Aktuell ginn et 100 Gemengen an 100 kommunal Bautereglementer.

"Méi einfach a méi séier bauen" / Reportage François Aulner

Ma eng Rei Reegelen aus deene Reglementer wäerten an Zukunft an engem nationale Bautereglement fixéiert ginn. Et handelt sech ëm eng vun de Mesuren aus dem Mesurëkatalog vun der administrativer Vereinfachung, deen d’Regierung den 19. Juni presentéiert hat.

Et geet drëms, datt "méi a méi séier" ka gebaut ginn, ewéi de Premier Luc Frieden am Februar nom Logementsdësch deklaréiert hat
 
“Iwwergeuerdent Zil ass et, administrativ Hürden do ofzebauen, wou se keng Plus-value fir eis Gesellschaft bewierken”, esou den Inneministère op Nofro hin. Dat nationaalt Bautereglement géing sech op d’Beräicher vun der “Sécherheet, der Soliditéit, der Commoditiéit, der Salubritéit an der Nohaltegkeet vun de Gebaier an den Amenagementer” limitéieren. Weider heescht et awer: “All urbanistesch Reegelen, ewéi d’Baupotential oder d’Héicht vun de Gebaier” wäert weider vun de Gemengen an hire Bebauungspläng (PAG a PAP) bestëmmt ginn, “wou d’Gemengenautonomie natierlech weider spillt”.
 
Et géing och gepréift ginn, wéi eng Reegelen am Gesetz misste fixéiert ginn a wéi eng Reegelen awer nach iwwert e Gemengereglement. Dat well et “net méiglech ass, eenheetlech Reegelen fir d’ganzt Land ze definéieren».

Wéini kënnt dann dat neit nationaalt Bautereglement?

Den Inneministère huet de “Lead” beim Ausschaffe vun dësem eenheetleche Bautereglement, deen awer vun enger Rei Aarbechtsgruppen wäert erstallt ginn. D’Aarbechte sollen am Hierscht fäerdeg sinn an Enn d’nächst Joer mat enger Reform vum Gesetz iwwert den Aménagement communal vun 2004 an engem neie Règlement grand-ducal an der Chamber deposéiert ginn.
 
Méi a méi séier bauen, da muss elo nach gekuckt ginn, datt och de legislative Wee effektiv entspriechend séier iwwert d’Bün geet.

Wat bréngt dann esou een eenheetlecht Bautereglement?

Et ass net revolutionär, mee vereinfacht sécherlech d’Aarbecht fir d’Architekten an Ingenieuren. Ënnert den 100 Gemengen ginn et liicht technesch Ënnerscheeder tëscht de Règlements des batisses, respektiv et feele Prezisounen Mol an deem engen oder anere Reglement. Beispill: An der Stad muss de Garde-corps vun engem Balcon minimal 95 Zentimeter héich sinn. Zu Esch ass et 1 Meter. Ewéi de Premier Luc Frieden a senger Ried zur Lag vun der Natioun am Juni sot mat engem eenheetleche Bautereglement géing ee “prozedural Feeler vermeiden”, déi dach ëmmer nees geschéien.

Ob mat där Neierung tatsächlech méi séier a méi bëlleg gebaut gëtt, esou ewéi de Luc Frieden och gemengt huet, dat kann een awer bezweifelen. Méi séier à la rigueur vläicht e bëssen, wann doduercher e Projet e bësse méi kann deposéiert ginn. Projeten daueren awer net laang wéinst de Bautereglementer, mee wéinst verschiddenen Etappen an der Prozedur, Reklamatiounen oder hin an hier tëscht verschiddene Verwaltungen oder kommunalen Zerwisser. Mee op dem Niveau wëll d’Regierung jo och eppes maachen, mat enger Plattform an dem “once-only Prinzip”.
 
Wat de Präis ubelaangt: deen hänkt och net vill vum Bautereglement of, mee vill méi vun de Baukäschten (Paien a Matière premières) respektiv Normen. Mee virun allem hänkt de Präis dovunner of, ewéi deier den Terrain ass an ewéi vill op engem Terrain ka gebaut ginn. An dat determinéieren ewéi gesot nach ëmmer d’Gemenge selwer.

Méi derzou:

Neie Schwong am Logement an am Bau
 
Wunnen zu Lëtzebuerg: E Grondrecht oder awer Luxus?