"Et geet drëm, datt eng Lëtzebuerger Bank d'Kris iwwersteet"
© AFP
Et koum vill Kritik, och aus den eegene Reien, un den Ex-LSAP-Ministeren Etienne Schneider a Jeannot Krecké.
"Wann d'East-West United Bank oder Sistema op enger Sanktionelëscht wieren, géinge mir och demissionéieren", dat sot den fréieren LSAP-Minister Etienne Schneider am RTL-Interview op d'Kritik, dass hien am Verwaltungsrot vu Sistema, ee vun de wichtegste privaten Aktionären a Russland, ass. De Jeannot Krecké ass President am Conseil vun der East-West United Bank, där hiren eenzegen Aktionär eben Sistema ass.
Him an dem Jeannot Krecké géing et dorëms goen, dofir ze suergen, dass eng Lëtzebuerger Bank d'Kris iwwersteet an déi ronn 100 Leit, déi do schaffen, hir Aarbecht net verléieren. D'Lëtzebuerger Finanzautoritéiten hätte vun der East West United Bank och scho finanziell Sécherheete gefuerdert, fir d'Kris z'iwwerstoen. Et géing hinnen net um d'Sue goen, mä den Etienne Schneider an de Jeannot Krecké hätten ausgemaach, déi Suen, déi si hei verdéngen, ze spenden.
D'Jugendpartei JUSO hat och schonn de Récktrëtt aus de Verwaltungsréit vu béiden Ex-Politiker gefuerdert, eng Fuerderung déi de Fraktiounschef Yves Cruchten verstoe kann. Hien hätt dat och an engem Gespréich mam Etienne Schneider ugeschwat, wéi hien am RTL-Interview sot.
"Ech hunn him gesot, dass ech déi Situatioun net gutt fannen, ech hunn dat kloer gemaach. Mä ech si net hire Porte-Parole. Ech kann Iech soen, wat ech géing maachen. Et ass elo net den Ament, fir Geschäfter mat russesche Firmaen ze maachen."
Doropshin huet den Etienne Schneider reagéiert, dass een net géing Geschäfter mat Russland maachen. Fuerderunge vu russescher Säit, de Militär an domadder de Krich mat ze finanzéieren, hätten et keng ginn.
"Souwäit ech weess, hu mir där Fuerderunge keng kritt. Et ass och esou, dass den Här Jewtuschenkow, deen Haapt-Eegentemer ass vu Sistema, net an deene beschten Dicher vis-à-vis vum Här Putin steet, hie gouf selwer vun him ënner Hausarrest gesat an och expropriéiert. Et kann een him wierklech net virwerfen, dass hien e grousse Supporter wier vum Regime."
De fréieren LSAP-Minister Etienne Schneider huet am RTL-Interview nach betount, dass weder d'East-West United Bank, nach Sistema op enger Sanktioune-Lëscht stinn. Wann dat sech sollt änneren, dann wier et, esou Zitat vum Etienne Schneider, evident, dass hien an de Jeannot Krecké géingen demissionéieren.