Zwee Blesséierter bei Kollisioun tëscht Bus a Moto

© Laurent Weber / RTL
Nieft dräi Accidenter mat am Ganze véier Blesséierte mellt den 112 fir déi zweet Kéier e Samschdeg en Auto, deen zu Wolz a Brand stoung.
Tëscht Ueschdref an Heeschpelt koumen e Samschdeg kuerz virun 18 Auer e Bus an e Motorrad net laanschteneen. Zwou Persoune goufe beim Accident blesséiert a vum Ettelbrécker Samu, souwéi de Rettungsdéngschter aus der Nordstad, vu Rammerech a Gréiwels versuergt.
Géint 18.50 Auer waren d'Pompjeeë vu Wolz an aus dem Kiischpelt fir déi zweet Kéier wéinst engem Auto a Brand op Wolz geruff. Dës Kéier hat e Won an der Rue du Dix Septembre gebrannt. Schonn e Samschdeg de Moien um 9 Auer stoung an der Rue General Patton zu Wolz e Won a Brand.
Eng weider Kollisioun gouf et da géint 1.20 Auer zu Wickreng an der Rue des Trois Cantons. Eng Persoun gouf hei blesséiert, wéi et tëscht zwee Autoe geknuppt hat. Am Asaz waren d'Ambulancieren an d'Pompjeeë vun Esch, grad ewéi vu Monnerech-Recken.
E Sonndeg de Moie géint 10 Auer gouf dann nach e Motocyclist blesséiert, wéi hien tëscht Fluessweiler a Beyren mat sengem Gefier gefall war. D'Rettungsdéngschter vu Mäertert a vu Fluessweiler waren op der Plaz.