Zanter September konnten eng 1.000 illegal Versich, anzereesen, gestoppt ginn
Zanter dem 16. September 2024 kontrolléiert déi däitsch Police op der A64 tëscht Lëtzebuerg an Tréier.
Vill Leit aus der Regioun kennen dës Grenzkontroll a stoungen och op d'mannst eng Kéier schonn dran. Wärend ee meeschtens just e puer Minutte verléiert, well d'Vitess op dëser Plaz vun der Autobunn op 40 Kilometer an der Stonn limitéiert ass an ee ganz lues laanscht de Kontrollpunkt muss fueren, kënne sech déi puer Minutte wärend dem Beruffstrafic awer labber verduebelen, verdräifachen oder nach méi héich klammen.
D'Kontroll gëtt awer net just wéinst der laanger Waardezäit zu de Stousszäiten an de Medien thematiséiert, mä och, well hei ëmmer nees Leit gepëtzt ginn, déi eben net an Däitschland areesen dierfen. Den Haaptgrond also, wisou dës Kontroll op där Plaz iwwerhaapt gemaach gëtt. De Kevin Schößler vu Mosel News TV war zesumme mam Pressespriecher vun der Bundespolizei Trier Stefan Döhn op der Plaz an huet mat him iwwert d'Mesuren, d'Resultater an d'Erausfuerderunge vun esou enger Kontroll geschwat.
Eng Statioun mat System
Tëscht der Sortie 3, also déi fir op d'Tréier erof respektiv iwwer d'B51 op Bitburg an der Sortie 4 fir op Trier-Ehrang oder Schweich ass de Kontrollpunkt op der Autobahn 64 opgeriicht. Haaptbestanddeel vun dëser provisorescher Ariichtung ass de Kontrollpunkt u sech, bei deem d'Polizisten nieft der Fuerbunn, déi méi enk gemaach gouf, stinn a sech d'Autoen ukucken.
E Gefier, wat hinne suspekt virkënnt, gëtt hei erausgefiltert an da bei dat grousst Zelt, wou déi eigentlech Kontroll duerchgefouert gëtt, gewonk. Op der Plaz ginn et dann och nach verschidde Containeren, dorënner ee mat Büroen an ee mat Toiletten. D'Police ass deemno ageriicht, fir länger op dëser Plaz ze bleiwen.
"Mir hunn eis polizeilech Ziler erreecht", seet de Pressespriecher vun der Bundespolice Tréier. "Zanter dem Start vun der Kontroll konnte mir iwwer 1.000 onerlaabt Areese verhënneren." Dat waren dem Stefan Döhn no awer net déi eenzeg Saachen, déi de Beamten opgefall ass. "Iwwer 100 oppe Mandat d'arrête konnte vollstreckt ginn", erzielt de Spriecher weider.
D'Grenz als Schwéierpunkt vun der Kriminalitéit
Natierlech erwëscht déi däitsch Bundespolizei op dësem Kontrollpunkt net just Leit, déi illegal an Däitschland areese wëllen oder Persounen, géint déi e Mandat d'arrêt virläit. Och geroden ëmmer nees Schleiser, déi d'Leit illegal an Däitschland wëlle bréngen, an d'Netz, ma och Persounen, déi Waffe respektiv Droge bei sech hunn.
Kontrollen op méi Punkten
Wuel eng vun de bekanntste Grenzkontrollen a Rheinland-Pfalz ass fir d'Leit aus dem Grand-Duché déi, déi fix op der A64 steet. Ma eis Nopeschbundesland huet eng aner grouss a stationär Kontroll. Dat op der A60 mam Grenziwwergang mat der Belsch net wäit vu St. Vith ewech.
Op de weidere 34 Grenziwwergäng, wéi deen tëscht Waasserbëlleg a Waasserbëllegerbréck, Iechternach an Iechternacherbréck oder tëscht Veianen a Roth an der Our, ginn et dagesaktuell Kontrollen, déi ëmmer wiesselen. Dës decke wuel all d'Grenze vu Rheinland-Pfalz of, sinn awer net esou dauerhaft, wéi op der Autobunn. D'Autobunn ugeschwat, gëtt et dann nach eng un der Grenz tëscht Däitschland an dem Grand-Duché: Dat op der däitscher A8 tëscht Rëmerschen a Pärel am Saarland.
Wéi kënnt et bei der Populatioun un?
Lëtzebuerg huet sech scho méi dacks bei den Noperen iwwert d'Kontrolle beschwéiert an intervenéiert respektiv huet och d'EU ageschalt. Grad Frontalieren aus de betraffene Regiounen, déi all Dag an der Grand-Duché schaffe kommen an owes iwwert déi besote Plazen nees heemfueren, gesi sech dra gestéiert. Och wann et vun der Bundespolizei heescht, datt een an der Reegel net méi laang wéi 15 bis 20 Minutte muss waarden, hu vill Pendler schonn aner Erfarunge misse maachen a geleeëntlech dat dräifacht oder méi Zäit, wéi uginn, hei verluer. An och wann een all Dag just 20 Minutte verléiert, kommen um Enn vill Stonnen dobäi eraus.
Kritik kënnt dowéinst dann net just vun den Nopeschlänner, mä och aus der Populatioun, déi betraff ass. Verschidden Automobilisten huelen et dann awer méi positiv op. "Kloer ass et nerveg, awer wann et hëlleft, fir Krimineller erauszefilteren, dann ass et ok", esou ee vun den Automobilisten, déi op der Plaz gefrot goufen. Déi meeschte Leit hu sech awer effektiv iwwert de Réckstau an den Zäitverloscht duerch dës Kontroll beschwéiert.
Wie gëtt kontrolléiert?
Wie schonn op d'mannst eng Kéier duerch eng vun de Kontrolle gefuer ass, sief et déi aktuell oder déi wärend der Futtball-EM, déi jo änlech ofgelaf sinn, huet sech bestëmmt gefrot, no wéi eng Krittären d'Polizisten d'Autoe respektiv d'Persounen, déi si kontrolléieren, erausfilteren.
"Et gëtt kee klasseschen Typ, dee mer kontrolléieren. Awer natierlech riichte mer eise Fokus op Gefierer, déi auslännesch Placken hunn, op Sprinter, Reesbusser an Automobilisten, déi sech opfälleg verhalen", esou d'Erklärung vum Stefan Döhn. "Autoe mat regionalen Nummereschëlder, wéi aus Tréier (TR) Bitburg (BIT) oder Bernkastel-Wittlich (WIL), ginn zwar net grondsätzlech verschount, dofir awer däitlech méi seele kontrolléiert."
D'Iwwerpréiwung leeft digital: D'Beamten erfaassen d'Date vun de Leit am Auto mat mobille Geräter a kënnen déi direkt mat der Datebank vun der Police ofgläichen. Esou kënnen net just illegal Areesen ënnerbonne ginn, mä och Persounen, géint déi e Mandat d'arrêt virläit, festgeholl ginn.
Aus Siicht vun der Police bréngen d'Kontrollen eppes
D'Bundespolizei ass mat de Resultater an dem Verlaf vun de Kontrollen zefridden, heescht et vun der Plaz. D'Zuel vun de Strofdote wier awer erschreckend héich, stellt de Pressespriecher fest. Gläichzäiteg wier dat awer och e Beweis dofir, datt d'Mesurë gerechtfäerdegt sinn, och wann et Kritik un der Dauer vun der Kontroll an der Behënnerung vum Trafic gëtt.
Wéi laang d'Kontroll op der A64 nach wäert bestoe bleiwen, ass oppen. Kloer ass awer: De Grenziwwergang tëscht Lëtzebuerg an Tréier bleift an noer Zukunft emol en zentrale Kontrollpunkt fir méi Sécherheet, awer och mat groussen Erausfuerderunge fir déi alldeeglech Mobilitéit an der Grenzregioun.