D'Logistik an den Impfzentere klappt. Den Ament lafe Preparatiounen, fir d'Kapazitéiten eropzefueren, fir vill Leit bannent kierzter Zäit ze impfen.

Mee et feelt um Wichtegstem: Dem Impfstoff. Dobäi kënnt, dass dee vun AstraZeneca ëmmer méi ëmstridden ass. No enger Rei Länner huet och Däitschland decidéiert, dëse Vaccin wéinst méiglechen Niewewierkungen op Äis ze leeën.

Wéi gesäit d'Situatioun zu Lëtzebuerg aus? Wéi vill Vaccinen hu mer? Wat ass z'erwaarden?

Dës Woch sollt Lëtzebuerg u sech 5.030 Dosisse vum Impfstoff vun AstraZeneca geliwwert kréien. Um Enn wäerten et der nëmmen 2.400 sinn. D'nächst Woch sollten et 12.221 Dosisse sinn. Do ginn elo just 1.500 Stéck erwaart. Also bal 90% manner wéi virgesinn.

"Dann ass et - pardon Här President - awer immens schwéier fir Iech, elo kënnen hei ze soen, wéini, wie geimpft gëtt a wéini déi nächst Phas kënnt? Wa mer esou Incertituden hu mat verschiddenen Impfungen", sou de Premier e Freideg an der Chamber.

Eng Ongewëssheet, déi net just Lëtzebuerg trëfft, mee an der ganzer EU fir Spannunge suergt. An Éisträich souguer bannent der eegener Regierung.

Den Ament sinn op Basis vun Autorisatioune vun der Europäescher Medikamentenagence 4 Vaccinen an der EU zougelooss: Deen duerch Export-Restriktiounen aus den USA a Groussbritannien ausgebremsten AstraZeneca. En Impfstoff, deen duerch Niewewierkunge bedéngt och a Fro gestallt gëtt. Als méi zouverlässeg ginn d'Vaccine vu Biontech a Moderna dogéint agestuuft. Iwwerdeems dee vun Johnson & Johnson d'lescht Woch gréng Luucht krut an am Abrëll geliwwert soll ginn. Als 5. méiglechen Impfstoff kéint dee vu CureVac nach virum Summer derbäi kommen.

"Mir ass et zimmlech Wurscht, wéi d'Impfung heescht"

E Saz, mat deem de Premier, och hei zu Lëtzebuerg, d'Dier fir en Iwwerraschungsgaascht opstéisst, dee méi wéi jee och an der EU agesat kéint ginn. De russesche Sputnik V. Dee vun engem russesche Verméigensfong finanzéiert gouf an zu 91,6 % effikass wier. D'Wierksamkeet gëtt den Ament vun der Ema gepréift.

"Et ass awer elo verfréit, fir Iech ze soen, wéi dat ganz genau ka weidergoen. Well mer nach net méi spéit wéi (dës) Woch Rendez-vous hunn tëscht eise Servicer, mat de russeschen Autoritéiten hei zu Lëtzebuerg, fir ze wëssen, wat ka kommen? Ma virun allem wéi? Dat heescht: Wéi eng Temperaturen? Wéi en Delai sou e Vaccin, wann en hei ass, muss occuléiert ginn, fir datt en och nach seng Wierkung behält", huet de Xavier Bettel betount.

Als éischt missten all déi technesch Froe beäntwert a politesch Decisioune geholl ginn, ob Lëtzebuerg de russesche Vaccin dann elo keeft. Gespréicher op héchstem Niveau lafen. Egal wéi d'Impfung heescht, Lëtzebuerg wier logistesch prett, iwwer 95.000 Leit d'Woch géint de Covid-19 ze vaccinéieren, sou d'Rechnung vum Premier virun den Deputéierten. Ma dofir géif een Impfstoff brauchen.