Wat ännert alles am Joer 2025 zu Lëtzebuerg?
D'Joer 2025 bréngt eng ganz Partie Changementer mat sech, am 2. Deel resuméiere mir Iech d'Ännerunge bei der Mobilitéit, Gesellschaft an de Frontalieren.
Gesellschaft
✅ Enn vum Debat iwwer d'Rentereform: De Ministère vun der Sécurité sociale wäert bis an d'Fréijoer eran eng Rei Consultatioune mat Gewerkschaften, dem Patronat, sou wéi enger Partie anere Gremien am Land féieren. E Questionnaire, dee bei de Leit um Terrain gemaach gouf, soll dann hei 2025 mat afléisse gelooss ginn. Wéi et säitens dem Ministère heescht, sollen zum Schluss vun de Consultatiounen d'Resultater vun alle Gespréicher vun Experte-Gruppen analyséiert ginn. En Ofschlossbericht soll da fir d'Fréijoer 2025 virgeluecht ginn, ier en dann de Parteien iwwermëttelt gëtt, fir da weider Schrëtt a Richtung Reform kënnen ze maachen.
Hei de Face-à-face vum 27. November iwwer dëse Sujet!
✅ De LuxTrust-Token gëtt deaktivéiert: Eng App remplacéiert de physeschen Token vu LuxTrust, dat definitiv nom 31. Dezember 2024.

© RTL-Archiv
✅ Den Handy an de Schoule gëtt verbueden: D'Regierung huet sech fir en Handy-Verbuet am Fondamental fir d'Joer 2025 decidéiert. Am Secondaire sinn d'Handyen zwar net per se verbueden, ma et muss ee se awer wärend dem Cours ofginn oder ofleeën.
✅ D'Fraisen, fir sech bei der Universitéit Lëtzebuerg anzeschreiwen, verduebele sech: Hei klëmmt de Montant vun 200€ op 400€, dat vum Wantersemester 2025/2026 un, dat jo am September 2025 ufänkt.
✅ D'CNS huet sech fir eng Vereinfachung bei der Prozedur vum Remboursement vun Hörapparater decidéiert. Vun 2025 u wäert dëst méi séier goen.
✅ Schutz vu Lëtzebuerger Produiten: Vum 1. Dezember 2025 u mussen all d'EU-Länner e System fir de Schutz vu geographeschen Informatioune vun handwierklechen an industrielle Produiten ëmsetzen (dës ënnerscheede sech vu landwirtschaftleche Produiten a Wäin). Lëtzebuerg huet kee sou e System, ass awer no enger Enquête zu der Konklusioun komm, dass den Interessi u sou enger Mesure "kleng" wier. Lëtzebuerg huet ugefrot, sech heivun ze befreien.
✅ Verbuet vu Verpackungen, fir eemol ze gebrauchen, gouf verréckelt: D'Regierung huet decidéiert, fir d'Gesetz ze verréckelen, dat Verpackunge verbitt, déi just eemol genotzt kënne ginn, dat fir Iessensliwwerdéngschter a wann een eppes siche geet. Dës Mesurë wäerten net den 1. Januar 2025, mä réischt den 1. Januar 2027 a Kraaft trieden.
Mobilitéit
✅ De Chantier fir den Ausbau vun der A3 geet gutt virun: Virun 3 Joer gouf ugefaangen, eng drëtt Spuer tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Grenz en place ze setzen. Elo soll deen éischten Tronçon dovunner geschwënn opgoen, dat vun der Stad bis bei d'Air de Berchem. Ofhängeg vum Wieder wäert d'Ouverture vun den éischte Kilometer vun der neier A3 fréistens Enn 2024, spéitstens Ufank 2025 sinn.

© Domingos Oliveira / RTL
✅ Chantieren op den Autobunnen A4 an A6: D'Aarbechten op der A6 wäerte sech nach iwwert dat ganzt Joer 2025 zéien, dat bis an d'Joer 2026 eran. Genee dat selwecht gëllt och fir den Echangeur Steebrécken op der A4. Et heescht also och 2025 weider Gedold matbréngen.

Le pont autoroutier de l'A6, qui enjambe la voie ferrée, est en travaux jusqu'en 2026. / © Domingos Oliveira / RTL
✅ Den Tram fiert bis op de Findel: Nodeems de Service vum Tram bis bei de Stade de Luxembourg en place gesat gouf, ginn d'Aarbechte säitens Luxtram op der Linn 1 Richtung Fluchhafe Findel weider. Am Fréijoer 2025 soll d'Streck komplett fäerdeg sinn an och befuer ginn.
✅ Déi nei Linne vum Tram huele Form un: Luxtram plangt, fir am Joer 2025 mat den Aarbechten un den neie Tramslinnen an der Haaptstad Lëtzebuerg unzefänken. Heizou zielt d'Linn "K2A", déi de Kierchbierg befuere wäert (1.Semester). Dobäi kënnt en Zentrum fir d'Lagerung vu Luxtram, dat op der Cloche d'Or (2. Semester). Weider Projete sollen dann an den nächste Joren nokommen. Fir de séieren Tram tëscht der Stad an Esch muss bis spéitstens 2026 e Projet de Loi virleien.
✅ Den Tram kritt Wi-Fi: Bis Enn 2025 sollen d'Gefierer vu Luxtram alleguerten domadder ekipéiert sinn.
✅ Fir déi franséisch Frontaliere gëtt den Zuch méi deier: D'SNCF huet fir den 1. Januar 2025 Haussë vun 3% bei den Ticketen annoncéiert. Beim Abonement vun engem Mount tëscht Thionville a Lëtzebuerg klammen d'Präisser vu 44,40€ op 45,70€ (fir eng Persoun iwwer 26 Joer, déi zu Lëtzebuerg schafft). Vu Metz aus klëmmt d'Abonnement vun 98€ op 100,90€.
✅ Elektresch Firmenautoen: Hei wäerten et Vereinfachunge bei der Zouloossung vun 100%-Elektroautoe fir Entreprisë ginn. Der Regierung no ginn "am Moment zwee Drëttel vun den 100%-Elektroautoe vu Firmen zougelooss."
✅ A31: Eng ëffentlech Enquête: Dem aktuelle franséischen Zäitplang no muss eng ëffentlech Enquête am Kader vum Ausbau vun der Autobunn A31 am Joer 2025 duerchgefouert ginn. D'Konklusioune vun dëser Enquête gi sech am Laf vum Joer erwaart a si fir d'Realisatioun vum Ausbau vun der A31 extrem wichteg fir de franséische Staat.
Frontalieren
✅ De Chômage fir franséisch Frontalieren: déi grouss Ongewëssheet: Och wann en Accord jo virgesäit, dass de Chômage fir franséisch Frontalieren däitlech gekierzt soll ginn, huet d'Regierung jo dann elo dach nees e Schratt no hanne gemaach, dat op alle Fall bei enger Mesure. An elo mam Changement an der Regierung a Frankräich ass onkloer op d'Mesuren iwwerhaapt bäibehale ginn. Oder eventuell kënnt et zu engem Accord tëscht Frankräich a Lëtzebuerg, fir d'Käschte vum Chômage ze kompenséieren. Fir déi franséisch Frontaliere besteet dohier eng gewëssen Onsécherheet.
✅ Eng Steiererhéijung fir vill franséisch Frontalieren: Eng gewëssen Toleranz säitens dem neie franséisch-lëtzebuergesche Steier-Accord soll op en Enn goen. Géif dëst net säitens dem Wirtschaftsminister nach eemol verréckelt ginn, géif d'Akommes aus dem Joer 2024, dat am Fréijoer 2025 muss deklaréiert ginn, méi héich besteiert ginn. Dëst gëllt fir Frontalieren, déi e gemëscht Akommes hunn, also aus Frankräich a vu Lëtzebuerg.
✅ Kreatioun vun engem neie Kont fir Iwwerstonnen: Frontalieren, déi am Privatsecteur Salarié sinn, mussen dës accordéiert kréien. De maximale Montant dierf hei net iwwer 700€ goen.
✅ D'Pensioun fir belsch Frontaliere kënnt méi spéit: Frontalieren aus der Belsch, déi an der Belsch eemol geschafft hunn, mussen domadder rechnen, dass 2025 de gesetzlechen Alter, fir an d'Retraite ze goen, vu 65 op 66 Joer klëmmt. Betraff sinn alleguerten déi Leit, déi tëscht dem 1. Januar 1960 an dem 31. Dezember 1963 gebuer sinn.
Je suis né(e) | Mon âge légal de pension |
avant le 01.01.1960 | 65 ans |
entre le 01.01.1960 et le 31.12.1963 | 66 ans |
À partir du 01.01.1964 | 67 ans |