Déi iranesch Communautéit huet sech an de leschten 10 Joer bal verduebelt.

Am Kader vun eiser Serie iwwert dat villfältegt Lëtzebuerg huele mir Iech mat op eng Entdeckung vun den Traditiounen, gudden Adressen a Geschichten aus de verschiddenste Communautéiten, déi hei am Grand-Duché liewen. Dës Kéier geet et ëm déi iranesch Communautéit, déi huet sech an deene leschten 10 Joer bal verduebelt. Zu Lëtzebuerg ginn et bal 170 verschidden Nationalitéiten an d’Hallschent vun der Gesellschaft sinn Auslänner.
Sief et Griichen, Polen, aus dem Balkan oder aus dem Iran. Jiddereen eenzele vun hinnen ass eent vun de Gesichter, déi Lëtzebuerg esou multikulturell maachen. Ënnert hinnen och d’Elmira.

Am Häerze vun der Stad Lëtzebuerg ass dem Elmira hir Librairie. Eng Plaz, wou sech d’Frënn vum geschriwwene Wuert treffen an Neies entdecke kënnen. Zanter engem Joer ass si Proprietär vun dëser Librairie a kennt all eenzelt vun de Bicher, déi hei verkaaft ginn. A verschidde Bicher invitéieren op eng Rees, si bréngen eis an ee Land, dat d’Elmira gutt kennt. Den Iran. Do ass si gebuer an opgewuess, bis datt si mat 6 Joer op Lëtzebuerg komm ass. Den Iran ass fir si: Erënnerung, Musek, Mammesprooch, de Geroch vu Safran a Rousewaasser, wonnerbar, persesch Architektur a wonnerschéi Landschaften. An heiansdo eben och e bëssen Nostalgie.

Si wär zu Lëtzebuerg opgewuess, géif sech awer och dem Iran verbonne fillen. Béid Kulture wären hir wichteg a géingen och een Deel vun hir ausmaachen: "E wichtegen Deel vu mengem Charakter ass einfach, déi zwou Kulturen ze hunn an esou ze liewen an net probéieren eppes ganz ewech ze loossen an déi béid Kulturen einfach a mengem Liewen ze integréieren.”

Zu der Kultur gehéiert och d’Iessen an do kennt d’Elmira eng authentesch Adress matten an der Lëtzebuerger Haaptstad. Do geet si reegelméisseg mat hirem Mann dem Farzam iessen. Verschidde Plate misst een einfach am Restaurant iessen. An am Siamak sengem Restaurant gëtt et traditionell persescht Iessen. Plate mat ganz vill Safran oder och Tahdig, e ganzt populäert persescht Iessen.

Fir de Farzam ass d’Iessen e wichtegen Deel vun der iranescher Kultur, grad esou wéi d’Musek oder d’Architektur. An déi kann een och nach bis September am Nationale Geschichts- a Konschtmusée gesinn. Do ass aktuell eng Fotoausstellung iwwert den Iran. Realiséiert gouf dës vum Alfred Seiland.

Verschidde Fotografië géife gutt déi positiv Energie rëmspigelen, déi de Farzam mat de Leit dohanne verbënnt. Eng positiv Energie, déi sech nach méi wärend de Feierlechkeete vum Norouz wéist. Dat Iranescht neit Joer... Dëst Fest gëtt fir den Ufank vum Fréijoer geféiert.

D’Elmira feiert mat hirer Mam, der Famill an aneren Iraner, déi zu Lëtzebuerg wunnen. Zanter 3.000 Joer ass den éischten Dag vum persesche Kalenner dann, wann den Dag an d’Nuecht d’selwecht laang sinn. De Fréijoersufank ass dëst Joer op den 20. Mäerz gefall. Dës Traditioun ass och een immateriellt Kulturierwen a feiert d’Liicht an den Neiufank. Et ass déi wichtegst persesch Feier vum ganze Joer.

Wäit fort vun hire Léifsten, déi am Iran Liewen, treffe sech d’Membere vun der iranescher Communautéit zu Lëtzebuerg all Joer fir d’Fest Nouruz. Esou fille si sech wéi an hirem Gebuertsland. De Farzam spillt d’Instrument Târ, een Instrument aus der persescher Musek. Déi iranesch Vollekslidder si voller Erënnerungen un déi Kéieren, an deene si am Iran gefeiert hunn.