Och net an Zukunft, dat seet d'DP-Verdeedegungsministesch Yuriko Backes am RTL-Interview.

D'Ministesch hat an der Vergaangenheet gesot, déi Diskussioun géing kommen. De Generol Steve Thull huet hei op der Antenn gesot, esou eng Mesure kéint zu der Resilienz bäidroen an d'Police- an d'Arméigewerkschaft huet sech oppen dozou gewisen. Bei de Lëtzebuerger Parteie war d'Begeeschterung awer gréisstendeels kleng.

Yuriko Backes: Keen obligatoresche Militärdéngscht/Reportage Fanny Kinsch

Am September waren d'Aussoe vun der Verdeedegungsministesch nach e wéineg manner affirmativ wéi e Méindeg, wéi si hei op der Antenn op e méiglechen obligatoresche Militärdéngscht ugeschwat gouf.
 
Roy Grotz: "Boots on the ground, heescht et vum Generol, vun Iech mengen ech och, kënnt een dann net, elo sinn ech um obligatoresche Militärdéngscht, Wehrpflicht genannt, Dir hutt gesot, laanscht eng Diskussioun komme mer op d'mannst net. Wéi wëllt Der déi da wou féieren?"

Yuriko Backes: "Laanscht déi Diskussioun komme mer net. An nach eng Kéier, ech hu kee Mandat am Koalitiounsaccord, fir d'Wehrflicht anzeféieren. Mä ech mengen, an anere Länner gëtt déi Diskussioun och geféiert. Hei wäerte mer se och misse féieren."
 
Esou d'Verdeedegungsministesch am September um Mikro vum Roy Grotz. D'Ministesch fënnt awer net, dass si domat d'Diskussioun gewëssermoossen och opgemaach huet, seet si e Méindeg.
 
"Ech mengen, dass mer eis resilient opstellen, ass eng Diskussioun, déi gëtt an all EU-Land gefouert, déi gëtt an all Nato-Land gefouert, mir liewen an enger Demokratie, wou een iwwer alles muss kënne schwätzen, mee fir mech war ganz kloer, ech hu keen Optrag a weeder ech, nach d'Regierung denken drun, fir en obligatoresche Militärdéngscht opzestellen. Dat war am Fong ni d'Fro. D'Fro war vill méi breet wéi dat."
 
Si kéint sech awer virstellen, eng Reserv opzebauen, wéi de Syndicat vun der Force Publique et och schonn an d'Gespréich bruecht huet. Diskussiounen dozou géinge lafen, esou d'Yuriko Backes.
 
"Hei soll kee forcéiert ginn, un esou eppes deelzehuelen. Dat muss och ganz breet opgestallt sinn. Ech hunn och Diskussioune mat jonke Leit, déi soen, wann et e Programm géif ginn, wou ech als Jonke kéint dräi, sechs Méint un esou engem 'Stage militaire' deelhuelen, da géif ech dat ganz gäre maachen. Ech fannen dat ganz positiv Reflexer vun eiser Jugend." 
 
Haut wier d'Arméi awer nach net opgestallt, fir dat ze maachen, esou d'Verdeedegungsministesch. En Zäitplang, wéi séier esou eng Reserv kéint opgebaut ginn, kéint een dowéinst och net aschätzen. Nieft dem militäresche Volet schwätzt d'Ministesch och vun enger Zivilreserv. Dofir wier awer net si zoustänneg, mee éischter den Haut-Commissariat à la protection nationale oder nach d'Santé. Hir Prioritéit wier elo emol, d'Defense an d'Arméi gutt opzestellen.

"En Deel dovunner ass de Bataillon binational. Dat ass eng wierklech politesch a militäresch Prioritéit. Dat brauch och Leit. Mee och do féiert kee Wee iwwert en obligatoresche Militärdéngscht an doriwwer eraus natierlech och eise Bäitrag leeschten an eiser, fir eis kollektiv Sécherheet am Kontext vun der NATO."
 
Et géing een dru schaffen, de Beruff fir jonk Leit méi attraktiv ze maachen. Bei der Arméi géingen ënnert anerem Cyberexperten, Satellittenexperten oder nach Pilote gesicht ginn.

"Hei geet et jo wierklech drëms, dass mer eis Demokratie verteidegen a mir hunn eng wierklech reell Menace haut. Dat däerf een einfach net vergiessen."

Dat seet d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes am RTL-Interview. D'Ministesch huet sech kloer géint en obligatoresche Militärdéngscht ausgeschwat.