Zu Senneng war d'Cellule de crise e Mëttwoch de ganzen Dag beieneen. Si huet d'Situatioun permanent evaluéiert an deementspriechend Mesuren decidéiert.

Am Communiqué e Mëttwoch de Mëtteg confirméieren d'Membere vun der Cellule de crise, dass d'Schoulen - dat heescht Fondamental, Secondaire an aner Strukturen - en Donneschdeg nees normal funktionéieren an op sinn. Dat och, wann et duerch de gemellte Schnéi nach wäert zu Perturbatioune kommen.

E Mëttwoch gouf et wéinst de Wiederkonditiounen an de Schoule jo kee Cours, mä just een Accueil.

Mer hätten dat graffst hannert eis, sot iwwerdeems den Inneminister Léon Gloden no der Reunioun mat der Cellule de crise um 14 Auer.

Extrait Léon Gloden

"Du si mer vun der Phas rouge op d’Phas orange eriwwergaangen. Et gesäit ee jo och dobaussen, dass sech d’Situatioun gutt verbessert huet. Am Owend erwaarde mer bis zu 10 Zentimeter Schnéi op verschidde Plazen. Mee am Prinzip dierft dat kee Problem sinn. Mir behalen dat am Aen. A muer ass och nees Schoul fir d’Schüler an d’Schülerinnen."

D’Previsioune vun en Dënschdeg den Owend wiere richteg gewiescht, a wéi virausgesot wieren d’Temperaturen e Mëttwoch am Nomëtten an d’Luucht gaangen. En Donneschdeg wier dann nach plazeweis mat Schnéi ze rechnen. Doriwwer eraus wier awer "Business as usual".

E Mëttwoch den Owend huet den Inneminister Léon Gloden am RTL-Interview e positive Bilan gezunn a war zefridde mat den Decisioun vun der Cellule de crise.

De Fuerverbuet fir Camionen iwwer 7,5 Tonnen op den Autobunne gouf e Mëttwoch an der Mëttegstonn opgehuewen.

Situatioun e Mëttwoch de Moien

Virun 8 Auer e Mëttwoch de Moie war d'Krisecellule schonn zwee Mol um Sennenger Schlass beieneen. Dat huet den Inneminister Léon Gloden am RTL-Journal confirméiert.

Extrait Léon Gloden

Op där Plaz huet de Minister nach emol den Appell un d'Leit gemaach, datt se sollen doheem bleiwen, wa se nëmme kënnen. Schonn en Dënschdeg ware verschidde Mesuren decidéiert ginn, ënner anerem datt keng Schoul ass an datt de Camionstrafic op der Autobunn verbueden ass. Nei war dann awer d'Meldung, datt verschidde Bussen, déi de Grand-Duché mat den Nopeschlänner verbannen, géifen ausfalen. Betraff ware verschidde Linnen a Richtung Frankräich an a Richtung Saarland. All D'Detailer ginn et am Communiqué vum Gouvernement.

Déi zoustänneg Verwaltunge goufen an Alerte gesat. Et wier een och am Kontakt mat den Autoritéiten aus der Groussregioun, sou nach de Léon Gloden.

Ëmfro

D'Schreiwes vun der Krisecellule

Levée de la vigilance rouge et bilan des intempéries du 17 janvier (17.01.2024)
Communiqué par : Cellule de crise La cellule de crise «intempéries» s'est réunie de nouveau ce mercredi, 17 janvier 2024 à 14 heures, sous la présidence du ministre des Affaires intérieures, Léon Gloden, pour faire le point de la situation.

Après le passage de pluies verglaçantes importantes jusqu'à 14 heures, la situation commence lentement à se détendre, avec une augmentation des températures prévue courant de l'après-midi. En cours de soirée, les précipitations pourront se transformer peu à peu en neige.

De ce fait, la vigilance rouge «intempéries» a été levée à 14 heures. Une vigilance orange restera en vigueur jusqu'à 16 heures.

Les autorités continuent de suivre l'évolution de la situation de près.
L'interdiction de circulation pour les camions > 7,5t sur l'ensemble du réseau autoroutier a été levée à midi.

Les trains circulent normalement. Les bus express vers Sarrebruck restent suspendus jusqu'à 15 heures.

Les écoles fondamentales, lycées, centres de compétences en psychopédagogie spécialisée et structures d'éducation et d'accueil reprendront leur fonctionnement normal, demain, jeudi 18 janvier.

Des perturbations de la circulation peuvent pourtant persister.

Les équipes du CGDIS et de l'Administration des ponts et chaussées ont dû intervenir à plus de 180 reprises avec une cinquantaine d'ambulances jusqu'à midi. 83 chutes ont été enregistrées.

Jusqu'à 14 heures, 33 accidents de circulation ont été signalés à la police grand-ducale.

La population est priée de suivre l'évolution de la situation auprès des sources officielles, www.meteolux.lu, www.infocrise.lu, @infocriseLU, @CGDISlux, ainsi que les médias nationaux.

Le ministre des Affaires intérieures, Léon Gloden, exprime la reconnaissance du gouvernement pour la bonne coopération entre les différentes entités étatiques et remercie les agents et les volontaires pour leur disponibilité et leur engagement au cours des dernières heures, ainsi que la population d'avoir respecté les consignes officielles.