"Ech hunn elo d'Gefill genau ze wëssen, wou ech hi wëll"

© Christophe Nesser
Iwwert de Summer kënnt all Sonndeg en anere Spëtzekandidat zu Wuert. Wou den Interview stattfënnt, wielt den Invité selwer aus.
"Ech hu vill schéin Erënnerungen un de Beetebuerger Park. Als Kand an herno och mat menge Kanner", esou d'Explikatioun firwat d'Paulette Lenert sech dës Plaz fir den Interview erausgesicht huet. D'Papageien hätt si ëmmer flott fonnt. D'Begeeschterung fir d'Déieren ass hir bliwwen. Vun enger Rei ginn och Fotoe gemaach, fir de Kanner ze weisen.
D'Kanner sinn an Tëscht zwou erwuesse Fraen. Alle béid liewen am Ausland. Dat géif et och e bësse méi einfach fir si maachen, fënnt d'Paulette Lenert. D'Gesondheetsministesch a Spëtzekandidatin vun der LSAP steet zanter der Pandemie vill am Fokus vun der Ëffentlechkeet. Si géif vill erkannt an och dacks ugeschwat ginn. D'Thema bei dëse Gespréicher wier a ville Fäll ëmmer nach d'Pandemie - esouwuel am Positiven wéi am Negativen.
Iwwer Nuecht bekannt
D'Paulette Lenert ass als relativ onbekannte Ministesch fir Kooperatioun a Konsumenteschutz quasi iwwer Nuecht zur Krisemanagerin vun enger Pandemie ginn. "Wéi mir erëm konnten erausgoen, hunn d'Leit mech op eemol kannt. Dorun hunn ech mech musse gewinnen."
Wéi bei deene meeschten ëffentlechen Optrëtter vun der Ministesch ass och bei dësem Interview e Sécherheetsbeamte mat derbäi. Dësen hätt och schonn e puer Mol missen agräifen, erkläert d'Paulette Lenert op Nofro. Dat virop wann Impfgéigner si aggresséiere wollten. "Ech ginn dowéinst och net méi eleng duerch d'Stad spadséieren a shoppen oder sou."
Eng Aschränkung, déi si awer a Kaf hëlt, fir effektiv eppes ze beweegen. "Een Deel vu mir seet ganz kloer: 'Du bass hei net fäerdeg'. Ech bräicht sécherlech nach e puer Joer, fir dat wat ech ugefaangen hunn esou ze festegen, dass ech zefridde wär." Dat géif hir schonn e bëssen déck doen. "Et ass fir d'éischt a mengem Liewen, dass ech d'Gefill hunn, et selwer guer net an der Hand ze hunn, wat professionell mat mir geschitt am Hierscht."
Ënnert anerem am Beräich vun der mentaler Gesondheet, géif si hir Pläng u sech gäre selwer ëmsetzen.
Weider 5 Joer Santé sinn net ausgeschloss
Op d'Fro, wéi ee Poste si an enger nächster Regierung am meeschte géif reizen, wëllt si net esou richteg äntweren, respektiv si gëtt d'Standard-Politiker-Äntwert: Dat éischt Zil wär gestäerkt aus deene Walen erauszegoen. Si seet awer och "wann een als Spëtzekandidat untrëtt, huet een natierlech d'Ambitioun de Premier kënnen ze stellen."
Nieft der Verantwortung Spëtzekandidat vun enger Partei ze sinn, kënnt fir d'Paulette Lenert och nach d'Responsabilitéit dobäi, déi éischt Fra ze sinn, déi eng realistesch Chance huet, Premierministesch ze ginn. Däers wier si sech och bewosst, et hätte schonn dacks jonk Fraen hir gesot, wéi wichteg dat Virbild fir si wier.
Dass een zu Lëtzebuerg, wéi et schéngt, wesentlech besser Chancen hätt Karriär an der Politik ze maachen, wann een als Quereinsteiger erakënnt, wollt si esou net stoe loossen. Vill Géigebeispiller sinn hir dunn awer och net agefall.

© Christophe Nesser
Meenung zu Fraequote geännert
De Manktem u Fraen an der Politik, wier wuel eng Konsequenz aus deem traditionelle Familljemodell, bei deem d'Fra virun allem dem Mann de Réck fräi gehalen huet. Dat géif sech jo awer ëmmer méi änneren, esou d'Ministesch. Fir dës Entwécklung z'acceleréieren, kann d'Paulette Lenert sech antëscht och Quote virstellen.
Et géif natierlech och vill Zäit kaschten, sech politesch z'engagéieren. Zäit déi manner bleift fir d'Famill. De Spagat tëscht Famill a Beruff ënnert een Hutt ze kréien, kennt si gutt. "Ech si fréi gescheet ginn. Deemools hätt ech mir net kënne virstellen, meng Kanner och nach a friem Betreiung ze ginn, fir kënnen nieft dem Job politesch aktiv ze sinn."
Lëtzebuerg als Virreider a Punkto Work-Life-Balance
Well haut ëmmer méi Elteren zu zwee voll schaffe ginn, misst een iwwert nei Aarbechtszäitmodeller nodenken. De Mënsch misst och vun der Innovatioun an der Beruffswelt kënne profitéieren, fënnt d'Paulette Lenert. Mir missten do e Schratt am Viraus denken a kucken, wéi d'Aarbecht vu muer wäert ausgesinn.
D'Diskussioun mam Patronat scheit si net. "A menger Zäit am Wirtschaftsministère* hunn ech d'Erfarung gemaach, dass vill innovativ Iddien aus de Betriber kommen."
Sträit mat Dokteren als gréissten Echec
De Kontakt mat den Dokteren dogéint wier méi schwiereg. Dat wier och hire gréissten Echec an dëser Legislatur. Si wier iwwerrascht gewiescht, wéi séier den Discours entgleist ass a freet sech, wéi dat konnt geschéien, ëmmerhi wier si ëmmer mat den Dokteren a Kontakt gewiescht. Ausserdeem hätt een an der Pandemie immens gutt zesummeschafft.
Wat an der Pandemie selwer gutt a schlecht gelaf ass, hätt si wëlle vun externen, objektiven Experten bewäerte loossen. Dowéinst hätt ee mat der OECD zesummegeschafft a géif dat och elo mat der Weltgesondheetsorganisatioun maachen. Do wier si sécher, dass keng politesch Aspekter géife mat eraspillen, dat wier wichteg.
Prioritéit fir national Dossieren
Sollt si Premierministesch ginn, géif si sech virop wëllen op national Dossiere konzentréieren, esou d'Paulette Lenert. Eng vun den Haaptprioritéiten dobäi wier natierlech de Logement. Et misste vill méi Locatiounswunnengen an der ëffentlecher Hand sinn.
Donieft misst een un de Prozedure schaffen. "Dat ass fir mech e ganz staarke Facteur d'attractivité als Land, dass ee schnell virukënnt. Ech si fest iwwerzeegt, dass do nach Loft no uewen ass."

© Christophe Nesser
Integratioun als Stäerkt vum Land
D'Logementskris trëfft virun allem Leit mat manner Revenu. D'Schéier tëscht Aarm a Räich ass déi lescht Joren ëmmer weider ausernee gaangen. Do wëll d'Paulette Lenert géigesteieren. Integratioun wier ëmmer dee groussen Atout vu Lëtzebuerg gewiescht an dat misste mir eis erhalen.
Den Index kéint laangfristeg iwwerdeems just funktionéieren, wann op där anerer Säit en Ausgläich duerch eng Steierreform geschaaft gëtt, esou d'Ministesch.
Steierreform wier méiglech gewiescht
Dass d'Steierreform net, ewéi am Koalitiounsaccord versprach, ëmgesat gouf, wëll d'Paulette Lenert net als Echec gesinn. Et wär ee vun enger Kris an déi Nächst komm. An hirer Partei wier een trotzdeem ëmmer der Meenung gewiescht, dass eng strukturell Verännerung duerch eng Steierreform méiglech gewiescht wier.
An Zukunft géif een awer sécher net méi derlaanscht kommen, d'Sue méi geziilt anzesetzen.
* Vun 2010 bis 2013 war d'Paulette Lenert Première Conseillère am Departement fir sozial a solidaresch Wirtschaft vum Wirtschaftsministère.