
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
Op der A7 gëtt "Séier fueren" elo deier
Well zanter leschtem Mëttwoch sinn déi dräi Streckeradaren op der A7 operationell, dat an den Tunnelle Stafelter, Grouft a Gousselerbierg. Duerch déi dräi Tunnelle soll een net méi séier wéi 90 Stonnekilometer fueren. Sollt een dann awer eng Kéier presséiert sinn an op der Streck tëscht Lëtzebuerg a Miersch oder ëmgedréint net oppassen, ass et duerchaus méiglech, datt een dräi Mol Post vun der Police kritt.
Weideren Tëschefall op der Zuchstreck a Richtung Norden
Wien da sécher evitéiere wëll, fir net vum Radar erwëscht ze ginn, kéint jo op den Zuch zeréckgräifen. Dat vum Norden a Richtung Stad aus awer eréischt vun Ettelbréck un, well nieft dem Tunnel Schieburg, dee jo agefall war, och den Tunnel Bierden fir Problemer suergt. Iwwregens gouf dann och dës Woch bekannt, datt den Tunnel Schieburg net wéi geplangt kuerz no Ouschtere soll opgoen.
Ukrain Krich och zu Lëtzebuerg?
Eng am Grand-Duché baséiert Firma soll der russescher Wagner-Grupp am Kader vum Krich an der Ukrain Informatiounen a Satellittebiller geliwwert hunn. Nodeem Spacety Luxembourg S.A vun den USA schonn op d'Sanktiounslëscht gesat gouf, hunn dann och elo den Aussen- a Wirtschaftsministère d'Firma beim Parquet denoncéiert.
Findel = Fluchhafen zu Peking?
Netflix gëtt jo enorm Zomme fir hir eege Produktiounen aus. Bei der rezenter Dokumentatioun iwwert den Fluch MH370 awer ass hinne e klenge Feeler ënnerlaf... Si hunn de Fluchhafen zu Peking mam Luxairport um Findel verwiesselt.
D'Parlament ëmgaangen
A Frankräich huet d'Regierung den Artikel 49.3 vun der Verfassung agesat, fir d'Pensiounsreform duerchzeboxen. Duerch dësen Artikel nämlech gëtt de Vott an der Assemblée nationale ëmgaangen, fir e Gesetz unzehuelen. Dëse Schratt ass weder bei de Parlamentarier nach bei de Bierger gutt ukomm.
Medieninformatioune sinn net 100 Prozenteg richteg
Dat sot de Grand-Duc iwwert e Bericht aus dem Lëtzebuerger Land. Dem Lëtzebuerger Staatschef no wieren an där Meldung vill "Spekulatioune" gemaach ginn. D'Land hat an hirem Artikel Desaccorde an der Direktioun vun der Maison du Grand-Duc am Kader vun enger Situatioun mat der Grande-Duchesse opgegraff.
Äddi Covid
Spéitstens den 1. Abrëll soll d'Maskeflicht iwwerall am Land opgehuewe ginn an och d'Isolatioun ewechfalen. Dës Nouvelle huet net just d'Copas an d'FHL gefreet, ma och d'Bewunner vun den Alters- a Fleegeheemer si begeeschtert, datt si nees d'Gesichter vum Personal ganz kënne gesinn.
Um Heemwee verschwonnen
Eng grujeleg Nouvelle koum déi leschte Woch aus der däitscher Stad Freudenberg. Nodeem e Sonndeg d'Läich vum 12 Joer jonke Luise fonnt gouf, huet sech am Laf vun den Ermëttlungen erausgestallt, datt d'Kand vun zwee anere Meedercher am Alter vun 12 an 13 Joer ëmbruecht gouf.
An den eegene véier Wänn iwwerfall
D'Police huet dann déi lescht Woch en Zeienopruff gemaach, well Persounen an hirem eegenen doheem vu maskéierte Leit brutal iwwerfall goufen.
Haftbefeel géint de Putin
Am Krich an der Ukrain ginn et dauernd nei Momenter, déi mer an eisem Ticker zesummefaassen. Dës Woch koum dann awer d'Nouvelle, datt den Internationale Geriichtshaff zu Den Haag e Mandat d'arrêt géint de russesche President Putin ausgestallt huet. Him ginn ënner anerem Krichsverbriechen reprochéiert.
Bedruch um Geriicht
An direkt zwee Fäll, wou et ëm Bedruch goung, sinn dës Woch um Geriicht Urteeler gefall. Am Fall Hesper, wou der Gemeng vu Beamten iwwer 5 Milliounen Euro geklaut goufen, gouf et Prisongs - a Geldstrofe fir béid Beschëllegt, déi och nach musse Schuedenersatz a Milliounenhéicht bezuelen. Am Fall vun "Abus de Faiblesse", wou eng 40 Joer al Fra eeler Leit ëm ronn 380.000 Euro bedrunn hat, gouf et och eng Prisongsstrof a Schuedenersatz ze bezuelen.
Walen, Walen an nach emol Walen
Mir kommen der éischter vun den zwou grousse Walen dëst Joer ëmmer méi no. Fir d'Gemengewalen 2023 fannt Dir eng Iwwersiicht mat all de Lëschten a Kandidaten, déi mer bis ewell matgedeelt kruten, hei.