Pauschal Aussoe géint Entreprise kann een net esou stoe loossen

© RTL
D'Aussoe vum RTL-Invité Jean-Louis Zeien wiere pauschaliséiert, sou den Direkter vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisë de Jean-Paul Olinger.
D'Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisë kann net am Numm vun der Fedil schwätzen, ma wëll d'Aussoe vum Co-Coordinateur vun der „Initiative pour un devoir de vigilance“ Jean-Louis Zeien, deen den Donneschdeg de Moien Invité vun der Redaktioun war, esou net stoe loossen. Dat wär pauschaliséiert, sou hiren Direkter de Jean-Paul Olinger.
Den Interview op der RTL-Antenne wier e bëssen "surreal" gewiescht, sot de Jean-Paul Olinger an enger Reaktioun. "Mir hunn een Aarbechtsgrupp ënnert der Leedung vum Ausseministère an et ass schued, dass d'Initiative ëmmer wëll mat medialen Eruptiounen op sech opmierksam maachen. Déi pauschaliséiert Uschëllegunge géint Lëtzebuerger Betriber sinn natierlech net haltbar."
De Jean-Louis Zeien hat den Donneschdeg de Moie gesot, och zu Lëtzebuerg géingen et Entreprise ginn, déi mat Violatioune géint d'Mënscherechter a Verbindung bruecht kéinte ginn. Fir dee Problem ze eliminéieren, bräicht et een nationaalt Gesetz, duerch dat d'Betriber obligéiert wieren, och an hirer Liwwerketten een An op d'Anhale vun de Mënscherechter ze halen.
Lëtzebuerg hätt Gesetzer, zum Beispill am Aarbechtsrecht, a wann déi net géifen agehale ginn, da wier natierlech de Rechtssystem zoustänneg, sot de Jean-Paul Olinger a senger Reaktioun. "Do si mir absolut bei der Politik, dass dann déi Entreprisen natierlech hir Strof kréien."
Donieft géif probéiert ginn, een europäesche Kader opzesetzen: "D'EU-Kommissioun huet gesot, dass se kee Flicken-Teppech vu 27 nationale Legislatioune wëll. An déi dräi ugeschwate Gesetzer vu Frankräich, Däitschland an Holland, déi applizéieren sech just op ganz grouss Betriber vun deene mir hei zu Lëtzebuerg bal keng hunn. An dofir geet et drëm den europäesche Kader ofzewaarden an da kënne mir eis an dem Kader natierlech positionéieren."
Donieft wier et wichteg ze soen, dass een zesumme mat „Initiative pour un devoir de vigilance“ e Pakt ausgeschafft hätt, deen d'Entreprisë soll op den europäesche Kader virbereeden. Et hätt kee Wäert, 27 verschidden national Gesetzer ze hunn, dat géing et den Entreprisen enorm schwéier maachen, sou de Jean-Paul Olinger.