Deel 4 - Noumerleeën, Bësch am Sandsteen
Dës Woch weise mer Iech wat spezifesch un de Lëtzebuerger Bëscher an de verschiddene Regioune vum Land ass.
Vu Bichen, Louhecken a Fiichten
Een Drëttel vum Lëtzebuerger Territoire si Bëscher. Och wann de Grand-Duché vun der Fläch hier ee vun de klengste Staaten ass, sinn d'Bëscher an alle Regioune ganz verschidden. D'Problemer déi se hunn, duerch méi waarm Temperaturen a manner Reen, sinn änlech.
Dës Woch weise mer Iech wat spezifesch un de Lëtzebuerger Bëscher an de verschiddene Regioune vum Land ass. Vill Geschichte gëtt et ze zielen, iwwert d'Bëscher am Éislek bis erof an de Minette.
Deel 4: Noumerleeën, Bësch am Sandsteen
Mam Bësch um Sandstee komme mer an der leschter Regioun vum Land un an hunn domat am Prinzip déi 4 Typpe vu charakteristesche Bëscher zu Lëtzebuerg gesinn. D'Fondatioun Hëllef fir d'Natur vu natur&ëmwelt huet an de leschte Jore selwer 750 Hektar Bësch uechtert d‘Land Opkaf mam Zil, dës nees méi fit ze maachen. D‘Buchebëscher sinn typesch fir de Sandsteen. D‘Noumerleeë sinn als Natura2000-Gebitt ausgewisen a sollen zum Naturschutzgebitt ginn. Besonnesch op de Koppe vum Sandstee fënnt een op de méi dréchene Plazen d‘Buche-Bëscher. Well d‘Närstoffer ausgewäsch sinn, ass de Buedem op dëse Plaze méi sauer.
Deel 3: De Bësch am Minett: Bichebësch an Trockenrasen
Serie "Lëtzebuerger Bëscher": Deel 3 - De Bësch am Minett: Bichebësch an Trockenrasen
Deel 2: De Bësch am Osten, Manternacher Fiels an d’Eechebësch
Serie "Lëtzebuerger Bëscher": Deel 2 - De Bësch am Osten, Manternacher Fiels an d’Eechebësch