
Bei Kontrollaarbechte war déi Leitung beschiedegt ginn an et war a Kerosin ausgelaf. LuxAirport huet um Donneschdeg wësse gedoen, dass si elo erëm un d’Leitung ugeschloss goufen.
De Lëtzebuerger Fluchhafen kann op Reserven zréckgräifen, wann et Problemer mat der Nato-Leitung gëtt. Zejoert am Juli hat et jo wéinst dem Héichwaasser och eng Stéierung un der Installatioun ginn.
30.000 Liter Kerosin ware jo e Mëttwoch ausgelaf an hunn de Buedem op der Plaz deels kontaminéiert. Och e Maisstéck nieft der Pipeline wier verschmotzt ginn, heescht et. E Bagger huet um Donneschdeg de kontaminéierte Buedem ofgedroen an e Gruef geschëppt, fir ze verhënneren, datt Kerosin an d’Sauer leeft. Wéi et vun de lokalen däitschen Autoritéiten heescht, wier bis elo direkt näischt an de Grenzfloss gelaf.
30.000 Liter aus Kerosin-Pipeline zu Iechternacherbréck ausgelaf (28.9.22)