Déi fréier LSAP-Ministere Jeannot Krecké an Etienne Schneider bleiwen aktuell weider op Posten a Verwaltungsréit vu russesch alignéierte Firmen.

Am Ausland raume fréier Politiker, déi elo am Verwaltungsrot vu russeschen Entreprise sinn, hir Plaz. Zum Beispill de fréieren éisträichesche Kanzler Christian Kern, den Ex-Premier vu Frankräich François Fillon oder de fréiere italienesche Premier Matteo Renzi.

"Et ass net den Ament, fir Geschäfter mat russesche Firmen ze maachen", sot den LSAP-Fraktiounspresident Yves Cruchten e Samschdeg de Moien am RTL-Interview, op Nofro zu de Poste vun de fréiere Ministere Jeannot Krecké an Etienne Schneider. E Récktrëtt vun de fréiere LSAP-Ministere vun hire Posten an dëse Firmen fuerdert och d'Jugendpartei JUSO.

E Freideg hat awer d'East West United Bank matgedeelt, dass de Jeannot Krecké am Verwaltungsrot bleift. Am Communiqué präziséiert d'Bank, dass si eng eegestänneg Lëtzebuerger Bank wier an net Deel vum russesche Staat oder enger Bankegrupp. Deen eenzegen Aktionär wier d'Sistema Financial Corporation. Dat ass jo awer ee vun de wichtegste privaten Aktionären a Russland.

Den Etienne Schneider ass am Verwaltungsrot vun eben deem Aktionär Sistema an huet nach e Samschdeg de Moien nom RTL-Interview mam LSAP-Fraktiounschef op d'Situatioun reagéiert. Den Yves Cruchten sot awer mat him geschwat ze hunn a kloer gemaach ze hunn, dass dat eng onglécklech Situatioun wier.

Zu de Sanktiounen, déi d'EU zesumme mat Partner wéi den USA a Kanada elo géint Russland hëlt, sot den LSAP-Fraktiounspresident, dass ëmmer misst gekuckt ginn, dass déi russesch Regierung finanzielle Schued dovun dréit an net d'Privatleit.

Et géing och scho vun engem drëtte Sanktioune-Pak geschwat ginn, an deem zum Beispill en Ausschloss aus dem SWIFT-System diskutéiert gëtt. Aner Sanktiounen, déi den Yves Cruchten sech kéint virstellen, wier et den Fluchverkéier mat Russland ze ënnerbriechen.

Den Yves Cruchten am Interview
RTL

Den Ukrain-Konflikt an der Iwwersiicht: Russland an alliéiert Länner a rouden an orangen Téin, Nato-Länner am Bloen. D'Ukrain ass op der Kaart giel, déi vu Russland besate Krim ass giel a rout markéiert. / © RTL-Grafik