2.476 Kanner hu vum Accueil an de Grondschoule profitéiert
D'Cellule de crise hat en Dënschdeg den Owend decidéiert, datt e Mëttwoch keng Schoul wier, dat wéinst de Wiederkonditiounen.
Wéi et e Mëttwoch den Owend aus dem Educatiounsministère heescht, hätten 2.476 Kanner vum Accueil profitéiert, deen e Mëttwoch an de Grondschoulen ugebuede ginn ass. Jee no Gréisst vun der Schoul an och der Unzuel u Kanner wier den Accueil vun Ekippen tëscht zwou a bis zu iwwer 20 Persounen assuréiert ginn.
Am Secondaire wiere quasi keng Schüler an de Schoule gewiescht - ausser deene vun den Internater, déi direkt vun de Schoule geréiert ginn. Pro Lycée wieren Ekippe vu 5 bis 10 Leit present gewiescht, fir den Accueil ze assuréieren.
Reportagen aus verschiddene Schoulstrukturen
Vun am Ganze gutt 350 bis 360 Kanner waren der zu Esch an der Bruch-Schoul e Mëttwoch de Moie just 11 present. Wéi den Dag hei ofgelaf ass a wéi d'Kanner en erlieft hunn, kënnt der hei noliesen.
Mir hunn e Mëttwoch de Moie och mam Gestionnaire vun de Maison-relaisen zu Esch, dem Laurent Zimmer, geschwat. An de 17 Haiser ginn, op normalen Deeg, bis zu 1.600 Kanner betreit.
D'Anne Wolff war an der Primärschoul zu Hesper an huet nogefrot, wéi den Accueil vun de Kanner organiséiert gouf.
Zu Déifferdeng si vu knapp 3.000 Schüler a Schülerinnen a 5 Schoulen der 76 Kanner an den Accueil komm. De Regionaldirekter vun den Déifferdenger Schoulen huet sech am RTL-Interview zefridden iwwert den Oflaf gewisen.
En Donneschdeg sinn d'Schoulen - dat heescht Fondamental, Secondaire an aner Strukturen - nees normal op a funktionéiere wéi gewinnt. Dat och, wann et duerch de gemellte Schnéi nach wäert zu Perturbatioune kommen.