"Méi Hëllef fir méi Leit"
Am Logement gëtt et vum 1. Juni u méi Hëllef fir méi Leit. Souwuel beim Kaf ewéi bei der Locatioun.
D’Regierung hat en éischte Mesurëpak fir neie Schwong fir de Wunnengsbau Enn Januar ugekënnegt. Um Dënschdeg huet d’Chamber de Mesurëpak guttgeheescht. Um Mëttwoch huet de Claude Meisch d’Mesurë vu sengem Logementsministère der Press mat puer Beispiller illustréiert.
Picke mer ee Fall eraus: Bei der Zënssubventioun kruten Elengerzéier mat engem Kand 154 Euro de Mount. Vum 1. Juni u sinn et 465 Euro. Méi Suen also. Fir datt méi Leit Hëllef kréien, goufen dann d’Plaffongen no uewen ugepasst. D’Prime d’accession à la propriété kritt e Stot mat 2 Kanner bis e Netto-Joresgehalt vu ronn 116.000 Euro. Fir e Stot mat 3 Kanner läit de Seuil bei 136.000 Euro.
Esou Beispiller ginn et der vill (dir fannt se ënnert dem Artikel): Et gëtt eng ganz Panoplie un Hëllefsmesuren an u Krittären fir se ze kréien. A well d’Situatioun vun all Eenzelem anescht ass, gëllt et sech selwer ze renseignéieren. De Chef vum Service des aides au Logement zu Hollerech, de Romain Alff, sot, si wiere prett. Ënnert anerem géinge méi Leit agestallt ginn.
Eenzel Aiden kritt een awer réischt nom Notairessakt. Op d’Remark, datt d’Leit d’Sue brauchen, wa se de Prêt ufroen, huet de Romain Alff geäntwert, datt de Ministère a säi Service enk mat de Leit a mat de Banken zesummeschaffen. Esou kéinten d’Montante vun den Aiden schonn an de Plan de financement vum Client mat aberechent ginn.
De Logementsminister sot iwwerdeems, hie géing net dovunner ausgoen, datt Verkeefer d’potentiell Aiden op de Präis néierschloe wäerten an zwar, well net jiddereen déi Aide kritt. Op d’Fro, ob een d’Aiden net misst staffelen, well Leit penaliséiert ginn, soubal se een Euro ze vill verdéngen, dozou sot de Claude Meisch, datt een dat mëttelfristeg duerchaus misst iwwerdenken. Allerdéngs hätt d’Regierung elo gär séier gehandelt an dowéinst Mesuren adaptéiert, déi et scho gëtt.
Hien huet awer och rappeléiert, datt an den nächste Wochen weider administrativ Vereinfachungë bekannt ginn fir datt méi a méi séier gebaut gëtt an datt de Staat weider selwer méi bezuelbar ëffentlech Locatiouns-Wunnengen wëll op de Marché bréngen.
De Staat keeft och iwwerdeems weider Wunnprojeten (Vefa) um privat Marché op.