Stroumzieler vu Stot a Betrib net getrenntVill Bauere kënnen net vun der Energie-Hëllef profitéieren

Diana Hoffmann
D'Centrale paysanne reegt sech op, datt de Landwirtschaftssecteur bei der staatlecher Ënnerstëtzung a puncto Energiekäschte bausse vir gelooss gëtt.
Vill Bauere kënnen net vun der Energie-Hëllef profitéieren
D’Centrale paysanne reegt sech op, datt de Landwirtschaftssecteur bei der staatlecher Ënnerstëtzung a puncto Energiekäschte bausse vir gelooss gëtt.

D’Bauere géingen domat wéi Bierger 2. Klass behandelt ginn, heescht et.

Vill Bauere kënnen net vun der Energie-Hëllef profitéieren

Zanter Januar hëlleft d’Regierung Privatstéit, déi héich Energiepräisser ze strämmen. Dës goufen op den Niveau vun 2022 stabiliséiert, fir Stéit, déi en Energieverbrauch ënner 25.000 kWh hunn. Bauere géingen awer dacks net ënnert dësem Seuil bleiwen, erkläert de Christian Wester, President vun der Bauerenzentral.

Et ass historesch bedéngt, dass d’Betriber alleguerte just ee Stroumcompteur hunn. Sträichbetriber brauchen notamment och méi Stroum an erreechen domat de Seuil relativ séier.

Senger Meenung no sinn d’Majoritéit vun de ronn 1.500 haaptberuffleche Bauerebetriber concernéiert. Ausname ginn et just do wou ëm- oder ausgebaut gouf.

D’Bauerenzentral proposéiert dofir, dass e bestëmmten Duerchschnëttsverbrauch definéiert gëtt, an d’Betriber dann e Forfait kréien.

De Landwirtschaftsminister Claude Haagen hätt ee schonn e puer mol inoffiziell op de Problem ugeschwat.

“Hien huet relativ wéineg dorobber ginn. Hien mengt dann, mir sollen en 2. Compteur sëtzen. Mee d’Betriber hunn net haut oder muer en 2. Compteur. Dat ass och net esou einfach an käschteméisseg gëtt an deene meeschte Fäll deen 2. Compteur méi deier wéi dat wat de Betrib géing spueren. Da mécht et kee Sënn.”

De Landwirtschaftsminister soll d’Doleancë vun der Landwirtschaft vertrieden, seet de Christian Wester.

De Claude Haagen war net fir eng Stellungnam bereet. Hien géing eréischt reagéieren, wann de Sujet um Freideg am Regierungsrot beschwat gouf, huet et aus sengem Ministère geheescht.

Dozou muss een awer soen, dass et beim Stroumverbrauch verschidden Tariffer ginn:

Een Tarif A fir ee Verbrauch ënner 25 000 Kilowatt, dee fir di meescht privat Stéit gëllt an een Tarif B fir déi, déi ee Stroumverbrauch iwwer 25 000 Kilowatt hu wéi eben Bauerebetriber.

Den Tarif B ass méi niddreg, sou dass Bauerebetriber hire private Stroum di lescht Joren ëmmer zu engem méi niddregen Tarif kruten wéi soss privat Leit.

Back to Top
CIM LOGO