Fir e Mëttwoch 14 Auer war d’Ouverture vum 3. Centre de soins avancés zu Ettelbréck an der Däichhal geplangt an e Freideg soll och nach de Centre culturel zu Gréiwemaacher seng Dieren opmaachen. Dës Zentre solle jo d’Maisons médicales ersetzen an d’Spideeler entlaaschten.
Hei kann ee mat enger Ordonnance, déi ee via Téléconsulting vum Hausdokter ka kréien, passéieren. D’Leit kënnen awer och ouni Ordonnance dohinner goen. Si ginn och dann en charge geholl.
De Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf huet betount, dass immens vill Leit gehollef hunn, fir de Centre de soins anvancés méiglech ze maachen a war begeeschtert, wéi motivéiert d’Leit alleguerte waren.
Schonn e Méindeg hat deen éischte Centre de soins avancés an der Luxexpo um Kierchbierg seng Dieren opgemaach. En Dënschdeg dunn deen zweeten zu Esch an der Rockhal.