Nodeem am Dezember zejoert en Accord fonnt gouf an der Stoltripartite, gouf dësen e Méindeg de Moien ënnerschriwwen.

"Et gi keng Leit entlooss, et gëtt kee Sozialplang a kee Site zougemaach!" Dat sinn Haaptpunkte vum Accord "Lux2025" tëscht ArcelorMittal, der Regierung an de Sozialpartner. Nodeem am Dezember zejoert en Accord an der Stoltripartite fonnt gouf, ass dësen am European Convention Center um Kierchbierg ënnerschriwwe ginn. Och wann keen entlooss gëtt, bleift et awer dobäi, datt 536 Posten ofgebaut ginn.

En Ofbau vun Aarbechtsplazen, deen awer net op Käschte vun de Salariée vun ArcelorMittal soll goe, huet den Aarbechtsminister Dan Kersch betount. Ronn Hallschent vun deene concernéierte Salariéeën kéinten an d'Preretraite goen, anerer an d'Pensioun, et géife fräiwëlleg Departen ginn an och intern Transferten.

Sou datt mer eis d'Wuert ginn hunn, datt e Maximum vun 280 Leit an eng zukünfteg Cellule de reclassement vun Arcelor Mittal sinn.

D'Zil wier, datt awer mat dëse Leit geschafft gëtt:

Entweder, datt se selwer aktiv sinn an engem anere Betrib, duerch e Prêt temporaire de main d'oeuvre, oder duerch kleng Aarbechten, déi se bei Arcelor Mittal maachen oder duerch Formatiounen.

Et ass déi éischte Kéier, datt am Kader vun engem Accord gefuerdert gëtt, datt de Betrib en Deel vun den ëffentlechen Hëllefen rembourséiert, wann d'Engagement net gehale gëtt. Bis 2025 soll ArcelorMittal 165 Milliounen investéieren:

Wann vun deenen 165 Milliounen just 82,5 Milliounen investéiert ginn, muss Arcelor Mittal Hallschent vun deem, wat se vum Fonds de l'emploi méi bei d'Preretraite bäigeluecht kruten, wéi datt üblecherweis ass, och zréckbezuelen.

Wat d'Sitten betrëfft, huet de Wirtschaftsminister Franz Fayot ënnerstrach datt keen zougemaach gëtt, och net deen zu Dummeldeng. Tëscht 165 an 205 Millioune sollen an den nächste 5 Joer an d'Moderniséierung investéiert ginn:

Dat sinn net nëmmen Investitiounen, fir déi eenzel Sitten ze stäerken, mee och fir d'Aarbechtsplazen do ze erhalen. An och datt ass eng gutt Nouvelle fir Lëtzebuerg als moderne Standuert fir d'Siderurgie matzen an Europa.

An den Ae vum OGBL ass et en Accord, deen de Bléck an d'Zukunft riicht. De Stefano Araujo:

Déi Garantien do hunn als kloert Zil, d'Siderurgie ze preparéieren op den Horizont no 2025. Net just mat dem Erhale vun de Moyen de production, déi mer elo hunn, mee och investéieren an nei Produiten, déi Garantie wäerte sinn, datt d'Siderurgie zu Lëtzebuerg erhale bleift.

Wat de Siège vun Arcelor Mittal betrëfft, gouf betount, datt de Grupp d'Intentioun huet, datt dësen zu Lëtzebuerg bleift. Am deem Kontext soll de Premier en Telefonsgespréich mam Här Mittal hunn. Geplangt ass, datt en neit Gebai fir de Siège um Kierchbierg gebaut gëtt.