
Virun zwou Wochen hunn ech e puer Deeg an der Stad verbruecht, zu ënnerschiddlechen Auerzäiten an un ënnerschiddlechen Deeg. Mäin Androck vun der Situatioun an der Stad kënnt Dir hei noliesen.
Et ass Donneschdegnomëtteg den 13. Abrëll op der Stater Gare. An de Stroossen ass sou munches lass. D’Leit wierke gestresst, lafen op de Bus oder Zuch. Och den Arrêt vum Tram ass gutt gefëllt. Ech gesinn e puer Sans-abrisen, déi zu zwee op enger Bänk sëtzen oder eleng duerch d’Strooss spadséieren. Eng eenzeg Persoun sëtzt op der Strooss an heescht. Leit, déi méi dacks op der Gare ënnerwee sinn, wäerten e kennen. Den Här, deen an der Géigend vun engem Fastfood-Lokal an der aler Avenue sëtzt. Am Grapp huet hien eng Aangel, wou e Becher drun hänkt. E puer Leit geheien him Mënz an de Becher, eng Fra bleift stoen a potert mat him.

Weider Heescherte gesinn ech op deem Nomëtteg net. Dofir fält mir awer eppes aneres op. Wat et méi spéit gëtt, wat sech méi kleng Gruppen op der Gare zesummefannen. Méi spezifesch op der Plaz nieft der Gare, wou fréier d’Busarrête waren an elo näischt méi steet, versammele sech d’Leit. Et bleift awer roueg.

De selwechten Dag e puer Stonne méi spéit maachen ech mech nach eng Kéier op den Tour iwwert d’Gare. D’Stroosse si relativ eidel. Just an de Restauranten a Caféen ass nach e bësse Liewen. Op e puer Ecke gëtt gedealt, dat zemools an der Stroossbuerger Strooss. Op aneren Ecker sëtzen een oder zwee Leit, déi konsuméieren. Persounen, déi heeschen, begéinen ech deen Owend net a just eng eenzeg Kéier ginn ech ugeschwat an eng Zigarett gefrot vun engem jonke Mann, deen net onbedéngt op der Strooss lieft. Um Mëtternuecht verloossen ech d’Stroosse vun der Gare.
14. Abrëll, kuerz no 5 Auer moies op der Stater Gare. Obwuel et nach däischter ass, fänkt d’Gare lues a lues u mat liewen. Déi éischt Leit ginn op d’Schaff oder waarden op den ëffentlechen Transport. Ech begéine just zwee Sans-abrisen, déi d’Nuecht dobausse verbruecht hunn, soss si just nach Iwwerreschter vun der Nuecht ze gesinn. Op Plazen, wou sech versammelt gouf, läit Dreck. Zigarettestëmp, Titercher an déi eng oder déi aner Béierbéchs. An den Entréeë fänken d’Botzfraen un d’Hannerloossenschafte vun de Konsumenten ewechzebotzen. Leit, déi heeschen, hunn ech um fréie Moie keng begéint oder iergendwou sëtze gesinn.

dee mir am spéidere Verlaf seng Geschicht erzielt.
E puer Deeg méi spéit, den 18. Abrëll, ginn ech nach eng Kéier op d’Gare. Et ass kuerz viru Mëtteg. Ech si knapps aus dem Parkhaus eraus, scho schwätzt mech eng Fra un. Si schwätzt Däitsch a seet, si wier aus Bosnien. Direkt am Ufank verséchert si, si wéilt keng Suen. Ma si wier krank a kéint hiert d’Kand net nieren. D’Fra freet, ob ech net mat hir an de Supermarché goe kann, fir Mëllech ze kafen oder e puer aner Liewesmëttel. Ech soen “Nee” a wëll weidergoen, do geet si mir e puer Schrëtt no. “Ich flehe Sie an, Bitte. Ich flehe Sie an.” Réischt wou ech net méi sou frëndlech, mee bestëmmt Nee soen, dréit si sech ëm a geet.
Knapps ëm den Eck dann eng Fra an e Mann. D’Fra sëtzt op enger Wallis um Buedem. De Mann huet Sneaker vun enger bekannter Mark un a steet nieft hir. Si schwätzen a laache mateneen. Virun der Fra läit eng Béchs um Buedem. An nëmmen honnert Meter weider déi nächst Fra, déi heescht. Et ass eng eeler Fra. Si huet e Kappduch op a sëtzt wéi déi aner Fra op enger Wallis. Och si huet e Becher viru sech stoen.
Eng 20 Minutte méi spéit huet si sech ëm e puer Meter deplacéiert. De Mann, dee virdrun nach bei der jonker Fra stoung, kënnt op déi eeler Fra duer a gehäit hir en Handy an de Schouss. Duerno freet hie si e Briquet, fänkt sech eng Zigarett un a bleift e puer Meter nieft der Fra stoen.
Ech maachen nach eng Kéier den Tour a komme ronn eng hallef Stonn drop zeréck an d’Al Avenue. Elo huet déi jonk Fra vum Heescherten-Grupp sech deplacéiert. Op der aner Stroossesäit direkt nieft engem Busarrêt huet si rëm op der Wallis Plaz geholl. De Mann mat de Marken-Sneaker ass och dës Kéier net wäit. Hie sëtzt e puer Meter méi wäit op den Trape vun engem Café.
Fir déi eng gehéieren d’Heescherte schonn zum Alldag dozou. “Ech schaffen zënter 15 Joer am Zeitungsbuttek op der Gare. Mir erdroen et, mir leiden drënner, mee mir liewen einfach domat. Souwisou ass et iwwerall esou, mir kënnen et net änneren”, seet d’Maria.
Anerer fannen et einfach ermiddend. Esou och de Philippe Aroule. Zënter 5 Joer verdeelt hien Zeitungen an der Entrée vun der Gare an huet hei och scho villes gesinn. “Et hänkt vun der Persoun of, mee heiansdo insistéiere se wierklech vill. Si froen no Zigaretten oder no Suen, fir sech e Kaffi ze kafen. Dobäi ass et just fir déi nächst Dos.” De Philippe Aroule huet d’Gefill, et wier iwwert déi lescht Jore méi ginn. “A se sinn däitlech méi direkt. Si schwätzen een direkt un a ruffen och emol Frechheeten hannendrun, wann een hinnen näischt gëtt.”
An der Bäckerei vis-à-vis vun der Gare empfënnt een de Géigendeel. “Déi lescht Méint ass et iergendwéi méi roueg ginn. Soss si se an de Buttek erakomm an hunn d’Clienten un den Dëscher direkt ugeschwat. Mir hu se dunn ëmmer misse rausgeheien. Elo kënnt dat net méi sou dacks vir”, sou d’Natali, Gerante vun der Bäckerei. Op der Gare huet ee vun allem, erzielt si weider. “Bei eis sinn dacks déi erakomm, déi wierklech aarm dru waren. Si hu quasi ni no Sue gefrot, mee no engem Croissant, engem Bréitchen oder no eppes ze drénken.”
An eppes si si sech awer alleguer eens. Verbréngt een nëmmen e bëssen Zäit an der Géigend, kann een direkt dräi Gruppen ënnerscheeden. Déi, déi wierklech schlecht dru sinn an heesche fir ze iwwerliewen, déi, déi domat hir Sucht finanzéieren an déi organiséiert Banden, déi aus der Heescherei e Geschäft maachen. An och ech hunn et a menge puer Deeg op der Gare genee sou erlieft.