Zwar géing begréisst ginn, dass de Bachelor fir d’Infirmièren endlech en neit Fundament krut, ma nach wier Diskussiounsbedarf do.
Den OGBL hat kritiséiert, datt d’Reform realitéitsfriem wier. D’Gewerkschaft huet begréisst, datt e Bachelor fir Fleegepersonal agefouert gëtt, allerdéngs misst de BTS ofgeschaaft ginn. Dee géing zu puer Klasse vu Fleegepersonal féieren, amplaz de Beruff opzewäerten. Inacceptabel wier och, d’Ausbildung vum „Infirmier spécialisé“ mam „Infirmier en soins généraux“ gläichzestellen.
Dat war och der Aleps en Dar am A, déi proposéiert Reforme wieren net koherent. 3 Zorten Infirmiersdiplomer wier e Gewulls. An och d’Aleps fuerdert, dass de BTS-Diplom fir den Infirmier ofgeschaaft an eng eenzeg koherent Ausbildung op Bachelor-Niveau, wéi dat an de meeschten EU-Länner de Fall wier, fixéiert soll ginn.
En Dënschdeg gouf de Bachelor fir d’Infirmièren an der Chamber debattéiert. An deem Kader haten 12 Associatiounen (ALAS, ALEPS, ALSF, ALATMC, ALIAR, ALIP, ALIPS, ANIL, LCGB, OGBL, Patientenvertriedung an UNEL) zu engem Protestpiquet
opgeruff, där eng 500 Leit och nokomm sinn. Den aktuelle Projet soll vum Dësch, sou d’Fuerderung vun den Associatiounen. D’Reform wär iwwert hire Kapp ewech decidéiert ginn. De Secteur wëll mat an d’Reform agebonne ginn.
Am Cercle war um Dënschdeg och en Debat iwwert eng Petitioun, déi sech fir eng koherent Reform an eng Opwäertung asetzt. E Student hat d’Petitioun lancéiert. Knapp 4.900 Leit hu se ënnerschriwwen.
D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den Educatiouns- an Héichschoulminister Claude Meisch hunn an der Chamber hir Vue vun der Reform erkläert. Si wär net sou pessimistesch, e grousse Schratt wär gemaach ginn, sot d’Paulette Lenert. Fir d’Attraktivitéit vum Beruff wär een um richtege Wee an un den Inhalter vun de Gesondheetsberuffer géif ee schaffen. Et wär e prioritären Dossier.
De Claude Meisch huet ënnerstrach, datt ee jo effektiv de Bachelor aféiert, sou wéi dat gefuerdert gëtt. Op eenzele Punkte wär een no beieneen. Fir net ze riskéieren, nach manner Leit auszebilden wéilt een de BTS bäibehalen. An enger Rei Jore misst een awer evaluéieren, ob déi Ausbildung op zwee Niveaue Sënn mécht. De Minister Meisch huet zu dësem Ament awer kloer virdru gewarnt, de BTS ofzeschafen, well Personal feelt an d’Situatioun ganz fragil wär. Och an anere Länner hätt een den Infirmièresberuff akademiséiert – also eng Unisausbildung draus gemaach - mä dat wär net vun haut op muer gaangen.
Eng Rëtsch nei Programmer: Nei Bachelorstudiegäng fir Gesondheetsberuffer geplangt
OGBL: Reform wäert Beruff net op, mä schaaft Klasse vu Fleegepersonal
Aleps: 3 Ausbildunge fir den Infirmiersberuff ass e Gewulls