
Eng Summerpaus gëtt et fir d’Sam Tanson net. Ma dat wier dëst Joer awer net anescht wéi déi lescht Summer. Wat si elo virun de Walen awer mierkt, ass dass vill méi Interviewufroe kommen, trotz Summervakanz. Scho virun eisem Treffen hat si en anere Rendezvous mat der geschriwwener Press. Op Froen äntweren, sech presentéieren, op déi eng oder aner Aart a Weis beurteelt ginn, dat gehéiert fir si zum Alldag.
Als Treffpunkt hat déi gréng Kultur- a Justizministesch d’Plaz virum Musée Dräi Eechelen erausgesicht. Dobausse mat enger schéiner Vue a kulturellem Flair, dat passt. Ma wéinst dem Reen war den Interview dunn awer am Mudam. Eng Noutléisung, déi si direkt begréisst huet.
Wärend mir als RTL-Ekipp e Sticker mat engem groussen “M” kruten a betount gouf, dass mir dee fir d’Sécherheetspersonal gutt siichtbar sollten oppechen, krut d’Sam Tanson keen. “Mech kenne se hei schonn” äntwert si mat engem Laachen op déi Umierkung. Dat mierkt een tatsächlech och beim Personal am moderne Konschtmusée, et schéngt ee sech ze freeën, dass d’Kulturministesch laanschtkënnt.
D’Kommunikatioun no baussen huet an de leschte Joer extrem evoluéiert, däers ass sech d’Sam Tanson bewosst. Déi vill Interviewufroe maachen hir näischt aus, mee e Kamerateam am eegenen doheem fir zesummen ze kachen – wéi rezent beim Tournage fir eng RTL Emissioun – dat misst si net onbedéngt hunn. Dat hätt si och net verstoppt, betount si e puer Mol, mee am Endeffekt gehéiert och dat e bëssen zum Job. Esou wéi d’Presenz – op d’mannst eng offiziell – an de soziale Medien.
Mat de Commentairen am Internet wéilt si sech awer net méi ausernee setzen. “Et huet een d’Impressioun, et wier ee Freiwild.” Si wéilt och net, dass hir Kanner spéider Saachen iwwert si misste liesen, déi si perséinlech treffen an net ubruecht sinn. Dofir huet si virun 3 Joer och hir perséinlech Facebook-Säit geläscht.
D’Sam Tanson schwätzt léiwer iwwer Themen, wéi iwwert sech selwer, dat huet si am Interview e puer Mol kloer gestallt.