
De Maître Daniel Baulisch vertrëtt d’Famill, där hir Groussmamm un de Suitte vum Accident de 25. Januar zu Huldang gestuerwen ass. D’Famill wier aktuell an engem extrem schlechten Zoustand an an déiwer Trauer. Den Affekot weist sech och schockéiert iwwer den Accident selwer souwéi den Oflaf dono an ass irritéiert iwwert d’Aussoen, déi de Generaldirekter vum CGDIS Ufank Februar gemaach huet. Dësen hätt besser gewaart, bis d’Enquête, déi aktuell leeft, ofgeschloss ass, éier hie sech zu der interner Affär beim CGDIS äussert, esou den Affekot.
Wéi de Maître Baulisch seet, wier sengen Informatiounen no d’Fra, déi spéider am Spidol gestuerwen ass, um Zebrasträifen ugestouss ginn. Duerch den Impakt gouf si widdert hir Enkelin geschleidert, déi sech doduerch schwéier Blessuren um Been zougezunn huet.
De Chauffer vum Auto wier awer net direkt stoe bliwwen, mä weidergefuer. Den Affekot wëll an dësem Fall awer net direkt vu Farerflucht schwätzen, well den Automobilist kuerz drop zeréck koum. An trotzdeem ass dat net déi richteg Virgoensweis. “Wann ech ee blesséieren oder wéi hei, reegelrecht um Foussgängersträifen iwwerrennen, dann ass et ganz kloer, datt ech muss op der Plaz bleiwen a Secours leeschte muss.” An dat war dem Maître Baulisch no anscheinend hei net de Fall.
Net just dësen Accident läit der Famill um Mo, seet hire juristesche Vertrieder. Ma och déi ganz Affär, déi dono koum, knat uerg un den Hannerbliwwene vun der verstuerwener Fra. Duerch e mënschleche Feeler vun engem Operateur um Noutruff war d’Ambulanz bei de falsche Shoppingzenter geschéckt ginn, dat zu engem Ament, wou zwou schwéier blesséiert Persounen dréngend Hëllef gebraucht hunn, esou den Affekot. Der CGDIS-Enquête no war dem Operateur um 112 net bewosst, datt et zwee Knauf-Geschäfter am Land gëtt, eng Kéier am Pommerlach an eng Kéier zu Huldang, wou den Accident geschitt war.
Eréischt wéi den Asazekippen um Terrain opgefall ass, datt et am Pommerlach keen Accident gouf, gouf eng zweet Ekipp erausgeschéckt, déi dann op Huldang gefuer ass. Duerch dëse Mëssel si 16 Minutte verluer gaangen, an deenen d’Rettungsekippen hätten éischter kéinten op d’Plaz kommen.

Datt de Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder d’Affär awer direkt klasséieren, op eventuell intern Konsequenze verzichten an dat mat “bessere Formatioune” opfänke wëll, ass fir den Affekot de falsche Schratt. “An deem heite Fall riskéiere jo awer strofrechtlech an zivilrechtlech Konsequenzen och op de CGDIS duerzekommen. An dofir verstinn ech d’Attitüd net vun deem Service public, datt si dat esou minimiséieren an d’Leit ofwimmelen”. Hei sinn dem Affekot no Responsabilitéiten am Spill, an datt déi esou vun engem Generaldirekter ofgewimmelt ginn, datt ass dem Maître Daniel Baulisch friem.
Fir d’Famill an hiren Affekot ass d’Reaktioun vum Generaldirekter vum CGDIS, datt et keng intern Konsequenze wäert hunn, de falsche Message. Datt ee seng Leit elo besser schoult ass “jo alles schéin a gutt, mä et ass awer de falsche Message, wann esou e Feeler geschitt, deen net esou duerf geschéien”. De Maître Baulisch fënnt et net seriö, datt dës Affär esou fréi esou ofgewimmelt gëtt, ouni emol d’Enquête oder eng Untersuchung vun de Geriichter ofwaarden.
D’Erwaardung vum Affekot vun de Generaldirekter wier éischter déi gewiescht, datt dëse sech net weider zu dësem trageschen Tëschefall geäussert hätt, éier déi juristesch Enquêten, déi jo eréischt ganz am Ufank stinn, ofgeschloss wieren. Well “et ass jo kloer, datt d’Justiz dës Affär net einfach esou ka klasséieren, an datt een dëser Saach muss nogoen an datt och penal Suitten op de CGDIS kéinten nokommen”. Mä dës Affär gëtt elo einfach kleng geriet an “ass esou gutt wéi klasséiert”.
Ob d’Famill eng Plainte géint de CGDIS wäert maachen, kann hire juristesche Vertrieder aktuell nach net soen. Et géif ee sech awer als “Partie civile” an d’Affär aschalten, fir eben Zougang zu den Dossiere kënnen ze kréien an esou erauszefannen, wéi dëse ganzen trageschen Accident mat all senge Suitten zustane komm ass. “D’Leit hunn e Recht ze wëssen: Wat ass geschitt? Wat ass schif gelaf? An da kuckt een dono d’Konsequenz”, esou nach den Affekot vun der betraffener Famill de Maître Daniel Baulisch am RTL-Interview.
RTL-News vum 7. Februar: CGDIS iwwer Feeler beim Asaz zu Huldang: Et ass “keng Geolokaliséierung vum Handy um 112 ukomm”
RTL-News vum 7. Februar: Op falsch Plaz gefuer: De CGDIS confirméiert e mënschleche Feeler bei Asaz zu Huldang
RTL-News vum 28. Januar: Fra stierft no Accident zu Huldang: CGDIS op déi falsch Plaz gefuer an no 27 Minutten ukomm
RTL-News vum 27. Januar: No Accident zu Huldang: Foussgängerin stierft am Spidol u schwéiere Blessuren
RTL-News vum 26. Januar: Fënnef Blesséierter um Samschdegowend: Zwee Foussgänger ugestouss, een Auto op der Kopp an e Wëllt Schwäin iwwerrannt