Lëtzebuerg impft nees mat AstraZeneca
Nodeems d'Ema no enger Analys de schwedesch-brittesche Vaccin als sécher agestuuft huet, deelt d'Santé mat, dass nees mat AstraZeneca geimpft gëtt.
Wéi et heescht, kënnt den AZ-Impfstoff vun e Freideg un nees an den Asaz. Domadder dierft den Impfplang dann och net weider op d'Kopp gehäit ginn.
D'Santé géing d'Sécherheet ëm d'Vaccinatiounen eescht huelen, sämtlech Impfstoffer géife gepréift ginn.
No den Nouvellë vun Thrombosefäll bei Persounen, déi rezent mat deem Vaccin geimpft goufen, haten eng 15 europäesch Länner, den Impfstoff kuerzfristeg zréckzeginn, dorënner och Lëtzebuerg. Am spéiden Donneschdegnomëtteg hunn d'Ema-Experte betount, den AstraZeneca wier sécher an effikass. Et gëtt also kloer weider recommandéiert, d'Leit mat AstraZeneca ze impfen.
Also och hei am Land.
Ema: "AstraZeneca wierkt, ass zouverlässeg a sécher"
D'Ema huet eng ausféierlech Analyse gemaach, huet den Direkter vun der Santé, de Jean-Claude Schmit, an eisem Owesjournal op der Antenn explizéiert. Si hätt iwwer 20 Milliounen Administratioune vun deem Impfstoff nogekuckt an hätt just eng ganz kleng Zuel Thrombose fonnt. Eng Zuel, déi esou kleng wier, datt et keng Ursaach géif, AstraZeneca net méi ze benotzen.
De Jean-Claude Schmit seet, et wier hei ganz transparent geschafft ginn a Lëtzebuerg hätt sech déi temporär Ënnerbriechung jo och kënnen erlaben. Et hätt kee Rendez-vous missten ofgesot ginn an den Impfplang géif dowéinst och net hannendra geroden.
Esou wéi d'Ema et recommandéiert, géifen déi Leit, déi AstraZeneca kréien opgekläert a ginn och kloer drop higewisen, op wéi eng Symptomer se an deenen zwou Wochen nom Vaccin mussen oppassen.
Schreiwes vun der Santé
| Le Luxembourg reprend la vaccination avec AstraZeneca (18.03.2021) | |
| 
 | |
| 
 L’Agence européenne des médicaments (EMA) a présenté aujourd’hui, 18 mars, les résultats des analyses du comité de sécurité (PRAC) portant sur un certain nombre de problèmes sanguins survenus chez des personnes ayant récemment été vaccinées avec le vaccin AstraZeneca (AZ). Selon l’EMA, le vaccin AstraZeneca est sûr et efficace dans la prévention des hospitalisations et des décès dus au COVID-19. Sur la base des preuves examinées par l'EMA, les avantages du vaccin d'AZ l'emportent largement sur les risques d'effets secondaires. Le Luxembourg reprendra ainsi la vaccination avec le vaccin AZ à partir du vendredi 19 mars dans le cadre de la campagne de vaccination. Le gouvernement prend la sécurité des vaccins très au sérieux. Une surveillance étroite est assurée pour tous les vaccins. La campagne de vaccination sauve des vies en protégeant le plus rapidement possible les personnes les plus vulnérables aux conséquences du COVID-19 et ouvre la voie à l'endiguement de ce virus. Lien vers le communiqué de l’EMA : https://www.ema.europa.eu/en/news/covid-19-vaccine-astrazeneca-benefits-still-outweigh-risks-despite-possible-link-rare-blood-clots. | 
 
                     
                     
                     
                    