No der Kritik vun den ADR-Fraen, koumen och vum Fernand Kartheiser negativ Reaktioune géintiwwer der Parteispëtzt.

Et rumouert bei der ADR wéinst der Causa Sylvie Mischel. No der hefteger Kritik vun der Fraesektioun an och dem Deputéierte Fernand Kartheiser un der Parteispëtzt, reagéiert elo de President Jean Schoos.

Hie géif gär perséinlech mam Fernand Kartheiser iwwer deem seng Aussoen diskutéieren, net via RTL. Den ADR-Deputéierten hat jo Konsequenze gefuerdert, well der Parteispëtzt Feeler ënnerlaf wären.

De Jean Schoos kéint dës Reaktioun verstoen. Wa seng Fra esou am – Zitat – ''Presse-Feier'' wär, ewéi d'Sylvie Mischel et elo wär, dann hätt hien och esou reagéiert. Dat sot de Parteipresident vun der ADR Jean Schoos am RTL-Interview e Mëttwoch de Mëtteg.

No Kritik vun ADR-Fraen, negativ Reaktioun och vum Fernand Kartheiser

Bei der ADR sténken d'Lompen. Nom Récktrëtt vum Sylvie Mischel vun hire Posten, kritiséiert den ADR-Deputéierten a Member am Exekutivcomité Fernand Kartheiser de Parteipresident Jean Schoos an Generalsekretär Alex Penning.

Hien deelt domat d'Kritik vum Comité vun der ADR-Fraesektioun. Déi hat sech e Mëttwoch de Moien an engem Communiqué entsat gewisen iwwer déi "erpresseresch Methoden" vum Parteipresident a vum Generalsekretär. De Fernand Kartheiser sot, datt senger Meenung no personell Ännerunge misste kommen. Nom ëmstriddene Post op Facebook wäre Feeler bannent der Partei geschitt. Dem Fernand Kartheiser no géifen déi awer net beim Sylvie Mischel leien. Dofir missten do eng Kéier Konsequenze kommen, esou den ADR-Deputéierten.

De Fernand Kartheiser, Extrait1

De Post vun der Foto, an deem déi mëttlerweil demissionär Sylvie Mischel d'Migratiounspolitik vun der Regierung mam Hiweis, et géif net genuch fir d'Lëtzebuerger am Land gemaach ginn, kritiséiert hat, wär dem Fernand Kartheiser no net rassistesch.

Et wär eng legitim Kritik un der Migratiounspolitik vum zoustänneger Jean Asselborn. An den Ae vum Fernand Kartheiser géif et kee Sënn maachen, Leit aus dem Niger hei opzehuelen. Et kéint hinne besser an hirem Land gehollef ginn.

Op der Foto handelt et sech ëm Mënschen aus Campen aus Libyen, Eritrea, Sudan a Somalia, net ëm Staatsbierger aus dem Niger. Verschidde Refugiéeë waren a Libyen a Campen agespaart a waren duerno an den Niger transferéiert ginn.

De Fernand Kartheiser, Extrait2

De Parteipresident Jean Schoos an de Generalsekretär Alex Penning wollten e Mëttwoch de Moien net explizitt op de Communiqué vun den ADR-Frae reagéieren. Fir si wär dës Affär mat der fräiwëlleger Demissioun vum Sylvie Mischel erleedegt gewiescht. De Post um soziale Reseau vun der fréierer Vizepresident hätt eng Grenz bannent der Partei depasséiert, esou sot den Jean Schoos.

D'Comitésmembere vun den ADR-Fraen hunn op Nofro per E-Mail geschriwwen, si wäre fir en Interview net disponibel.

Kritik vun den ADR-Fraen

D’ADR-Fraen stelle mat groussem Bedaueren a Bestierzung fest, dass d'Sylvie Mischel hiert Mandat als Presidentin néiergeluecht huet.

No der Demissioun vun der Vizepresidentin vun der ADR, nodeems si en ëmstriddene Bäitrag op Facebook gepost hat, huet sech de Comité vun den ADR-Fraen e Mëttwoch de Moien zu Wuert gemellt, wou d'Sylvie Mischel och Presidentin war an als dëst och hiert Mandat néiergeluecht huet.

D'ADR-Fraen wieren entsat iwwert déi "erpressereg Methoden, déi de Parteipresident Jean Schoos an de Generalsekretär Alex Penning benotzt hätten, fir dat Zil ze erreechen..."

De President an de Generalsekretär hätten hir virgefaasste Meenung an der Press verbreet an hätten et mol net fir néideg fonnt, am Virfeld mat der Madamm Mischel Récksprooch ze halen, ass am Schreiwes ze liesen. Déi zwee hätten den Androck ginn, dass si vun Ufank u schonn hir Decisioun geholl haten, nach ier d’Exekutiv konnt iwwert déi Fro deliberéieren.

D'ADR-Fraen gesinn do dran eng Mëssuechtung vun der Exekutiv vun der Partei.

Offiziellt Schreiwes

Pressecommuniqué vun den ADR Fraen iwwer d‘Démissioun vun hirer PresidentinD’ADR Fraen hu misse mat groussem Bedaueren a Bestierzung feststellen, datt d’Mme Mischel hirt Mandat als Presidentin vun den ADR Fraen néiergeluecht huet.

Si sinn entsat iwwert déi erpresseresch Metouden, déi de Parteipresident Jean Schoos an de Generalsekretär Alex Penning benotzt hunn, fir dat Zil ze erreechen.

De President an de Generalsekretär hunn hir virgefaassten Meenung an der Presse verbreed an hunn et mol net fir néideg fonnd, am Virfeld mat der Madamm Mischel Récksprooch ze halen. Déi zwee hunn den Androck ginn, datt si vun Ufank un schonn hir Decisioun geholl haten nach ir d’Exekutiv konnt iwwert déi Fro deliberéieren.

D’ADR Fraen gesinn do drann eng Messuechtung vun der Exekutiv vun der Partei.

D’ADR Fraen froen sech ewéi eng Méiglechkeeten hinnen nach bleiwen fir hir Meenungsfräiheet auszeüben an fir weiderhinn eng wäerteorientéiert Politik ze maachen.

D’ADR Fraen huelen zur Kenntniss, datt d’Madamm Mischel hir Funktiounen nëmmen temporär neiergeluecht huet an hoffen, datt si op deem nächste Frae-Kongress nees fir d‘Presidentschaft kandidéiert.

De Comité vun den ADR Fraen,
ouni hir Presidentin