Den ADR-Deputéierte Roy Reding gouf en Donneschdeg de Moie wéinst Bedruch zu enger Prisongsstrof vun engem Joer mat integralem Sursis verurteelt.

Den ADR-Deputéierte Roy Reding gouf en Donneschdeg de Moie wéinst Bedruch zu enger Prisongsstrof vun engem Joer mat integralem Sursis verurteelt. Dobäi kënnt eng Geldstrof vun 50.000 Euro.

Urteel géint ADR-Deputéitere Reding / Rep. Diana Hoffmann

Den Deputéierten hat en Appartementshaus um Kierchbierg verkaaft, a soll dobäi verheemlecht hunn, datt eng Wunneng am Keller net kéint bewunnt ginn. D'Geriicht hat 2016 nämlech schonn decidéiert, dass d'Wunneenheet nees misst zu engem Keller ëmgebaut ginn, well se net de kommunale Virschrëften entsprach huet, a keng Baugeneemegung ugefrot gi war. Déi nei Keeferin soll net iwwert dësen Ëmstand informéiert gewiescht sinn.

D'Defense vum Roy Reding seet awer, dass keen duerch de Verkaf vum Appartementshaus zu Schued komm wier, an hat dofir de Fräisproch gefuerdert.

D'Urteel, wat gesprach gouf, ass eréischt an éischter Instanz. Et gëllen deemno 40 Deeg fir an Appell ze goen.

De Fred Keup huet am Kloertext präziséiert, datt den Exekutivcomité vun der ADR e Freideg zesummekënnt, fir ze kucken, wéi een op d'Verurteelung vum Roy Reding reagéiert.