D'LSAP, d'ADR, déi gréng an déi Lénk sinn alleguer skeptesch, wat d'Aféiere vun engem obligatoresche Militärdéngscht ugeet.

D'LSAP hätt sech historesch dofir agesat, den obligatoresche Militärdéngscht ofzeschafen a wier och elo net dofir, en nees anzeféieren, esou de Co-Parteipresident Dan Biancalana.
 
"Eis ass et wichteg, dass mer eng professionell Arméi hunn, wou och gutt ausgebilt Zaldoten do sinn, wou et och natierlech Zukunftsperspektiven deementspriechend gëtt. Ech mengen, dass dat en Ausgangspunkt ass, dee fir eis ganz wichteg ass. An eis ass awer och grad esou wichteg, dass an där doter Diskussioun, déi lassgetrëppelt gouf, wou och deementspriechend verschidde Parteie sech och scho positionéiert hunn oder eng Haltung ageholl hunn, dass awer och hir zoustänneg Ministesch politesch Faarf bekennt."
 
Der zoustänneger Ministesch Yuriko Backes hir Partei DP verweist drop, datt näischt iwwert en obligatoresche Militärdéngscht am Koalitiounsaccord virgesi wier an dat stéing och aktuell net zur Diskussioun. Op Nofro beim Koalitiounspartner CSV wollt een d'Thema nach intern diskutéieren a méi spéit reagéieren.*

Fir d'ADR ass et en Thema, dat ee wéinst der geopolitescher Lag diskutéiere misst, esou d'Parteipresidentin Alexandra Schoos. Et wier een awer fir d'Fräiwëllegkeet a géint en obligatoresche Militärdéngscht.
 
"Wann iergendwéi eppes sollt obligatoresch solle ginn oder esou, da soe mir e bëssen esou wéi an Däitschland an der Zäit de Modell war, dass ee sech e bësse ka raussichen, Militärdéngscht oder zum Beispill en Ziviljoer. Ech mengen, mir hu jo och e Manktem am Gesondheetssecteur, soen ech elo mol, an de Fleegeheemer an esou weider, esou fort, wou och sech vläicht Jugendlecher kënnen engagéieren, wou se och gebraucht ginn."
 
Och d’Jugendpartei vun der ADR, ADRenalin huet sech per Communiqué zu Wuert gemellt a plädéiert dofir, datt fräiwëlleg Programmer agefouert ginn.

Fir déi Gréng misst éischter dru geschafft ginn, d'Arméi ze professionaliséieren, esou d'Co-Parteipresidentin Stéphanie Empain.
 
"Mir gesinn et als net opportun un, dat als Léisung ze gesinn, fir déi Problemer, déi mer geopolitesch hunn oder déi mer och hunn um Niveau vum Rekrutement. Mir gesinn éischter, dass et e Choix ass vun all Eenzelen, ob e wëll an eng Arméi goen oder net. Deen Agrëff net virzehuelen um politesche Plang, fir jonk Leit elo déi 'Bürde" opzëerleeën, mee eeben ze soen, dat ass nach ëmmer eng fräiwëlleg Optioun, déi ee kann hunn an dat Wichtegst ass eeben, dass mer d'Arméi dofir attraktiv gestalten, fir dass vill Leit oder esou vill Leit wéi méiglech dat als attraktiv Optioun fir sech gesinn. Mee de Choix muss awer nach ëmmer bei dem Eenzele bleiwen."
 
Fir déi Lénk kënnt en obligatoresche Militärdéngscht net a Fro, sou den André Marques aus der Nationalkoordinatioun vun der Partei.
 
"Wann ee gesäit, de leschte Rapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, de Jonke geet et extreem schlecht an deenen elo nach eng Laascht bäizesetzen an ze soen, e muss elo ee bis zwee Joer obligatoresch an d'Arméi goen, dat hëlleft kenge Problemer, dat hëlleft sécherlech net de Jonken, déi grad probéieren, mat alle Mëttelen ze soen, eis geet et net gutt, no Covid, mat der Klimakris am Logement, gëtt et extreem vill Problemer an do elo nach zwee Joer bäi setzen, fir ze soen, hei elo mussen an d'Arméi goen. Dat ass fir eis keng Léisung."
 
Och d’Piraten, d’Kommunistesch Partei, d’Police- an Arméisgewerkschaft a Fokus hu schonn zum Thema obligatoresche Militärdéngscht Stellung geholl.

*Um Méindeg heescht et och vun der CSV, et wier näischt iwwert en obligatoresche Militärdéngscht am Koalitiounsaccord virgesinn an d’CSV géing aktuell och net an déi Richtung nodenken.