An der Affär ëm e presuméiert Affer vu sexueller Gewalt, dat sollt expulséiert ginn, gesäit d'Asti e generelle Problem.

Ausgesaten Expulsioun vu jonker Fra / Rep. Fanny Kinsch

Et gëtt eng Diskrepanz tëschent der Lëtzebuerger Rhetorik iwwert d'Mënscherechter op internationalem Plang an deem, wat hei am Land an der Immigratiounspolitik geschitt - dat seet d'Asti am Zesummenhang notamment mam rezente Fall vun engem presuméierten Affer vu sexueller Gewalt. Déi concernéiert Fra krut hire Pass ofgeholl, nodeems si Plainte gemaach huet, well hir Pabeieren net an der Rei wieren. Mëttlerweil krut si hire Pass zréck a si kann ufroen, datt hir Expulsioun ëm 6 Méint verréckelt gëtt. Dass d'Prozedure wéinst hirer Plainte bis dohin ofgeschloss sinn, bezweifelt d'Jessica Lopes, Assistante sociale bei der Asti.

"Ech gleewe guer net drun, datt dat a 6 Méint gereegelt ass an ech huelen un, dass mer do eng Verlängerung wäerte mussen ufroen. Déi Persoun, déi bleift awer an engem Limbo am Moment, well si huet awer kee Recht ze schaffen. An et freet sech och keen, wéi si an der Tëschenzäit iergendwéi iwwerlieft. Do gëtt et warscheinlech iergendwéi vun der Zivilgesellschaft opgefaangen, esou vill et méiglech ass, woubäi ech muss soen, dass et fir Leit, déi keng Pabeieren hunn, wierklech net ganz vill gëtt."

De Fall géing och kloer aner Affer vu Gewalt, deenen hir Pabeieren net an der Rei sinn, decouragéieren, bei d'Police ze goen, esou d'Asti. D'Associatioun fuerdert dowéinst, datt Leit ouni Openthaltsgeneemegung kënne bei d'Police goen, fir Plainte ze maachen, ouni datt d'Police se bei der Immigratiounsdirektioun mellt.

Déi concernéiert Fra, eng jonk Brasilianerin, koum mat engem Toursitevisa op Lëtzebuerg. Du koum d'Pandemie. Wärend e puer Méint gouf kee méi vu Lëtzebuerg heemgeschéckt, ma d'Fra ass och duerno bliwwen an huet irregulär geschafft. Si hätt awer sexuell Gewalt duerch hire Patron erlieft an ass dowéinst mat enger Assistante sociale vun der Asti eng Plainte deposéiere gaangen. Do krut si hire Pass agezunn a si krut gesot, si hätt 30 Deeg Zäit, fir d'Land ze verloossen. Souwuel d'Police, wéi d'Immigratiounsdirektioun hätten dat gemaach, wat se sollten, seet den zoustännege Minister Jean Asselborn.

"Déi hu sech genee un dat gehalen, wat d'Reegel ass. Datt Leit, déi ouni Autorisatioun fir hei kënnen ze liewen, déi kréie gesot, dass se d'Land musse verloossen. Dat ass e Gesetz, dat hänkt vu mir of oder vun engem Beamten an der Immigratioun, dat ass e Gesetz, dat muss agehale ginn."

Mëttlerweil gouf der Fra hir Expulsioun awer op Äis geluecht a si krut recommandéiert, eng Demande fir e "Report à l'éloignement" ze maachen. D'Asti begréisst dat, ma et géing ee sech awer méi Explikatioune wënschen, seet d'Assistante sociale Jessica Lopes.

"Eis Fro ass elo, heescht dat, dass wann eng Persoun bei d'Police geet, fir Plainte ze maachen, sief et wéinst Ausbeutung oder Aggressioun, heescht dat, dass een dann normalerweis keen Eloignement kritt? Ass dat da sou, dass der presuméierter Victime Zäit gelooss gëtt?"

Dat géing nämlech och fir aner Leit eppes änneren, d'Majoritéit vun de Leit, déi irregulär hei am Land wieren, wieren Affer vun Exploitatioun a Gewalt, ma géinge sech net trauen, bei d'Police ze goen.

"Ech géing mech driwwer freeën als Assistante sociale, wann ech d'Leit, déi ech gesinn am Alldag, an déi ausgebeut ginn, dozou kéint encouragéieren, bei d'Police ze goen, an ech wier sécher, dass eppes géing gemaach ginn. Well ech denken, dat wier e richtege Kampf géint Ausbeutung a Mënschenhandel. An dat maache mer awer net."

D'Asti fuerdert dofir, datt d'Police presuméiert Affer vu Gewalt net bei der Immigratioun denoncéieren duerf.

"D'Kanner, déi sech an der Schoul aschreiwen, do geet d'Schouldirektioun och net der Immigratioun Bescheed soen. Do ass jo eng Schoulflicht, och fir Kanner, déi keng Pobeieren hunn. En Dokter dierf der Immigratioun och net uruffen. An ech denken, esou Situatiounen, wou d'Persoun fräiwëlleg bei d'Police geet, fir eng Plainte ze maachen, dat sinn esou Situatiounen, wou d'Persoun och muss déi Garantie hunn, dass déi Situation de séjour net consideréiert gëtt."

Nach dëse Mount soll et zu enger Reunioun tëschent dem Immigratiounsminister an der Asti kommen, fir iwwert dëse Fall a seng Implicatiounen ze schwätzen.