Am 3. Deel vun eiser Serie iwwert den Natur- a Geopark Mëllerdall si mir e Samschdeg am Kanton Iechternach ënnerwee.

Méi genee zu Bäerdref. Op flotte Wanderweeër kann een hei entspanen an et entdeckt ee kulturell interessant Plazen.

De Bäerdrefer Plateau wär d'Häerzstéck vum Mëllerdall. Sou gëtt gesot. Aus geologescher Siicht ass een hei matten an der Lëtzebuerger Sandstee-Landschaft.

Dëse Plateau ass Deel vum europäeschen Natura 2000. Dëst Netzwierk gëtt et zanter 1979. Mëttlerweil gehéieren eng 26.000 Regiounen dozou. Ënnert anerem also och de Bäerdrefer Plateau. Hei sti bestëmmten Déieren a Planzen ënner Schutz.

Den Numm "Natur- a Geopark Mëllerdall" verréit et schonn. Hei goufen et fréier ganz vill Millen, déi gemuelen hunn. Riets geet vum Mëttelalter.

Zu Bäerdref gëtt et d'HUEL LEE. Dëst ass e Fiels, dee viru ganz ville Jore vu Mënschen ausgehielegt gouf. Schonn d'Réimer hu sech un dësem Steen zerwéiert.

Den Natur- a Geopark Mëllerdall kritt all Joer nees vill Besuch vun den Touristen, déi op Lëtzebuerg kommen oder hei am Land wunnen. Déi "Kleng Lëtzebuerger Schwäiz" kennt groussen Zoulaf.

Kultur an Natur bilden an dësem Geotop e Ganzt. Dës Regioun huet sech awer och en Numm mat senge regionale Produite gemaach. Sou zum Beispill de Kéis, deen a verschiddene Goûten hei produzéiert gëtt.

Am Hierscht reecht Lëtzebuerg seng Kandidatur eran, fir den Unesco-Label "Unesco Global Geopark" fir den "Natur- a Geopark Mëllerdall" ze kréien.

D'Serie am Iwwerbléck