Fuerschungsprojet "Sicheres Klassenzimmer"An de Klassesäll gi Loftfilteren eleng net duer

Lynn Cruchten
Dass mobil Loftfilteren eleng keng Wonner bewierken, zu där Erkenntnis koumen an hirem Tëschebilan och d’Fuerscher vun enger däitscher Etüd.
An de Klassesäll gi Loftfilteren eleng ginn net duer
Dass mobil Loftfilteren eleng keng Wonner bewierken, zu där Erkenntnis koumen an hirem Tëschebilan och d’Fuerscher vun enger däitscher Etüd.

Zënter November 2020 stinn zu Bartreng an alle Klassesäll, Maison-Relaisen an an der Museksschoul jee zwee Loftfilter-Apparater, déi d’Raumloft botzen. Insgesamt sinn et der méi wéi 170 Stéck.
D’Monique SMIT-THIJS, designéiert nei Buergermeeschtesch vun der Gemeng Bartreng: “Eiser Meenung no ass et scho wichteg, fir dat wat ee ka maachen, dat dann och ëmzesetzen. Natierlech sinn all déi aner Moossnamen och ganz wichteg gewiescht. Mir hunn och direkt gesot, datt d’Lëfte vun de Klassen,ëmmer weider gemaach gëtt, an dat prioritär bleift. Et ass u sech eng extra Mesure an der ganz grousser Panoplie u Mesuren, déi mir ergraff hunn, a wou mir gemengt hunn, do kënne mir eppes hëllefen.”

Dass mobil Loftfilteren eleng keng Wonner bewierken, zu där Erkenntnis koumen an hirem Tëschebilan och d’Fuerscher vun der Etüd “Sicheres Klassenzimmer”. A méi wéi 230 Klassesäll an a ronderëm München gouf mat Hëllef vu spezielle Miessapparater, bei ënnerschiddleche Lëftungsmethoden d’Loftqualitéit analyséiert.

De Prof. Dr. Christian Schwarzbauer, Professer fir Medezintechnik Hochschule München: “Dabei hat sich eben rausgestellt, dass Fensterlüften, wenn es gut gemacht wird, schon ganz gut funktionieren kann. Also 75 Prozent der teilnehmenden Klassen lagen da eigentlich unter den Leitwerten.”

Bei mobille Luftreiniger wier d’Loftqualitéit allgemeng méi schlecht gewiescht.

De Prof. Dr. Ch. Schwarzbauer: “Ich denke ein Klassenzimmer, wo solche Geräte stehen, geht man intuitiv davon aus, dass die Luft ja gefiltert wird und vergisst dann schon mal das Fenster aufzumachen, man darf ja nicht vergessen, die Geräte filtern kein CO2, sondern nur Aerosole und man brauch trotzdem frische Luft.”

Wat den Infektiounsschutz ubelaangt, géifen d’Loftfilteren awer hiren Zweck erfëllen, wa se da richteg agestallt wieren. Den Dr Schwarzbauer ënnersträicht awer och, dass nieft dem Lëften an de Loftfilteren, d’Maske weider wichteg wieren, fir den Infektiounsrisiko ze reduzéieren. Et wier och ze begréissen, wa wéi zu Lëtzebuerg de Fall, all d’Klassesäll mat CO2-Miessapparater equipéiert wieren. Woubäi et hei op d’Unzuel vun de Leit am Raum ukéim.

De Prof. Dr. Ch. Schwarzbauer: “Wenn wenig Schüler und Schülerinnen drin sind, also sagen wir mal unter 15 oder unter 10 sogar, dann sollte man sich nicht drauf verlassen, weil dann dir CO2-Werte langsam ansteigen, man würde dann zu spät lüften. In dem Fall sollte man dann einfach pauschal alle halbe Stunde oder nach mindestens jeder Unterrichtstunde einmal kräftig durchlüften.”

RTL-Artikel (31.1.22): Invité vun der Redaktioun (31. Januar) - Claude Meisch: Educatiounsminister hofft, datt bis d’Fuesvakanz keng Schoule mussen zoumaachen
RTL-Artikel (31.1.22): Kritik u Covid-Mesuren an de Schoulen: Enseignanten a Schüler brauche Previsibilitéit

Back to Top
CIM LOGO