Heescherei um Stater MaartMir gi belästegt, beklaut a souguer agresséiert, sou d'Maartleit

RTL Lëtzebuerg
Zweemol d'Woch ass an der Uewerstad de Stater Maart. Zënter dass dësen op den Hamilius geplënnert ass, huet een immens vill Problemer mat der Heescherei.

No mengem Erfarungsbericht iwwert d’Heescherei an der Stad, huet d’Svenja sech gemellt. Déi 26 Joer al Fra huet virun dräi Joer de Verkafsstand vu sengen Elteren iwwerholl an ass op e puer Mäert uechtert d’Land ënnerwee. Ech hunn d’Situatioun mat den Heescherten an der Stad jo relativ roueg erlieft. Ma um Stater Maart géif et awer net esou roueg oflafen, erzielt mir d’Svenja an huet mech Samschdeg den 22. Abrëll mat op de Maart um Hamilius geholl.

Déi éischt Heescherte schonn um fréie Moien

Et ass knapp 7 Auer moies, wéi mir mat der Camionnette op der Maartplaz ukommen. Schonn an der Entrée sëtzt déi éischt Persoun ze waarden. Ma virun e puer Méint war et nach vill méi schlëmm, seet d’Svenja a weist mir e Video vun dësem Januar.

Hei gesäit ee wéi d'Heescherte sech scho Moies fréi treffen
Dëse Video gouf am Januar 2023 um Stater Maart opgeholl.

Wat méi Zäit vergeet, wat der méi dobäikommen. Déi eng sëtzen um Buedem mat engem Becher oder engem Schëld, anerer trëppelen um Maart hin an hir. Verschiddener plënneren och vun enger Plaz op déi aner, fir déi Positioun ze hunn, wou de meeschten Duerchgang ass.

Déi eng sinn nach relativ jonk a schwätze Lëtzebuergesch, déi aner sinn alkoholiséiert. Ee schwätzt italieenesch mat mir an da ginn et nach eeler Damme mat Kappduch a Tuten, déi bei der fréierer Bank setzen ze waarden.

Ma och wa relativ vill Heescherten op der Maartplaz a ronderëm sinn, erliewen ech selwer et deen Dag als zimmlech roueg. Et muss een awer och soen, dass deen Dag méi Police an der Stad war wéinst der Hochzäit vun der Prinzessin Alexandra.

D’Svenja an eng Partie aner Maartleit erziele mir awer, wéi schro et déi lescht Zäit um Stater Maart gi war.

“Et ass net méi schéin hei”

Eng Partie Keese goufe geklaut, Clientë kréie Suen aus der Täsch gezunn an d’Maartleit ginn aggresséiert an dat souguer mat physescher Gewalt, wéi ee mir erzielt.

Um Stater Maart gëtt ee beleidegt, beklaut an aggresséiert

D’Heescherte vun den organiséierte Bande wieren hei awer mol net onbedéngt de gréisste Problem. “Et sinn eng Partie Sans-abrisen, déi en Drogen- oder Alkoholproblem hunn. Bon si sinn dacks net ganz bei sech a ginn dann och mol aggressiv, wa se net dat kréie wat se wëllen”, sou d’Margarida Dias, wat zënter 30 Joer en Uebst- a Geméisstand huet.

Esou eng Erfarung huet och d’Svenja gemaach. Wéi ee bei him Iesse bestallt huet an Ausrieden erfonnt huet, wisou en net bezuele kéint, huet hatt sech geweigert, him d’Iessen ouni Bezuelung ze ginn. “Hien huet dunn einfach versicht, mir d’Tuten aus dem Grapp ze rappen. Si klauen net nëmme Keesen, mee och Liewensmëttel. Wann ee se erwëscht, gi se dacks gewalttäteg.”

Virun e puer Woche wier ee Geschäftsmann vum Maart souguer um Hals geholl ginn, well en e Grupp erwëscht huet, deen eng Kiwi klaue wollt.

“Dat gëtt engem schonn e Gefill vun Onsécherheet”, sou d’Svenja, wat sech och ëm d’Clientèle Suerge mécht.

Suen, Suen, Suen

Et hätt ee schonn e puer Mol versicht, den Heescherten entgéint ze kommen. “Heiansdo bidde mir hinnen eppes ze iessen un, dat bréngt eis jo net ëm. Ma da gi mir vernannt oder kréien d’Liewensmëttel zeréckgehäit. Si wéilte just Suen”, kréien ech direkt vun e puer Maartleit erzielt.

“A wann een hinnen dann 1 oder 2 Euro gëtt, kommen se d’Woch duerno no 10 Euro froen an eng weider Woch méi spéit 50 Euro. Dat ass eng Frechheet”, fënnt d’Svenja. Dobäi géifen d’Heescherten um Stater Maart dat grousst Geschäft maachen, wéi d’Maartleit kuerz virum Feierowend matkréien. “Si kommen da bei eis hir erheeschte Mënz ëmtauschen. A mir schwätzen hei net vu 5 Euro, mee vun 200 oder 300 Euro. Dat ass da scho krass fir eis, well mir fir déi Suen hei de ganzen Dag schaffen”, erzielt déi jonk Verkeeferin.

“Streetworker sinn eng Hëllef, mee dat geet net duer”

D’Situatioun um Stater Maart hätt sech scho verbessert, zënter dass d’Streetworker vun à vos côtés hei ënnerwee sinn, sou d’Sylvie, wat zanter 17 Joer um Maart schafft. “Si schwätze mat hinnen, soen hinnen a wéi eng Struktur se kënne goen oder berouege se, wa se eskaléieren.” Ma et kéint een awer just deene Leit hëllefen, déi och Hëllef wëllen.

Dat nei Reglement, wat d’Heescherei an Zukunft an der Stad verbidde soll, fënnt een allgemeng gutt, och wann eng Partie Maartleit der Meenung sinn, dass een och de Problem dohannert léise misst. Ma d’Reglement misst dann awer och an der Praxis ëmgesat ginn. Allgemeng géif ee sech och méi Policepresenz wënschen, an dat net réischt wa rëm eng geschitt ass.

Back to Top
CIM LOGO