D'Elteren, de Schwammmeeschter an d'Gemengeresponsabel hu sech en Dënschdeg gesinn, fir iwwert de Virfall mam klengen Jayden ze schwätzen.

De klenge Jong vu 5 Joer gouf den 30. August in extremis virum Erdrénken an der Schwämm zu Veianen gerett. Eng Tragedie gouf also evitéiert. Ma fir all déi, déi bedeelegt waren, dierft de Virfall eng uerg Erfarung bleiwen. Zum Gléck geet et dem Jayden antëscht nees "ganz gutt", esou seng Mamm, déi nach ëmmer opgewullt ass vun deem, wat hirem Jong geschitt ass.

D'Entrevue, déi en Dënschdeg hannert zouenen Dieren an engem Reuniounssall an der Gemeng vu Veianen ofgehale gouf, war néideg, well et zwou verschidde Vuen op deen dramateschen Incident gëtt: Gouf bei der Rettung alles richteg gemaach oder hätt dat kënne besser oflafen? Déi Fro huet fir eng ugespaante Stëmmung gesuergt, déi och d'Reunioun net konnt aus der Welt schafen.

Reprochen trotz Rettung: Firwat kee Merci?

Dem Jayden seng Elteren an d'Lili, eng Frëndin vun der Famill, déi de Jong dee Freideg mat an d'Schwämm geholl hat, bleiwe bei hirer Siicht, et wier net séier an energesch genuch reagéiert ginn, a si "rosen" aus der Reunioun komm. Vill Emotioune waren do am Spill.

Och de geschockte Schwammmeeschter, deen nom Virfall eng Woch laang krankgeschriwwe war, war en Dënschdeg fir d'Reunioun an d'Gemeng komm - fir seng Vue duerzeleeën. Fir hien huet dono de Buergermeeschter geschwat.

An de François Weyrich verstoppt seng Enttäuschung iwwer d'Verhale vun der Famill vum Jayden net: "Wat mech enttäuscht, ass, datt déi ganz Famill net bereet war, fir dem Schwammmeeschter Merci ze soen, datt hien hirem Jong d'Liewe gerett huet."

RTL

Le sauvetage in extremis de Jayden, 5 ans, s'est déroulé le 30 août à la piscine de Vianden. / © Maurice Fick / RTL

D'Schwëster vum klengen Jayden, déi 21 Joer jonk Anisia, war zwar am Moment vum Tëschefall net mat an der Schwämm, schwätzt awer am Numm vun der Famill, déi sech zanter 11 Deeg mat enger Fro plot: "Wisou huet de Schwammmeeschter net direkt reagéiert? Dorobber hu mir keng direkt Äntwert kritt", esou d'Ausso vun der jonker Fra.

"Ech weess, datt et net dem Schwammmeeschter seng Schold ass, mä hien hätt awer e bësse méi séier kéinte reagéieren. Mäi Brudder vun 12 Joer ass an d'Waasser gaangen, fir de Klengen erauszebréngen. De Schwammmeeschter hat net verstanen, datt dee Klenge Panik hat. Wann s de ee Klenge gesäis, deen net schwamme kann an a Panik geréit, da reagéiers de direkt", mengt d'Anisia géintiwwer RTL Infos.

Dës Versioun vum Virfall deckt sech awer net mat där, déi de Schwammmeeschter wärend der Entrevue erëmginn huet an déi de Buergermeeschter géintiwwer RTL matgedeelt huet. De Schwammmeeschter behaapt nämlech, datt hien d'Initiativ ergraff huet, wéi hie gesinn huet, datt den Jayden op déi Plaz goung, wou hie kee Buedem méi hat. De Jong hätt iwwert eng Stonn am Waasser gespillt, a wier ëmmer méi no un de méi déiwen Deel vum Baseng komm, deem seng Déift lues a lues vu 25 Zentimeter op 1,30 Meter erofgeet.

RTL

L'entrevue s'est déroulée à huis clos mardi durant une heure et demie, à la maison communale. Le maître-nageur a pu s'expliquer face à la famille. / © Maurice Fick / RTL

"An iergendwann huet de Schwammmeeschter gesot: 'Ok, ech huelen d'Rettungsstaang, fir him ze hëllefen.' Et war soss keen do. Déi zwee Bouwe waren net do, an déi Persoun, déi no him sollt kucken, war och net do. An hien huet keng negativ Reaktioun gesinn, datt hie misst iergendwéi Hëllef kréien oder esou. De Jong huet mam Kapp an der Luucht Loft geholl, d'Aen op, ass getaucht an nees eropkomm. Also do war näischt, en huet net gestrampelt, näischt, en huet sech net verschléckt oder gehouscht. Hien (de Schwammmeeschter) huet gesot: ech hunn näischt an Uecht geholl", erkläert de François Weyrich.

De Malaise vum Jayden wier eréischt an de Minutten dono komm, wéi d'Kand scho baussent dem Waasser war. Et huet ugefaangen, sech ze iwwerginn, a war op eemol um Bord vum Baseng vu sech. Zu deem Ament ware just den Jayden, säi Brudder Eric, d'Lili an deem säi Jong op der Plaz. Dës hätt "um Bord vum Baseng (wou d'Waasser e bësse méi déif war) mat de Féiss am Waasser gesiess", huet si en Dënschdeg verséchert.

"Elteren oder Begleeder responsabel"

D'Differenzen tëscht der Beschreiwung vum Schwammmeeschter an der Versioun vun der Famill, déi dem Mann reprochéiert, net direkt an d'Waasser gesprongen ze sinn, kënnt méiglecherweis dohier, datt d'Fra, déi d'Garde vum Kand hat, mat Momenter net alles am Bléck hat. An et war de Schwammmeeschter, deen Éischt Hëllef geleescht huet an esou wuel d'Liewe vum Jayden gerett huet. Dat bestreit d'Famill och net.

Als Conclusioun huet de Buergermeeschter nach eng Kéier d'Grondreegelen an enger Schwämm widderholl. Et sinn natierlech "d'Elteren oder d'Begleeder, déi d'Responsabilitéit hunn, déi responsabel sinn iwwert d'Kanner, wa se an der Schwämm sinn. Iwwert dëse Punkt gëtt et keng Diskussioun".

Trotz der Entrevue an der eendeiteger Äntwert op d'Fro no der Responsabilitéit schéngen d'Differenzen tëscht béide Parteie bestoen ze bleiwen. Mä d'Famill huet awer keng Plainte gemaach.

D'Schwämm zu Veianen war dann och "wéinst dem schlechte Wieder" fir de Public zou. "Et ass ze kal. Soss wier se awer nach dës Woch op gewiescht", assuréiert de Buergermeeschter.