Den Dr Ochs war knapp 3 Minutten am Sall, do war d’Urteel scho gesprach. 1 Joer laang dierf de Generalist keng Patiente méi behandelen.
No dem Verdikt huet de Benoît Ochs widderholl, et géing an där Affär net just ëm hien als Persoun goen, mä et géing jiddereen eppes ugoen. Hie géing sech fir d’Medezin asetzen, do wier de perséinleche Volet net wichteg. Den Dr Ochs weist sech enttäuscht a wëll elo d’Korruptioun opdecken, wéi hien am RTL-Interview seet.
Säin Affekot Christian Bock huet nach eemol betount, dass d’Urteel fir de Benoît Ochs ze streng ausgefall wier. No der Iwwerpréiwung vun der Begrënnung vum Urteel misst ee sech iwwerleeën, ob ee virun den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zitt.
Den Collège médical ass zefridden, dass d’Urteel an zweeter Instanz confirméiert gouf. Et gouf finalement festgehalen, dass den Dr Ochs géint 13 Reegelen vum Deontologiskodex verstouss huet.
Géif den Dr Ochs an deem Joer awer praktizéieren, dann wier dat schwéier strofbar. Fir déi Zäit, wou den Dr Ochs net als Medezinner schaffen dierf, gëtt et keng finanziell Kompensatioun.
Den Ament dierf den Dr Ochs seng Patiente nach behandelen, fir ëm eng Chance ze ginn, dës Patienten korrekt un aner Medezinner ofzeginn. An e puer Wochen ass et dann eriwwer.
Wéilt den Dr Ochs elo déi Zäit an engem anere Land als Dokter schaffen, da kéint dat schwiereg ginn, well den Dr Ochs dann do eng Aart Casier virleeë muss.
https://www.rtl.lu/news/national/a/1754963.html
D’lescht Joer scho misst de Generaliste Dr. Benoît Ochs sech virum Conseil de Discipline vum Collège médical veräntwerten. Him gouf de Verstouss géint 13 Punkte vum Deontologieskodex virgeworf, well den Dokter sech ënnert anerem am Ëmgang mam Coronavirus net un e Protokoll vun der Santé gehalen hätt an d’Impfung ëffentlech kritiséiert huet.
An enger éischter Instanz gouf dem Generalist e Beruffsverbuet vun engem Joer operluecht. Den Dr Benoît Ochs ass awer an Appell gaangen an duerft bis ewell weider exerzéieren.
Enn Januar 2022 goung den Appellsprozess vum Dr Ochs lass. Virum Geriicht hate sech dofir eng 100 Sympathisante versammelt fir de Generalist ze ënnerstëtzen. An den Telegramm-Gruppe gouf dann och opgeruff, de Mëttwoch fir d’Urteel viru Geriicht zesummenzekommen. Dëst Kéier waren dann och rëm ronn 100 Dr Ochs-Sympathisanten op der Plaz.

Den Dr. Benoît Ochs seet selwer, hie géing sech vu Verschwörungstheorien distanzéieren. Hie gesäit sech selwer awer als eng Whistleblower a géing just d’Wouerecht soen. Seng Aussoe sinn awer ëmstridden. An engem Faktencheck hat RTL selwer e puer vu sengen “Wouerechten” iwwerpréift an widderluecht.