Wéi eng Konsequenze riskéiert een, wann ee géint Verbuet verstéisst?
An Zweedrëttel vun de Gemengen ass Freedefeier och fir de Joreswiessel verbueden. Et huet ee sech besser un d’Verbuet ze halen.
Et ass d'Gesetz wat reegelt, wéi eng Knupperten hei am Land iwwerhaapt däerfe verkaaft ginn. Ma wann ee se däerf besëtzen, heescht net, dass ee se och däerf lassloossen. "De Gebrauch ass anescht reglementéiert", erkläert den Affekot Jean-Jacques Schonckert. Do decidéieren d'Gemengen. Si kënne Freedefeier verbidden, oder et erlaben. Den Ament géingen déi meescht et awer wéinst der Tranquilité publique verbidden. Méi genee sinn et ronn Zweedrëttel vun alle Gemengen, wou de Buergermeeschter keng Derogatioun ginn huet, fir dass d'Bierger kënnen e Freedefeier op Gemengenterritoire lassloossen. Ëmmer manner Mënsche géinge sech nach iwwert esou e Verbuet beschwéieren, seet den Emile Eicher, President vum Gemengesyndikat Syvicol. Et wier jo net fir d'éischt, dass et géing gëllen. Dat hätt sech esou iwwer d'Joren erginn. Virdrun hätten d’Bierger sech wéinst dem Kaméidi beklot.
Dacks heescht et awer och, et géing jo dach keen d'Verbuet kontrolléieren. Esou eng Kontroll läit eigentlech bei der Police. "Mee wéi der wësst, ass och fir si Silvester. Si kënnen net iwwerall sinn", mierkt den Emile Eicher un. Hie geet dovunner aus, dass de gesonde Mënscheverstand virherrscht an d'Leit sech un d'Verbuet halen. All Joer géingen dat souwisou méi Leit maachen.
Wien da bei engem Verstouss géint d'Verbuet erwëscht gëtt, dee riskéiert eng Geldstrof vu bis zu 250 Euro. Schlëmmer ass awer, wann et zu engem Accident kënnt. Zum Beispill wann e Knuppert e Feier ausléist oder eng aner Persoun blesséiert.
"Zu Lëtzebuerg sinn d'Haftflichtversécherungen net obligatoresch. Mee ech ka mer och net virstellen, an deem Fall, wou een dat Verbuet virsätzlech violéiert, dass dann eng Haftflichtversécherung opkënnt", erkläert de Marc Hengen vun der Associatioun vun den Assurancen, der ACA. D'Haftflichtversécherung wier jo schliisslech, fir wann een engem ongewollt e Schued géing maachen.
A wéi enge Gemengen dann e Freedefeier erlaabt ass an a wéi engen net, dat fannt dir hei am Artikel op RTL.lu.