D'Suen, déi den Haff kritt, sinn iwwert de ganze Staatsbudget verdeelt, vum Staatsministère iwwert d'Nohalteg Entwécklung bis bei d'Verdeedegung.

Waringo-Rapport: Finanzen / Reportage Maxime Gillen

D'Aktivitéit vum Grand-Duc a senger Famill gëtt jo vum Steierzueler finanzéiert. Dozou gehéieren eng ganz Rei verschidde Posten, déi iwwert de ganze Staatsbudget verdeelt sinn.

Als éischt gëtt et eng sougenannt „zivil Lëscht“, déi op där enger Säit en Deel vun de Personal- a Fonctionnementskäschte vum Haff finanzéiert an op där anerer Säit och eng Zort Pai fir de Grand-Duc ass.

Dem Rapport no wier et besser, wa kloer definéiert wier, dass de Grand-Duc mat dësem zweeten Deel vun der ziviller Lëscht ka maache, wat hie wëllt, ouni doriwwer Rechenschaft mussen ofzeleeën. Deen Deel misst allerdéngs dann och komplett besteiert ginn.

Dës zivil Lëscht geet nach zeréck op d'Verfassung aus dem Joer 1948. Deemools gouf festgeluecht, dass de Grand-Duc 300.000 Frang géif kréien. Haut sinn dat ronn 1,2 Milliounen Euro.

Well dat awer scho laang net méi duer geet, fir dem Grand-Duc seng Fraisen ze decken, kritt hien zousätzlech Representatiounskäschten an Héicht vu 744.000 Euro.

Fir d'Personal vum Haff ze bezuelen, dat net scho vum Budget vun der ziviller Lëscht couvréiert gëtt, iwwerweist de Staat eng 7,7 Milliounen Euro am Joer. D'Funktiounskäschten, déi och vum Staat couvréiert ginn, leie bei ronn 726.000 Euro.

Dem Rapport no wier net ëmmer kloer z'ënnerscheeden, wéi eng Aktivitéiten zu de Flichten als Staatschef gehéieren a wéi eng privat sinn.

Aktuell kéint een och net mat Sécherheet soen, dass d'Aktivitéite vun der Fondatioun vum Grand-Duc an der Grand-Duchesse respektiv der Associatioun Stand Speak Rise Up net och zum Deel mat Steiergelder finanzéiert goufen.

Dofir sollt eng zweet Entitéit „La Maison du Grand-Duc“ geschaaft ginn. Esou kéint komplett transparent opgelëscht ginn, wéi eng Aktivitéiten am Laf vum Joer an offizieller Funktioun absolvéiert goufen, a firwat de Budget genee benotzt gouf.

Et misst kloer getrennt ginn, wat mam Privatverméigen a wat mat de Sue vum Staat bezuelt gëtt. De Jeannot Waringo monéiert iwwerdeems, dass déi offiziell Comptabilitéitsreegele vum Staat um Haff net géifen applizéiert ginn. Iwwerhaapt wieren d'Budgets- a Comptabilitéistreegele vum Haff néierens festgehalen.

Nieft Funktiouns- a Personalkäschte finanzéiert de Staat awer nach eng Partie aner Saachen. De Staatsministère iwwerhëlt zum Beispill och nach d'Reese vun der groussherzoglecher Famill, genee wéi verschidden offiziell Receptioune vum Haff. Dat sinn am Schnëtt ronn 250.000 Euro am Joer.

Eng ganz Rei Käschte ginn och vun aneren Administratiounen iwwerholl. Zum Beispill kënnt de Ministère fir nohalteg Entwécklung fir den Ënnerhalt a Renovatioune vum Palais an dem Schlass zu Colmer-Bierg op. Am Joer kommen do ronn 1,6 Milliounen Euro u Käschten zesummen.

Da si Leit aus staatlechen Administratiounen un den Haff detachéiert. Dozou gehéieren zwou Persounen, déi sech ëm den techneschen Entretien am Palais këmmeren, 7 sinn der zoustänneg fir de Park zu Colmer-Bierg an eng weider Persoun ass vun de Ponts-et-Chaussées op Colmer detachéiert. Dat kascht de Ministère fir nohalteg Entwécklung am Schnëtt 660.000 Euro am Joer.

D'Fraise fir d'Sécherheet vun de Wunnengen an d'Police-Eskorte gi vum Verdeedegungsministère comptabiliséiert, ma ginn net bei de Budget vum Haff gezielt, well de Staat fir d'Sécherheet am Land verantwortlech ass.

Adjutante vun der Arméi a Bodyguarde, déi vun der Police detachéiert ginn, sollen d'Sécherheet vun der groussherzoglecher Famill, ob a privater oder offizieller Funktioun, assuréieren. Am Joer sinn dat nach eng Kéier ronn 900.000 Euro zousätzlech.

An och fir d'Telefons- a Postfraise muss den Haff net opkommen. Déi ginn integral vun der Post gedroen. Dës Reegelung geet op Gesetzer aus de Joren 1855, 1884 an 1885 zeréck. Dës goufen zwar am Joer 2000 reforméiert, ma dass den Haff seng Telefons- a Postrechnungen net muss bezuele, gouf bäibehalen. Pro Joer sinn dat tëscht 560.000 a 615.000 Euro, déi der Post am Budget feelen.

Rechent een dat alles zesummen, kann ee soen, dass de groussherzoglechen Haff de Staat a seng Bierger am Joer knapp 15 Milliounen Euro kascht. Ob dat ze vill oder ze mann ass, dat präziséiert den Auteur vum Rapport net. Ma wichteg wier, dass privat an ëffentlech Budgete besser getrennt ginn an dass d'Finanze vum Haff méi transparent geréiert ginn.