
Dat huet ënner anerem de Rapporter vum Gesetz, den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo, e Freideg de Mëtteg op der Chamberstribün ënnerstrach. D’Chamber huet unanime dofir gestëmmt, d’Covid-Gesetz eng weider Kéier unzepassen. Domadder falen déi meeschte Restriktiounen nach e Freideg den Owend ewech. De Gesetzestext gouf am Laf vum Owend op legilux.public.lu verëffentlecht an ass domat och elo aktiv.
Et ass en Dag, op deen eis Gesellschaft laang gewaart huet, sot d’Fraktiounscheffin vun déi Gréng Josée Lorsché an de Gilles Baum vun der DP huet sech gefreet, datt mer et elo gepackt hätten. Trotz all deenen optimistesche Wierder hunn d’Riedner drop higewisen, datt d’Pandemie net eriwwer ass, datt weider Leit stierwen an datt mer och mat enger weiderer Well am Hierscht musse rechnen.
Den CSV-Parteipresident Claude Wiseler huet betount, datt et eng geféierlech Situatioun wier, ze mengen, d’Covid-Kris wier eriwwer. Hien huet d’Regierung och opgefuerdert, déi Mesuren aus de leschten zwee Joer elo z’analyséieren, fir genee ze wëssen, wat se bruecht hunn, am Fall wou se nach emol gebraucht géifen.
D’CSV plädéiert weider dofir, datt den Impftaux weider an d’Luucht geet an ass der Meenung, datt och eng Impfflicht nach ëmmer Sënn mécht.
Et sinn nach eng 30.000 Mënschen iwwer 50 Joer, déi sech net impfe gelooss hunn. An deem Kontext huet d’Josée Lorsché vun déi Gréng och kritiséiert, datt d’Impfzenteren zu Esch Belval an zu Ettelbréck déi aner Woch zoumaachen.
D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert sot, datt et kee Sënn géif maachen, d’Impfzenteren alleguer opzeloossen. Et misst een elo op méi flexibel Weeër zeréckgräifen, wéi zum Beispill den Impfbus. Mat enger neier Campagne géif och weider versicht ginn, déi Leit z’erreechen, déi nach net geimpft sinn.
Si huet kloer gemaach, datt d’Fräiheeten, déi d’Leit elo zeréckkréien, nëmmen doduerch méiglech sinn, datt esou vill Leit solidaresch waren a sech fir de Vaccin decidéiert hunn.
Neit Covid-Gesetz unanime gestëmmt: Vun e Freideg den Owend u falen déi meescht Restriktiounen ewech