"Et ass 5 vir 12"
D'Relatioun tëschent Patient an Dokter – eng Bezéiung, déi op Vertrauen opgebaut ass. Ma wat geschitt, wann eng Kéier eppes schifgeet?
Eng Feeldiagnos oder eng falsch Behandlung, e medezinesche Feeler oder awer och en "Aléa therapeutique", also e Schued, deen net op e falscht Verhale vum Dokter zréckzeféieren ass: et sinn d'Ausnamen an der Medezin. Nawell kënne se fir d'Patiente gravéierend Konsequenzen hunn. Fir den drëtten Deel vu senger Serie huet d'Fanny Kinsch mat enger jonker Fra geschwat, déi mat 18 Joer dem Doud sou just nach vun der Schëpp gesprongen ass.
Wéinst hirer Aarbecht wëll déi jonk Fra anonym bleiwen. Fir dëse Reportage nennen ech si Elsa. Viru 7 Joer ass hir Mamm mat hir an d'Urgence gefuer.
"Ech hat am Februar 2015 op eemol wansinneg Péng an der rietser Broscht, also am Broschtkuerf an ech hu mer näischt dobäi geduecht, ech konnt awer op eemol net méi am Leie schlofen, ech hu missen am Sëtze schlofen iwwert eng Woch."
Vum Dokter, dee si am Spidol do ënnersicht, fillt si sech vun Ufank un net ganz eescht geholl.
"En huet mech forcéiert, mech ze leeën, du sinn ech mengem Gefill no hier sinn ech du wierklech bal kollabéiert, well ech keng Loft méi krut. Dunn huet en du gelaacht, dunn huet e gesot: 'Oh Mamm, et wär jo wierklech schlëmm.'(...) An dunn, wéi mer erëmkomm sinn aus der Röntgen, huet hien d'Bild eng Kéier ganz kuerz gekuckt, do huet e gesot 'Dat do ass jo näischt Schlëmmes, dat ass just eng Longenentzündung.'"
D'Elsa gouf mat Antibioticken a Medikamenter géint d'Péng heemgeschéckt. Ma richteg gutt huet si sech nach ëmmer net gespuert.
"Ech konnt kee Sport méi maachen, ech hat keng Ausdauer méi, ech konnt bal keng Trape méi goen, ech hu keng Loft kritt. An dunn am Mee war ech sou verzweiwelt, dass ech zu menger Mamm gesot hunn, ech ginn elo eleng bei e Longendokter, well ech packen dat net méi."
De Pneumolog huet déi jonk Fra fir weider Ënnersichungen an d'Spidol geschéckt. Wéi en d'Resultater vun der Scintigraphie gesinn huet, sot hien, d'Elsa misst bei en Internist an dee sot, et ass 5 vir 12.
"Dunn huet hie gesot, 'Dat, wat Dir säit Februar hutt, ass eng Longenembolie'. An du war ech schockéiert, well ech ëmmer just héieren hunn, dass déi Leit, déi eng Longenembolie hunn, dass dat eng Saach vu Stonnen ass an da sinn déi dout. Ech hat Chance an deem Sënn, dass et just déi riets Säit war an dass keng Haaptoder verstoppt war."
Eréischt duerno huet d'Elsa erausfonnt, datt si duerch eng verierfte Krankheet méi ufälleg fir Thrombosen ass an net hätt dierfen hormonell verhüten.
"Dat nennt sech de Leiden-Facteur. Dat mécht u sech, dass d'Blutt méi séier koaguléiert. An dat dréckt d'Warscheinlechkeet fir eng Thrombos schonn an d'Luucht, a Verbindung mat Hormoner gëtt dee Prozentsaz nach méi séier méi héich. An dat huet awer ni ee mer gesot."
Kierperlech geet et hir nees gutt. Ma si huet awer e Stéck Vertrauen an d'Dokteren an Onbeschwéiertheet verluer.
"Natierlech hunn ech elo ugefaangen, Richtung Hypochonder ze goen. Well ech den Ënnerscheed net méi ka maachen, wann eppes schlëmm ass a wann eppes net schlëmm ass. Well ech eben ëmmer geduecht hunn, vu Februar bis Mee 2015, ech hat näischt Schlëmmes."
D'Elsa ass wéinst liichten Depressiounen an Angschtstéierunge bei engem Psychiater a Behandlung.
D'Serie am Iwwerbléck
Serie Medezinesch Feeler an Accidenter (1): "War Dir wierklech bei engem Zänndokter?"
Serie Medezinesch Feeler an Accidenter (2): "Et gëtt ni méi gutt"
INFOKËSCHT
Hutt Dir d'Gefill, datt Dir selwer Affer vun engem medezinesche Feeler gi sidd? Da ginn et verschidden Ulafplazen. Et gëtt de Mediateur Santé, deen a Konflikter tëschent Patient a Gesondheetsprofessionelle schlichte kann, awer och als Informatiounszenter fonctionéiert. Hei fënnt een deemno och d'Kontakter fir all déi aner relevant Instanzen, zum Beispill d'Plaintëkommissiounen an de Spideeler.
Et kann een och eng Plainte maache beim Collège médical oder beim Conseil Supérieur de Certaines Professions de Santé.
D’Patientevertriedung bitt Consultatiounen an Informatiounen un.
Wann ee sech net iwwert eng Mediatioun eens gëtt, huet een och d'Méiglechkeet, d'Persoun unzesichen, jee nodeem, wat geschitt ass, um Zivilgeriicht oder um Penal.
An et ginn och Recours-Méiglechkeete bei der Gesondheetskeess.
 
                     
                     
                     
                    