IerpeldengAus der Bëschcrèche gëtt déi 1. Mini-Crèche am Land

RTL Lëtzebuerg
E Chalet gëtt d'Basis vun deem aus sech de klenge Grupp vu Kanner all Dag eriwwer an de Bësch mécht. Encadréiert vun zwee Erwuessenen.
1. Mini-Crèche zu Lëtzebuerg geet am Fréijoer op
Aus der Bëschcrèche zu Ierpeldeng gëtt eng Mini-Crèche.

Am Januar zejoert ass d’Gesetz fir d’Mini-Crèchen a Kraaft getrueden. Den Interessi fir esou eng kleng Betreiungsstruktur opzemaachen ass bis ewell minimal. Dat kéint dorunner leien, dass d’Konzept esou wéi et vum Gesetz hir ausgeriicht ass, net wierklech finanzéierbar ass.

Mini-Crèchë bidde bis zu 11 Plaze fir maximal 22 Kanner, déi vun op d‘mannst engem Educateur an engem Assistant Parental encadréiert ginn. D’Kanner kënnen net wéi bei Dageselteren doheem empfaange ginn. Déi kleng Struktur brauch eege Raimlechkeeten, dierf awer vu moies 5 bis Owes 23 Auer op hunn. Just zwou Demandë fir en Agrément goufen an de leschten 12 Méint agereecht. Firwat ass den Interessi net méi grouss?

Et ass dee méi héije Personalschlëssel, deen déi Responsabel iwwerzeegt huet, fir fir d’Bëschcrèche d’Struktur vun der Mini-Crèche ze wielen.

Laurent Roder, Direkter vun der Kannerhaus Wooltz ASBL: De Schlëssel vum Encadrement vu Kanner ass besser. Dat heescht, mir hunn hei 2 Encadrante pro 11 Kanner, wat en theoretesche Schlëssel vu 5,5 op de Kapp ass. Wat se an der Crèche net hunn. Do si mer bei enger Persoun op 8 Kanner an der Alterskategorie, wou mer hei cibléieren, Kanner vun 2-4 Joer.

Am Kader vun enger normaler Crèche hätt een zwar d’Méiglechkeet, de Personalschlëssel an d’Luucht ze setzen, ma et kréich een en et awer net finanzéiert.

Am Géigesaz zu der Betreiung bei Dageseltere muss eng Mini-Crèche eegestänneg Raimlechkeeten hunn. De Chalet vun der Bëschcrèche wäert mat engem Openthaltsraum Sanitaire, engem Kicheneck an engem Schlofraum ekipéiert ginn. Ouni staatlech Konventioun an déi aner Crèchen a Foyere vun der ASBL wär déi nei Mini-Crèche finanziell net ze droen.

Laurent Roder: Wéi mer déi Finanzberechnung gemeet hunn, gesäit een hei, dass dat awer och nëmme geet, well mer eng gewësse Struktur niewelaanscht lafen hunn, wou mer den administrativen Opwand hei net arechnen. Hei ass eng Infrastruktur, déi d’Gemeng integral dréit, wou keng Loyeren dra sinn, wou soss keng Fraise wäerten drakommen.

Erstaunlech ass et also net, dass vu privater Säit bis ewell quasi keen Interessi do ass, fir eng Mini-Crèche opzemaachen. Dovunner ofgesinn zweiwelt de President vun der Felsea, der Federatioun vun de Privatcrèchen, dass eng Mini-Crèche, déi tëscht 5 Auer moies an 23 Auer owes op kann hunn a Kanner tëscht 0 an 12 Joer betreit, iwwerhaapt mat zwee Mann Personal iwwer d’Ronne ka kommen.

Arthur Carvas, President Felsea:Realistesch ass et net ze soen, d’Mini-Crèche funktionéiert mat zwee Leit. Dat heescht Presenz vun zwee Leit jo, mä puncto Käschtepunkt musse mir villäicht 2,5-3 oder 4 Leit astellen. An da geet et net méi op.

Ausserdeem hätt d’Annonce am Regierungsprogramm, dass och d’Maisons Relaise solle gratis ginn, fir eng grouss Onsécherheet am Secteur gesuergt. Duerch d’Flexibiliséierung vum Congé parental géifen haut scho manner Puppelcher a Kanner tëscht 0 an 3 Joer an d’Crèche goen. D’Iddi vun de méi klenge Betreiungsstrukture wär gutt, misst awer der Felsea no iwwerschafft ginn.

Arthur Carvas: Iwwerschafft ginn an de Moyenen, déi een huet, fir et ze maachen. Well mir hu ganz grouss Bedenken, dass een et kann zu zwee maachen. An och mat de Moyenen, déi haut zur Verfügung gestallt ginn, wéi de Chèques-Service mat 6. Déi fir d’Mini-Crèche an d’Crèchen allgemeng, fir alles wat d’Kannerbetreiung ass, muss revaloriséiert ginn.

D’Valeur vun de Chèques-Service misst onbedéngt eropgesat ginn. Esou den Arthur Carvas. Se wär 2012 vun der CSV vu 7,50 Euro op 6 Euro erofgesat ginn. Zanterhier wären awer d’Oploen an d’Luucht gaangen, de Mindestloun geklommen, d’Index-Tranche gefall. Eng Rei Crèchen hätten dowéinst Schwieregkeeten, iwwer d’Ronnen ze kommen. Eng Erhéijung vun de Chèques-Service kéint sech och positiv op d’Entwécklung vun de Mini-Crèchen auswierken, esou den Arthur Carvas.

Am Abrëll wäert zu Ierpeldeng déi 1. Mini-Crèche am Land opgoen. D’Kannerhaus an d’Gemeng Wolz hunn awer wëlles, nach zwou Bësch-Crèchen am Mini-Format opzemaachen.

Back to Top
CIM LOGO