Conseil supérieur fir verschidde GesondheetsberufferEt dierft net zu enger Privatiséierung vun IRMe kommen

RTL Lëtzebuerg
Am Dossier IRM Potaschbierg weist sech de Conseil supérieur fir verschidde Gesondheetsberuffer skeptesch géigeniwwer engem privat geréiertem IRM.
© RTL Archiv

Et dierft net zu enger Privatiséierung kommen, sou d’Presidentin Silvana Antunes-Xavier am RTL-Interview. D’Gefor géif bestoen, datt externt Kapital vun Drëttpersounen an de Gesondheetsberäich era kéim, an datt et drëms wäert goen, Beneficer ze generéieren an domat wier de Patienten net gehollef.

All ambulant Struktur misst op d’mannst an de sensibele Beräicher vun de Spideeler organiséiert, opgebaut an ënnerstëtzt ginn, sou de Conseil. Virun allem Diagnosen, déi mat schwéierem Ekipement gemaach ginn oder Operatioune sollte vun engem vun de véier Spidolsgruppe geréiert ginn.

Ganz wichteg wier et och, datt d’Leit an den ambulante Strukturen ënnert dem Statut vum „Salariat“ schaffen, allerdéngs och adequat bezuelt ginn.

De genannte Conseil representéiert iwwregens 24 Gesondheetsberuffer.

RTL Invité vun der Redaktioun: Et gëtt nach keen Accord tëscht dem Centre Médical Potaschbierg an dem CHL
RTL News: IRM um Potaschbierg - Et gëtt en Accord de principe, seet d’Paulette Lenert

Back to Top
CIM LOGO