Grande-Duchesse kritt Uno-Titel
D'Grande-Duchesse Maria Teresa gouf e Freideg vun der Uno als "Championne de la lutte contre les violences sexuelles liées aux conflits" ausgezeechent.
Zu engem Moment, an deem keen iwwert dës Crime geschwat hätt a kee sech dofir responsabel gefillt hätt, hätt d'Grande-Duchesse refuséiert, fortzekucken, sot d'Uno-Spezialbeoptraagte Pramila Patten, déi hir den Titel iwwerreecht huet. D'Fanny Kinsch huet mat der Grande-Duchesse iwwert hiert Engagement geschwat.
Ugefaangen huet et 2019 mam Forum "Stand Speak Rise Up!", bei deem mat Temoignage vu concernéierte Fraen op de Problem vu Viollen als Krichswaff opmierksam gemaach gouf. Mëttlerweil gouf eng Associatioun mam selwechten Numm gegrënnt, déi Projeten ënnert anerem am Kongo, am Sudan an a Somalia ënnerstëtzt. Wärend der Pandemie wier si vu Frae kontaktéiert ginn, déi a verzweiwelte Situatioune waren, seet d'Grande-Duchesse.
Et war eng, déi huet mer gesot,"Ech hunn zwee Choixen", dat war an Afrika. "Entweder bleiwen ech doheem an ech stierwen, well ech muss eraus fir d'Suen, fir z'iessen, oder ech ginn eraus an ech kréien de Covid - wat maachen ech, fir mech a fir meng Kanner?" An do huet mer vill gehollef mäin Investissement bei de Microcreditter a meng Frëndschaft mam Professer Yunus (Muhammed Yunus, bengaleschen Ekonomist a Friddensnobelpräisdréier a Member vum SSRU-Verwaltungsrot), well do hunn ech geduecht, ech schécken dir d'Suen, fir en Terrain ze kafen an do kanns de Agrikultur maachen, fir Uebst a Geméis an alles, wat s de brauchs, fir z'iwwerliewen, fir dech an deng Communautéit vu Fraen an äre Kanner.
Datt si elo fir hiert Engagement ausgezeechent gouf, wier eng grouss Éier an eng Responsabilitéit.
"Et ass eng grouss Éier an eng Responsabilitéit. Eng Responsabilitéit, weider ze schaffen fir déi Fraen, a fir eng Porte-voie ze sinn, fir eng Stëmm ze sinn, fir déi Fraen. Ech fannen, datt dat eppes ass, dat ech op menger Plaz maache kann. Eng Visibilitéit ginn, fir déi, déi keng Visibilitéit hunn. Dofir ass dat immens wichteg fir mech a leider weist d'Aktualitéit eis, datt d'Situatioun dramatesch ass, speziell am Afghanistan, fir d'Fraen, a mir hu vill vill Aarbecht ze maachen."
Wéi ee Roll déi international Communautéit elo spille misst, wéilt si net kommentéieren.
Ech hunn ëmmer ganz staark opgepasst, net déi Zwee ze melangéieren. Politiker mussen hir Aarbecht maachen an hir Responsabilitéit assuméieren. Mir hu Chance, datt den Här Asselborn ganz haart iwwert d'Fraen am Afghanistan schwätzt, an et sinn der net vill, déi sou schwätze wéi hien. Mä op menger Säit maachen ech vun engem humanistesche Point de vue alles, wat ech kann, fir déi Fraen.
Berode gëtt d'Grande-Duchesse dobäi vun der Chékéba Hachemi, si ass Presidentin vun der ONG "Afghanistan Libre" an Tresorière vu "Stand Speak Rise Up". Zanter den 90er Jore sëtzt si sech fir d'Rechter vu Fraen a Meedercher am Afghanistan an an huet elo misse materliewen, wéi hir Aarbecht a wéinege Wochen zerstéiert gouf.
"On a réussi à former, éduquer 300'000 jeunes filles aujourdhui on a réussi à formé 3'000 filles qui font du digitale et des codeuses, dans les villages les plus réculés, où il n'y a même pas d'éléctricité, on fait ça grace aux paneaux solaires, et que tout d'un coup vous voyez que tout ça se referme d'un coup. Donc ma souffrance est double, l'Afghane qui s'est battue autant d'années pour que ces autres compatriotes aient accès à toutes ces ouvertures, et la française européenne, qui souffre parce qu'on se sent tellement démunie de voir que nos gouvernements n'ont rien fait, on laissé passé ça et que - tout ça pour ça en fait, c'est ça ma phrase, qui me met dans cette tristesse énorme de se dire - tout ça pour ça?"
D'afghanescht Vollek wier einfach den Terroristen iwwerlooss ginn an et hätt een hinnen nach de Schlëssel ginn.
RTL-News: Afghanesch Fraerechtlerin op Besuch zu Lëtzebuerg - "Tout ça pour ça?"
D'Trennung vun de perséinlechen Engagementer vun der groussherzoglecher Koppel, iwwert d'Fondatioun vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an iwwert d'Associatioun "Stand Speak Rise Up" vun der Grande-Duchesse, an der offizieller Funktioun vum Staatschef waren een Thema am sougenannte Waringo-Rapport. Duerch d'Reform vum Haff zejoert sollt dës Trennung, notamment och um finanzielle Plang, méi kloer gemaach ginn. Am Kader vun der Éierung vun der Grande-Duchesse vun der UNO hu mir d'Fra vum Staatschef gefrot, wéi een Impakt d'Reform op hiert humanitäert Engagement hat.
Wat geschitt ass, ass eng Saach, déi ech net verstanen hunn, datt gesot ginn ass, dat wat ech maachen am humanitäre Beräich, huet näischt ze dinn mam Offiziellem. Ech verstinn dat net, mä dat empechéiert mech net. An Dir gesitt dat haut den Owend, et wäert weider goen, a ech wäert mengem Wee nozegoen. Ech weess u wat ech gleewen. Ech gleewen an dës Institutioun, ech hunn immens gär dëst Land, deem ech duerch mäin Engagement déngen. An déi kleng Detailer do, wéi a wou a wat, interesséiere mech net. Ech hu vill Aarbecht an et ass eng wichteg Aarbecht, och fir dëst Land.
An engem Interview a Paris Match am Januar hat d'Grande-Duchesse zu der Reform vum Haff gesot, et géing eng gewësse Misogynie matspillen, wann d'Fra vum Groussherzog ausgeläscht géing ginn. Si géing dat och haut nach ëmmer sou gesinn.
Jo, natierlech, ech gesi ganz kloer, datt, wann een net a Consideratioun huet d'Fra vum Staatschef an d'Ierfgroussherzogin och, am Schreiwes, wat heescht dat fir Iech?
Wéi géing Dir dat nennen?, freet d'Grande-Duchesse. De Jeannot Waringo hat a sengem Spezial-Rapport op eng Rei Dysfonctionnementer um Haff higewisen, déi engersäits mat engem Manktem vun Transparenz bei de Finanzen an anerersäits mat Problemer mat der Personalgestioun ze dinn haten. De fréiere Chef vun der Finanzinspektioun hat vun enger Atmosphär vun Angscht geschwat. An der Suitte vum Rapport gouf den Organigramm vum Haff mat der Reform geännert, d'Fra vum Grand-Duc huet dora keng Plaz méi.