D'Aussoe vun der Monica Semedo hei op der Antenn wollt de Premierminister net kommentéieren.

De Xavier Bettel

"Ech hunn et gesinn an ech mengen, et ass am Interêt vun der Madamm Semedo, dass ech net op d'Gespréicher aginn, déi se déi lescht Méint mat verschiddene Leit gefouert huet, dat géif hier net hëllefen. Dofir fir mech, l'affaire est close, an ech wëll net nach Polemik frësch opmaachen an anere Weeër. Ech hunn hir nogelauschtert, dat ass hir Version des faits, basta. Et geet duer, et soll een net mat Bulli werfen an et wier net an hirem Interêt, wann ech elo déi lescht Méint géing relatéieren."D'Europadeputéiert hat am RTL-Interview gesot, d'DP-Parteispëtzt wier méi um Courant vun der Affär gewiescht, wéi se ëffentlech duergestallt huet. Si hätt och de Xavier Bettel perséinlech ëm Rot gefrot. D'Parteicheffin Corinne Cahen wollt d'Aussoen op Nofro hin net kommentéieren.

Schafe vu Maison du Grand-Duc hätt Situatioun berouegt

An der Chamber-Institutiounekommissioun huet de Staatsminister de Point iwwert d'Ëmsetze vum Waringo-Rapport gemaach. A sengem Rapport hat de Spezialbeobtraachte Jeannot Waringo geschriwwen, dass eng Ambiance vun Angscht an Onsécherheet um Haff wier.

Duerch d'Maison du Grand-Duc hätt een elo eng kloer Trennung tëschent Ëffentlechem a Privatem, ma doduerch hätt een och eng Protektioun fir d'Personal geschaaft, wat d'Situatioun berouegt hätt. Et hätt een Transparenz bei de Finanzen a Kloerheet beim Organigramm geschaaft an och eng Sécherheet fir d'Personal.

Waringo-Rapport / Rep. Fanny Kinsch

Den Ament géif zum Beispill nach den Inventaire gemaach ginn, wéi eng Objeten um Haff Privatbesëtz sinn a wéi eng ëffentlech, sou de Premier. De Staatsministère géing reegelméisseg iwwert d'Progrèsen informéiert ginn, dat am Kader vun engem Koordinatiounscomité, mat Vertrieder vum Haff a mam Generalsekretär vun der Regierung. Hei wieren et ewell 8 Reunioune ginn. D'Ambiance beim Personal wier och mëttlerweil besser, seet de Xavier Bettel.

"Déi Informatioun, déi mer kréien, ass, dass duerch déi Funktiounarisatioun, duerch déi Protektioun, déi d'Leit och hunn, déi um Haff schaffen, och eng Berouegung vun der Situatioun mat sech bruecht huet. An ech kréien elo keng Echoen, dass do nees esou en Tournus wier mam Personal, wéi mer an der Vergaangenheet kannt hunn."

De CSV-Deputéierte Léon Gloden huet awer bedauert, datt de Premierminister verschidde Froen iwwert d'Personal net beäntwere konnt: "Wéi vill Leit sinn engagéiert ginn? Wéi vill Leit hunn den Haff an Tëschenzäit verlooss? Gëtt et eng Personaldelegatioun? Op déi Froe konnt en net äntweren, e war e bëssen iwwerrascht, ech krut gesot, ech sollt déi Froen da schrëftlech erareechen."

Weider Kritik vun der CSV gëtt et beim Thema vun der Kommunikatioun: "Op där enger Säit kommunizéiert e perséinleche Beroder vun der Famille Grande-Ducale, e mécht Aussoen, déi een awer net sou als reng privater Natur kann denken, op där anerer Säit ginn Interviewe gemaach, do huet den Här Bettel eis confirméiert, datt do en Deel privat war, en Deel awer net, dat war net mat him ofgeschwat. Mir bedaueren dat, well dat ass d'Haaptfunktioun, oder eng vun den Haaptfunktioune vum Maréchal de la Cour, et steet ganz kloer am Artikel 7 vum Arrêté Grand-ducal, datt si zoustänneg ass fir d'Communication interne an externe." (NDLR: Hei geet et ëm en Interview vum Administrateur vun der Fondatioun du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse Norbert Becker am Paperjam a vun engem Interview vun der Groussherzoglecher Koppel am Paris Match)

D'Oppositioun an der Chamber kritiséiert donieft, datt d'Maison du Grand-Duc iwwert en Arrêté Grand-Ducal geschaaft gouf an net per Gesetz. De Xavier Bettel huet ervirgestrach, datt d'gesetzlech Basis duerch d'Verfassungsreform géif confirméiert ginn.

De Xavier Bettel

"Soubal d'Verfassungsreform duerch ass, déi net a mengen Hänn läit, dat läit bei der Chamber, ass do wierklech Beton wéi Beton. Mee och deen Text, dee mer ugeholl hunn, op där Manéier ass legal, dat hunn och all déi Institutiounen, déi mat eis geschafft hunn, ob dat elo mat der IGF iwwert d'Finanzen, ob dat mam Personal mat der Fonction publique, awer dee Wee war, deen awer sou séier wéi méiglech déi Garantie konnte ginn.

Eis ass et drëms gaangen, deene Leit, déi och do schaffen, sou séier wéi méiglech Garantien ze ginn, dat war eis Missioun an déi ass accompli. Elo, wann d'Chamber bis den Text an d'Verfassung gestëmmt huet, da si mer do weider komm. An da gëtt et nach dee Punkt vum Hofmarschall, wou och elo an engem Text vun der Fonction publique nach dra kënnt, fir dat ze festegen."

Déi rezent Kritik vum Léon Gloden, de Premierminister géif Leit aus den eegene Reien um Haff placéieren, wollt de Xavier Bettel net gëlle loossen: "Wann ech gesinn, wéi eng Leit agestallt goufen, da sinn der vill méi, déi dem Här Gloden no stinn, wéi mir nostinn. An déi, déi mer no stinn, politesch, waren een eng Kéier de Choix vum Grand-Duc, deen den Här (Norbert) Becker genannt huet, mech informéiert huet, dass en e genannt huet, och wéi en den Här (André) Prüm genannt huet an déi aner Leit sinn e Choix vun der Hofmarschall."

De Xavier Bettel bleift och bei senger Positioun, datt d'Maison du Grand-Duc keen eegent Gesetz brauch, d'CSV an och d'adr fuerderen dat awer nach ëmmer.

Gëtt Prioriséierung bei der Impfcampagne respektéiert?

De Covid-19-Vaccin ass nach knapp am Land. Dofir leet déi national Impfstrategie fest, wien de Vaccin prioritär soll kréien. Ma gëtt dës Prioriséierung agehalen?

De Xavier Bettel ass nach net geimpft. Dat sot de Premier op RTL-Nofro. Hie géif sech un d’Impfstrategie halen an deemno mat der Grupp vun de 45-54 Joer alen drukommen.

An der aktueller 1. Impfphas gëtt jo d’Personal aus dem Fleege- a Gesondheetssecteur geimpft. Grad esou wéi d’Awunner aus den Alters-, Fleege- a Behënnertenheemer. D’Fro stellt sech awer, ob soss net awer net eligibel Leit virgezu ginn?

Wéi de Radio 100,7 de gemellt huet, goufen de President an d’Vize-Presidente vum Verwaltungsrot vun den Hôpitaux Robert Schuman schonn am Januar zesumme mam Spidolspersonal geimpft. D’Klinik huet eis dat confirméiert. D’Erklärung wier, datt dës 3 Persoune reegelméisseg fir Reuniounen an d’Spidol kéimen a relevant wäre fir de Fonctionnement.

De Premier Xavier Bettel sot, hie kéint hei keng Aschätzung ginn, ob dat justifiéiert wier oder net.

De Xavier Bettel

"Ech ka schlecht beurteelen, wéi de Kontakt mat deene Leit ass, och mat Leit, déi am Spidol direkt interagéieren. Mir hunn de Spideeler Impfungen zoukomme gelooss, si hunn d'Impfungen och organiséiert. Ech sinn do net am daily business vun engem Spidol, fir Iech ze soen, ob dat opportun ass oder net, ob déi Leit all Dag an d'Spidol eraginn oder net eraginn. Mam beschte Wëlle kann ech Iech dat net beurteelen."

Den Escher Centre Hospitalier Emile Mayrisch, d’Nordspidol an de CHL soten op eis Nofro, si hätten hire Membere vum Verwaltungsrot, déi net souwisou zum Spidolspersonal gehéieren, keng Impf-Invitatioun zoukomme gelooss.

Eisen Informatiounen no kruten an der Lescht awer och Persounen Invitatioune geschéckt, déi net prioritär sinn. Zum Beispill verschidden Educateuren aus Maison Relaisen.

Dat confirméiert eis och d’Direktesch vun der Fondatioun St. Elisabeth, dem Grupp, deen Altersheemer a Maison Relaise geréiert. Si selwer wéisst net, wéi dat méiglech wier, seet déi Responsabel. D’Haiser selwer géifen nämlech keng Personal-Lëschten un d’Santé areechen.

Handelt et sech hei einfach just ëm en administrative Feeler vun der Santé? Mëtt Januar scho waren esou eng 100 Invitatioune falsch verschéckt ginn. Bis Redaktiounsschluss ass d’Santé eiser Demande no Explikatiounen net nokomm.