Nom gréissere Virfall op engem japanesche Flughafen, wou e Fliger en aneren op der Landebunn erwëscht huet, stellt sech d'Fro, wéi dat geschéie kann.

Dësen Dënschdeg ass en Airbus A350 vu Japan Airlines um Flughafen Haneda zu Tokio bei der Landung an en anere Fliger gerannt, deen op der Landebunn stoung. Dobäi koume 5 Mënschen aus dem Fliger vun der Küstenwache ëm d'Liewen. Déi 379 Passagéier vum Passagéierfliger koumen ouni gréisser Blessuren dovun.

Wat Hannergrond vun dësem Accident war, do ginn et eng Partie Spekulatiounen an d'Ënnersichungen hu réischt ugefaangen. Bis ewell heescht et awer, dass d'Faiten op mënschlecht Versoen zeréckzeféiere sinn. Aus de Matschrëfte vum Tower geet nämlech ervir, dass de Passagéierfliger eng Erlabnis fir ze Landen hat an de klenge Fliger soll gesot kritt  hunn, op enger Plaz nieft der Landebunn ze waarden, an hätt also zu deem Ament net sollen op der Landebunn stoen.

Ermëttlunge sollen elo weider Detailer klären.

Kéint dat zu Lëtzebuerg geschéien?

Op der Lande- a Startpist ass ëmmer nëmmen ee Fliger erlaabt. Dëst gëtt duerch eng ganz Rei Prozedure vum Tower iwwerwaacht. Et ginn europäesch an och international Virschrëften, déi de ganzen Oflaf festhalen. An och d'Kommunikatioun gëtt immens einfach gehalen, fir dass et net zu Verständnisfeeler kënnt. Esou e Virfall, wéi et a Japan geschitt ass, ass immens onwarscheinlech, awer net onméiglech, esou den Dirk Becker, Generalsekretär vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Linne-Piloten (A.L.P.L).

Wann dann e Gefier oder e Fliger op der Landebunn steet, wärenddeem e Fliger um Landen ass, da gëtt et nach d'Méiglechkeet, dass de Pilot dëst Gefier gesäit. Dat hänkt awer dovun of, wéi d'Wiederkonditioune sinn. Bei guddem Wieder a wärend dem Dag kéint de Pilot a sou engem Fall duerchstarten, also rëm an d'Luucht goen. Dat ass eng Prozedur, déi d'Pilote bei der Ausbildung an och bei Übungen ëmmer nees trainéieren.

Ausgebilte Pilote mussen nämlech all Joer an Opfrëschungscoursen. 16 Stonnen d'Joer verbréngen d'Piloten am Fluchsimulator a prouwen aussergewéinlech Situatioune fir den Eeschtfall.

A wann et awer esouwäit kënnt?

Wann et awer zu Tëschefäll oder Accidenter op der Pist vum Findel kënnt, dann ass de CGDIS ni wäit ewech. D'Kasär um Findel ass nämlech permanent vu Beruffspompjeeë besat, déi nieft där normaler Ausbildung nach eng speziell Formatioun gemaach hunn. Dräi spezialiséiert Läschcamione sinn hei disponibel, déi 10 Mol méi Waasser op d'Plaz brénge kënnen, wéi déi normal Gefierer. Dës kënnen och méi séier fueren. Vum Moment vun der Alerte bis op d'Plaz vum Virfall, dierfen d'Pompjeeën nämlech maximal 3 Minutte brauchen.

An engem Läschwon ass Plaz fir 3 Pompjeeën, d'Camione kënnen awer souguer vun engem eleng mat Hëllef vun engem Joystick bedéngt ginn. D'Pompjeeën hu reegelméisseg hir Übungen an all zwee Joer gëtt et e "full scale" Exercice, wou den Eeschtfall geprouft an eng ganz Maschinn evakuéiert gëtt. Den Alarmsystem an d'Sireenen iwwerdeems ginn all Dag getest.

Kënnt et dann haart op haart, da kënnt Verstäerkung vun Nidderaanwen, Sandweiler an aus der Stad. E Grond ze panikéiere gëtt et also net, a wéi den Dirk Becker, dee selwer nach aktive Pilot bei enger Lëtzebuerger Fluchgesellschaft ass, sot ass esou en Accident wéi et a Japan geschitt ass héich onwarscheinlech.