De Gil Belling ass neien Direkter vum Mamer Lycée
© RTL Archivbild
Wéi den Educatiounsminister dem Personal vum Mamer Lycée matgedeelt huet, hu si nom ganze Rumouers an de leschte Méint elo en neie Chef.
Den neien Direkter heescht Gil Belling. Hie war Direkter vun der Formation professionelle beim Educatiounsministère a President vu Worldskills Luxembourg.
De viregten Direkter vum Mamer Lycée Claude Christnach hat jo decidéiert, net nach eng Kéier fir dee Posten ze kandidéieren. Hannergrond vun där Decisioun ware e Malaise a schlecht Ambiance tëscht der Direktioun, verschidden Enseignanten a Schüler vum Lycée Josy Barthel. Dat Ganzt war esou wäit gaangen, dass Enseignanten decidéiert hunn, d'Schoul ze verloossen, well si déi "toxesch Ambiance" net méi géingen erdroen.
Eng Kommissioun gouf en place gesat, déi sech soll ëm d'Reklamatioune këmmeren. Vum Educatiounsministère hat et do geheescht, bis Enn vum Kalennerjoer wéilt een dann en éischte Bilan zéien an da géif och gekuckt ginn, ob d'Mesurë gräifen, déi ënnerholl goufen. Zum Beispill goufen zwee Coachen an de Mamer Lycée geschéckt, fir déi verfuere Situatioun z'analyséieren.