PressebriefingLockdown verlängert bis Halleffaaschten

Roy Grotz
D'Tendenz vun de Covid-Neiinfektioune weist net signifikativ no ënnen, sou datt de Lockdown wäert bis Halleffaaschten, de 14. Mäerz, weidergoen.
Pressebriefing Bettel-Lenert
D’Tendenz vun de Covid-Neiinfektioune weist net signifikativ no ënnen, sou datt de Lockdown wäert bis Halleffaaschten, de 14. Mäerz, weidergoen.

Dat huet d’Regierung um Freideg decidéiert.

D’Pressekonferenz resuméiert vum Maxime Gillen

Den entspriechende Gesetzestext fir d’Covid-Restriktiounen, inklusiv d’Zouloosse vun Bistroen a Restauranten an dem Couvre-feu, ass deposéiert a gëtt um Méindeg vun der Santés-Chamberkommissioun diskutéiert.

Enn nächst Woch kënnt dann d’Chamber an der Fuesvakanz beieneen, fir de Vott ze huelen, well d’aktuell Restriktiounen um Buergsonndeg auslafen.

Wéi d’Santésministesch Paulette Lenert sot, wieren d’Neiinfektioune gebrach ginn, d’Situatioun an de Spideeler wier stabel, mee d’nei Souche vum Virus géifen all Previsibilitéit onméiglech maachen.

De Problem wier et awer an de Schoulen ginn, sou datt muss virsiichteg agéiert ginn, fir d’Stabilitéit an d’Maîtrise vum Virus-Verlaf zeréckzekréien. Gëlle Reegel wier nach ëmmer op der Schaff an an der Famill, datt all d’Distanzreegele strikt respektéiert ginn, sou d’Paulette Lenert.

„Am beschten an der Famill bleiwen an deem Krees, wou een ass. An och op der Aarbecht wierklech oppassen ronderëm dat, wou mer entretemps wierklech stabil Erkenntnisser hunn. D’Leit stieche sech u bei klenge Saachen, wärend hire Pausen, wou se zesummen iessen, am Covoiturage. Et gëllt wierklech elo opmierksam ze sinn an all déi kleng oppe Flanken, déi mir vläicht nach hunn an eisem Alldag beschtméiglech z’evitéieren, och grad am privaten Ëmfeld. An och do nach eng Kéier den Appell nach eng Kéier vis-à-vis vun den eelere Leit ganz besonnesch opzepassen. Mir sinn nach net derduerch, d’Impfunge lafen un, mä och déi brauchen hir Zäit bis se hiren Effet hunn, dat dauert.”

D’Paulette Lenert

Wat d’Impfstrategie ugeet, huet de Premier erkläert, dass – sollten déi versprache Liwwerungen an den nächsten zwou Woche wéi geplangt kommen – een déi éischt Phas kéint ofschléissen an déi zweet ufänken, an da Leit iwwer 75 Joer, déi net a Betreiungsstrukture liewen, impfen. D’Invitatioune fir d’Phas 2 ginn d’nächst Woch eraus, fir da vum 22. Februar u kënne geimpft ze ginn. Geplangt ass, fir eng 3.500 Leit d’Woch ze impfen.

De Xavier Bettel (Extrait 1)

Fir déi zweet Phas ginn dann, nieft dem Impfzentrum um Lampertsbierg, nach 3 weider Zentren zu Esch, Ettelbréck a Munneref opgemaach. Dat net well esou vill Leit do misste passéieren, ma fir de Leit et méiglechst einfach ze maachen dohin ze kommen, esou d’Gesondheetsministesch.

Mat Suerge gëtt natierlech op d’Nopeschlänner gekuckt, notamment op Frankräich wou d’Neiinfektiounen am Grand-Est jo quasi explodéiert sinn.

Suergen awer och mam Bléck op Däitschland, well Grenzkontrollen oder Grenzbarragen ëmmer nees e Sujet sinn. De Xavier Bettel huet betount, dass eng Fermeture vun de Grenzen net d’Léisung ass an de Leit net z’erlaben op Lëtzebuerg ze kommen, riskéiert sanitär Konsequenzen ze hunn.

De Xavier Bettel (Extrait 2)

D’Leit aus dem Horeca-Secteur - an net nëmme si - interesséiert, datt d’entspriechend Aiden a Subventiounen verlängert an no uewen ugepasst ginn. Dozou zielt d’Aide de relance a besonnesch och d’Aide coûts non-couverts, déi och fir nei gegrënnt Firmen gëllt. Entspriechend genee Informatiounen gëtt de Mëttelstandsminister Lex Delles den nächste Méindeg.

Wat de Sport ugeet, ginn et zwou Ännerungen am Gesetz, wéi eis de Sportminister Dan Kersch confirméiert huet. Éischtens ginn d’Schnelltester fir all Kompetitiounen obligatoresch. Zweetens gëtt den Jugendsport ënner 13 Joer annuléiert, soubal d’Schoulen am ganze Land nees zou gemaach géife ginn.

Politesch Reaktiounen op de Pressebriefing
D’Tendenz vun de Covid-Neiinfektioune weist net signifikativ no ënnen, sou datt de Lockdown wäert bis Halleffaaschten, de 14. Mäerz, weidergoen.

Regierungsrot: Nei Mesuren, fir de Betriber ënnert d’Äerm ze gräifen, decidéiert

Back to Top
CIM LOGO