
© RTL / Luc Rollmann
Mam Frank Engel hu mir iwwert seng Zäit an der CSV, seng nei politesch Aarbecht bei Fokus an den aktuellen Zoustand vun der Lëtzebuerger Politik geschwat.
Et wier dem Frank Engel, no sengem Exit aus der CSV am Abrëll 2021, eng Zäit laang net schrecklech gutt gaangen, doraus géif hie kee Geheimnis maachen. Dat wat sech deemools ofgespillt, an de Gros vum Joer 2021 gedauert hätt, wier eng Saach gewiescht, déi e méi staark beréiert hätt, wéi en dat no bausse weise géif. Et wier eppes, wou een derduerch misst a wou hien antëscht och duerch wier.
Nodeems de Prozess ëm d'Affär CSV-Frëndeskrees mat engem Fräisproch op en Enn gaange war, an de Parquet net an Appell gaange war, hätt hien d'Hänn fräi gehat, fir mam Fokus un enger neier Partei ze schaffen.
Op d'Fro, ob et hien da perséinlech méi erfëlle géif, eng nei Partei opzebauen, wéi an enger existéierender no enger Musek ze spillen, déi een anere komponéiert huet, ass de Frank Engel kloer. An der CSV hätt en net nëmmen eng Musek iwwerholl, mä d'Opféierung genee esou spille missen, wéi en aneren dat vun him wollt. Dat wier mat der Zäit un d'Substanz gaangen. Natierlech, géif dës Ausso elo déi al Kritik bedéngen, dass hie keen Teamplayer wier. Ma wann ee sech an engem Team abrénge sollt, wier et ëmmer eng Fro dovun, wéi dat vun engem géif verlaangt ginn. Wann ee vun Ufank u géif sabotéiert ginn a sënngeméiss géif gesot kréien, dass een net erwënscht wier, da wier dat keng besonnesch befriddegend Erfarung.
"Mat Erneierung kann een de Luc Frieden elo wierklech net a Verbindung bréngen"
Trotz allem wier et déi richteg Entscheedung gewiescht an d'CSV anzetrieden. Deemols wier d'CSV eng Partei gewiescht, déi ugefang huet sech ze veränneren. Ewech vun der konservativer Staatserhalungsmachinerie aus de 70er an 80er, hin zu enger Partei, déi op Wäerter baséiert an trotzdeem no vir kuckt.
Stéchwuert "Verännerung": Wéi bewäert de Frank Engel dann elo de Fait, dass den CSV-Nationalrot de Luc Frieden als Spëtzekandidat fir d'Chamberwalen nominéiert huet. Mat Erneierung kéint een de Luc Frieden elo wierklech net a Verbindung bréngen. De Luc Frieden wier viru 25 Joer fir d'éischte Kéier Minister ginn an hätt virun 10 Joer, wéi hien net méi konnt Minister bleiwen, decidéiert, dass d'Politik näischt méi fir hie wier. Dat wier iwweregens eng komplett legitim Demarche gewiescht. Et kéint ee sech net doriwwer opreegen, dass d'Leit éiweg géifen Politik maachen a sech dann doriwwer opreegen, wann een en neie Wee aschléit. Och d'Decisioun, dat ze maachen, well ee keng Loscht hätt, an d'Oppositioun ze goen, wier legitim.

© RTL / Luc Rollmann
D'CSV hätt sécherlech hir Grënn, fir dem Luc Frieden seng Nominatioun. De Frank Engel hëlt un, dass dës och eppes domat ze dinn hätt, dass et un der Spëtzt vun der CSV keng wierklech Erneierung ginn hätt. Déi lescht Erneierung wier seng eege Wal zum Parteipresident gewiescht.
"Ech gesinn iwwerhaapt kee Grond, woufir mir net an d'Chamber kéimen"
D'Grënnung vum Fokus wier - trotz groussen administrativen Opwand - eng spannend Zäit gewiescht. Et hätt ee vill politesch Diskussioune mat Leit gefouert, déi deels aus anere Partie koumen, awer och mat Leit, déi nach ni parteipolitesch aktiv waren.
Bei der leschter Sonndesfro am November 2022 koum Fokus landeswäit nach op 1,5 Prozent. De Frank Engel ass trotzt dëse Sondagen iwwerzeegt dovunner, dass Fokus no de Walen an der Chamber wäert vertruede sinn. Ee bis zwee Sëtz wiere realistesch fir déi jonk Partei. Iwwert di aktuell Ëmfro mécht de Politiker sech wéineg Suergen. Den Ament géift et och esou ausgesinn, wei wann d'Piraten op 6 Sëtz komme géifen. Fir dass dat antrëtt, missten d'Piraten entweder an de grousse Bezierker "richteg ofrappen" oder Sëtzer an de klenge Bezierker huelen. Dat géif awer bedeiten, dass d'Partei flächendeckend Lëschten hätt, op deenen d'Leit sech géifen erëmfannen an e Programm hätt, fir un 10 Prozent vun de Stëmmen ze krazen. Béides kéint sech de Frank Engel net virstellen.
Fokus spekuléiert op Mandater an de grousse Bezierker. An deene klenge géif een et wuel net packen, et sief dann, et géif nach e klengt Wonner passéieren.
Dem Frank Engel no brauch et fundamental Verännerunge vum politesche System
Iwwerhaapt schéngt de Frank Engel der Meenung ze sinn, dass et Fokus bréicht, fir dass sech eppes an der Lëtzebuerger Politik deet. An dësem Zesummenhang misst een dann och seng Äusserung verstoen, dass een de Fokus dout schweige géif. Dës wier net op d'Medie bezu gewiescht, mä géif éischter déi aner Parteie viséieren. Zanter Méint géif ee probéieren, politesch Themen ze placéieren, well ee gären hätt, dass iwwert dës geschwat géif ginn.

© RTL / Luc Rollmann
Fundamental politesch Theme géifen awer net ugeschwat ginn. Virop wéi de Wuesstem, deem Lëtzebuerg sech verschriwwen hätt, nach ze meeschtere wier. Et misst ee sech d'Fro stellen, wéi et op Dauer funktionéiere sollt, wann d'Land all Joers ëm 10.000 Awunner wuesse géif, awer laang net genuch Wunnenge bäikommen. D'Propos vu Fokus vun enger Logementsoffensiv beim Bail emphytéotique, géif komplett ignoréiert ginn.
Iwwerhaapt, bréicht et fundamental Ännerungen. Den Ament wier d'Trennung tëscht Regierung a Chamber an der Realitéit net existent. Doduerch, dass d'Regierung an der Chamber d'Majoritéit hätt, géifen d'Gesetzesproposen a -projete vun der Regierung eigentlech all Kéiers mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl ginn. D'Oppositioun wier op der anerer Säit der Meenung, dass si all Gesetzespropose vun der Regierung refuséiere misst, fir duerzeleeën, dass si et eigentlech besser wéisst.
Fir dass dat sech ännere kann, misst ee beim Walsystem usetzen. De Regierungschef an d'Parlament misste getrennt vunenee gewielt ginn. Dat géif dozou féieren, dass d'Regierung net automatesch eng Majoritéit an der Chamber hätt an, dass d'Chamber hirem Rôle als Institutioun, an där Gesetzesvirschléi iwwerschafft an duerno gestëmmt ginn, gerecht géif.
De Regierungschef - och dorun hält de Frank Engel fest - misst iwwerdeems an engem eenzegen nationale Walbezierk direkt gewielt ginn.