"Den C steet net fir Relioun, den C steet fir ons Grondwäerter!"

© Céline Spithoven
Iwwert de Summer kënnt all Sonndeg en anere Spëtzekandidat zu Wuert. Wou den Interview stattfënnt, wielt den Invité selwer aus.
Passend bei de Kader a säin neien Image, kënnt de Luc Frieden a Sportschong, och op Social Media fleegt hie bewosst e méi labbert dynamescht Bild vu sech. De ganzen Interview iwwer ass hien extrem "alert" a konzentréiert. Et ass en Exercice, deen him läit, him gefeelt huet an offensichtlech och Spaass mécht, mee wou e weess, dass all Wuert zielt, kuerz Paus virun all Äntwert an da kënnt et drockräif.
Firwat d'Conter Sportshal?
Well seng Duechter hei Basket gespillt an de Papp op de Gradine souz. Mä och hie war an ass nach ëmmer sportlech, aktiv an der Jugend als Schwëmmer, haut um Vëlo oder Wanderen. Sport wier wichteg "... fir d'Educatioun, d'Gesondheet an d'Zesummeliewen".
Den "neien an den "ale" Luc"
D'Bild vum seriöe Politiker hätten d'Leit wuel och, well hien déi aner méi privat Säit vu sech bewosst ni gewisen hätt. Vläicht e Feeler, seet en haut. D'Zäiten an hien hätte geännert, d’CSV presentéiert hire Spëtzekandidat jo och als den "neie Luc". Hie wier einfach och geräift: "Ech war mat 34 Joer Minister, haut eng vill méi räich Erfarung an déi wëll ech mat erabréngen, och dat ass den neie Luc!”.
Dass schonn eleng de Virnumm Proximitéit soll weisen, gëtt e gären zou. De Luc Frieden ass awer kee Xavier Bettel, Selfiewalkampf ass net senges. Just ouni Mandat ass hie gezwongen, vill ënnert Leit ze goen an ass well och present op de Soziale Medien. Am direkte Kontakt ass hie kloer méi entspaant wéi a Ministeschzäiten, laacht dacks, mä am Fong ass wéineg changéiert.
Säi Bescht ginn, Éischte si wëll hien nach haut an dat scho vu Kand un. Seng Mamm, eng Léierin, hätt him d’Disziplin derfir bäibruecht. "Dat ass eppes, wat ech doheem geléiert hunn a wat ech versichen och elo an dëser Roll als Spëtzekandidat ëmzesetzen, dat gehéiert och fir mech zu engem Leadership". Leadership ass en dacks zitéiert an assuméiert Wuert, de Luc Frieden ass de Chef, huet d'Kontroll vun der Walcampagne, déi op Mooss op de Spëtzekandidat zougeschnidden ass.
Deutsche Bank am Plaz Krautmaart: de richtege Choix
Seng Partei huet hie gebraucht, war hie siche komm, a wat virun 10 an och nach 5 Joer en Nodeel war, gëtt elo als Bonus verkaf: raus aus der Politik gewiescht ze sinn, op London am Plaz d’Oppositiounsbänk ze drécken. Jo, no der Regierung wier d'Chamber effektiv net spannend gewiescht, hien hätt nei Defie gebraucht. Keng Flucht also, kee "sech ze Schued sinn", mee eng Auszäit, déi him nei Erfarunge bruecht hätt, sou den Narrativ.
Inhaltlech fält elo d'Betoune vun Ekologie an Aarmutsbekämpfung op. Wou déi gréng versot hätten, fir d'erneierbar Energien auszebauen, an déi rout sech net vill Gedanke maache géingen, wou d'Sue fir Sozialleeschtungen hierkomme sollen. Keng Spëtzt géint d'DP, mat där hätt e méi Schnëttmengen, virop wat Gesondheetspolitik oder Steiere betrëfft.

© Chris Schagen
Steieren erof fir jiddereen: kee Populismus, machbar dank Wuesstem
Méi Netto vum Brutto, déi versprache Steierbaissë fir jidderee géinge sech iwwert de Wuesstem quasi selwer finanzéieren. De Staat misst just an Zukunft méi selektiv bei Aidë virgoen. "Eng Energieprimm hätt net jidderee misse kréien. Deen, deen eng uerdentlech Pai huet, dee muss vläicht och an enger Energiekris säi méi deieren Hëtzes selwer bezuelen".
Fir den Ex-President vun der Chambre de Commerce brauchen net just Bierger méi Kafkraaft, och d'Betriber Steiererliichterunge fir Kompetitiv ze bleiwen. "E Wuert, wat mir ons dacks net méi trauen ze benotzen. Ech wëll evitéieren, dass Aarbechtsplaze vu Lëtzebuerg an d'Ausland verlagert ginn, ... dass mir also kucken, dass mir méi attraktiv si wéi Noperen, dat ass fir mech keen Dumping”.
Et bréicht kloer Wuesstem, fir onsen héije Liewensstandard ze erhalen. Nach wieren d'Rente sécher a keng Reform néideg, mee e geneeë Monitoring. "Well soss kënnt och do de Moment vun der brutaler Ännerung vill méi schnell”, spréch dem Juncker seng berüümte Rentemauer.
Net méi riets, nach ni lénks, just nach an der Mëtt
Sech oder seng Partei sollt ee weder liberal nach konservativ nennen. "Op EU-Plang ass d'EVP, zu där d'CSV gehéiert, eng Mëtt-riets Partei, mee och den Ausdrock riets zu Lëtzebuerg gëtt anescht interpretéiert an dofir ass et fir mech eng grouss Partei vun der Mëtt". Mee wann déi grouss Parteien all an der Mëtt sinn, wat ënnerscheet se nach vuneneen? A riskéiert esou d'DP net déi nei CSV ze ginn, si ze ersetzen?
"Et ass een an der Politik ëmmer an engem Konkurrenzkampf vun den Iddie mat aneren. A wann anerer Iddien oder Fassonge kopéieren, déi d'CSV iwwer Joren entwéckelt huet, dann ass dat e potentielle Risk deen ech gesinn, mee nach ass et besser et ass ee beim Original, wéi bei der Kopie”.
CSV, de Spigel vun der Gesellschaft: ëmmer manner reliéis
Wéi e Verhältnes zur Kierch a wéi eng Roll spillt den C iwwerhaapt nach?
"Den C steet net fir eng Relioun. Den C steet fir Grondwäerter, den Humanismus, deen an eiser Gesellschaft extrem wichteg ass!"
Och wann d'CSV Kannergeld fir déi verduebele wëll, déi bis zur Grondschoul hir Kleng doheem halen, sou wier een och do net ideologesch. D'CSV géing eng Politik maachen, fir all Forme vu Familljeliewen ze ënnerstëtzen, mee de Staat sollt net imposéieren, wéi d’Kanner versuergt ginn.
Walzil: an d'Regierung kommen
Zanter senger Spëtzekandidatur konnt den Ofwäertstrend an de Sondagë gestoppt ginn, mee déi virausgesote 17 Sëtz wieren nach ëmmer dat historescht schlechtste Resultat. De Luc Frieden weess, wéi schwéier de Match gëtt. Bei der Kommunikatioun d'Lat deementspriechend net ze héich geluecht. No Baussen deklaréiert Zil ass manner de Premier ginn, wéi d'Partei endlech aus der Oppositioun kréien.
"E Succès ass déi gréisste Partei um Owend vun de Walen ze sinn... Sëtz-méisseg. En Echec, wann dat net sollt geléngen."
Koalitiounsaussoe mécht hien natierlech keng, kéint awer mat all den anere Parteie vun der Mëtt. Nennt sech selwer e Bréckebauer... en Terme, deen de Xavier Bettel jo dacks och fir sech benotzt huet. De Luc Frieden betount awer, wéi wichteg et ass, dass de Premier an enger Regierung kloer de Cours ugëtt, do ass et nees de Leadership, tëscht den Zeilen: dee hie méi hätt wéi den aktuelle Premier.
Eng Koalitioun zu Zwee wier am einfachsten, mee duerch d'Zersplitterung vun der Parteielandschaft schwiereg.
"Wat ee manner Parteien an enger Regierung huet, wat een de Koalitiounsprogramm besser ëmgesat kritt. Dräi ass vill... vläicht mussen et der 3 sinn, mee 4 ass eng Katastroph!".
Festleeë wéi et ausgeet, wëll hie sech natierlech net, mee de Luc Frieden weess genee wat um Spill steet fir d'Partei a fir sech selwer. E Leader muss assuméiere ob et klappt ... oder ob et schif geet. Am leschte Fall wier et dann awer de Krautmaart. Wat dat fir d'CSV bedeite géing 5 weider Joren an der Oppositioun ze sinn, doru wëll hien am Moment guer net denken.

© Chris Schagen