued, datt et ëmmer manner Zäitzeie gëtt, well den Austausch mat Leit, déi den Alldag am Konzentratiounslager selwer erlieft hunn, kéim grad bei deene Jonke gutt un. Et misst een awer esou oder esou mat der Zäit goen an déi Jonk virun allem do ofhuelen, wou se vill Zäit verbréngen, an dat wier nu emol an der digitaler Welt. Dowéinst wéilt een d'Onlinepresenz an do virun allem d'Reaktivitéit ausbaue respektiv verbesseren.
Wat den Ëmgank vun der lokaler Populatioun mat der Geschicht vun Auschwitz ugeet, géing et ongeféier eng 100 Leit, déi sech am Musée engagéieren. Et dierft een den Impakt vun deem, wat viru méi wéi 80 Joer am Konzentratiounslager geschitt ass, op d'Uertschaft net ënnerschätzen. Ëmmerhi wier d'Hallschent vun der Bevëlkerung, nämlech déi jiddesch, am KZ ëmbruecht ginn. Haut liewen eng 35.000 Mënschen zu Oświęcim, et gëtt zwar ee jiddescht Zentrum mat engem eegene Musée, ma offiziell wunnt an der Stad grad emol eng Fra, déi sech zum jiddesche Glawe bekennt.
Dee ganzen Interview mam Andrzej Kacorzyk mat Biller aus dem fréiere KZ kënnt Der uewen am Video kucken.

© Tim Morizet / RTL
Weider Artikelen iwwer d'Thematik vun der Erënnerung un den Holocaust fannt Dir hei:
Hat KZ Bergen-Belsen iwwerlieft: Zäitzeie Gerd Klestadt ass am Alter vun 92 Joer gestuerwen
Holocaust-Iwwerliewender (2/3) - Benjamin Silberberg: "Mäin éischte Schock war de (Véi)waggon"
Holocaust-Iwwerliewender (3/3) - Ginette Kolinka: "Et dierf een net haassen"