Deen Ofbau, esou soten eis Vertrieder vun der ALEBA an LCGB, wäert nach net fir dëst Joer sinn. 2025 wier awer voller Ongewëssheeten. Dat riskéiert op Käschte vum Personal ze goen, fäert de Jean-Jacques Rieff Vize-President vun der Bankegewerkschaft ALEBA
“Potentiell Salariéeë sinn 150 Leit, déi direkt am Retail schaffen, also an den Agencen, am Guichet ... Plus nach emol sou vill am Backoffice, fir dat Ganzt hannendrun ofzewéckelen.”
Sollt et esou een Ofbau ginn, dierft deen net fir direkt sinn, well déi Leit wuel bis d’Enn vum Joer gebraucht ginn fir d’Cloture vun den iwwer 40.000 Konten.
Sollte Plazen ofgebaut ginn, da bestinn d’Gewerkschaften op e Plan de Maintien dans l’Emploi. Wichteg wier elo ee Gespréich mat der Generaldirektioun, fir déi néideg Explikatiounen aus éischter Hand ze kréien, seet d’Maria-Helena Macedo vum LCGB
“De But ass elo, fir beim CEO vun der ING ee Rendezvous ze kréien, fir kloer Äntwerten op eis Froen ze kréien: Wat ass d’Zukunft vun der ING, wat ass d’Zukunft vun de Salariéeën, wat hu se wëlles ze maachen ... elo an déi nächst Méint an haaptsächlech 2025"
Iwwert d’ING eraus stellt ee sech bei de Gewerkschaften Froen iwwert d’Zukunft vun der Bankeplaz Lëtzebuerg, wou et an der lescht och Sozialpläng gouf. Deen Hannergrond erkläert och, dass et den Ament schwiereg Verhandlunge sinn fir een neie Kollektivvertrag am Secteur.
Reaktioun op Ëmstrukturéierung vun der ING - “De Client verléiert näischt”, sou de Claude Marx vun der CSSF
Bank trennt sech vu Clienten ING: Wéi geet et elo weider?