Nieft der traditioneller Sonndesfro goufen d'Leit an dëser Ëmfro och gefrot, ob Lëtzebuerg eng Pensiounsreform brauch?

Schonn zanter Méint leeft d'Debatt ëm eng méiglech Pensiounsreform zu Lëtzebuerg. Dofir war et och evident, an der aktuellster Sonndesfro, déi d'Ilres am Optrag vun RTL a vum Lëtzebuerger Wort duerchféiert, d'Wielerinnen an d'Wieler ze froen, wéi hir Meenung zu dësem Sujet ass.

An hir Äntwert war kloer, well 75 Prozent vun den 1.841 Befrote soe "Jo, mir brauchen eng Pensiounsreform." 15 Prozent mengen "Nee" an 10 Prozent wëssen et net.

Déi 1.399 Leit, déi fir eng Reform sinn, goufen dann no méigleche Piste gefrot. 82 Prozent si fir déi selwecht Reegelen am privaten an am ëffentleche Secteur. 76 Prozent ënnerstëtzen, datt méi an Zousazversécherungen investéiert gëtt. 72 Prozent sinn dofir, datt d’Cotisatioune fir déi dräi Sozialpartner vun 8 op 9 Prozent eropginn. Nëmme 40 Prozent sinn awer domat averstanen, datt d'Leit allgemeng méi laang schaffe ginn. 55 Prozent sinn dogéint.

Nach ass jo net gewosst, ob a wéi d'Pensioune reforméiert ginn. Et schéngt awer, wéi wa mat de ganzen Diskussiounen iwwer d'Renten, déi mer zanter annerhallwem Joer hunn, nëmme wéineg Leit keng Meenung zu deem Sujet hunn, sou de Charel Bintz vun der ILRES.

"Wat interessant ass, ass, datt wierklech nëmmen circa 5 Prozent vun de Leit net bereet waren, op dës Optioun ze äntweren. D'Leit hunn also relativ gefestegt Meenungen, wat d'Reform vum Pensiounssystem ugeet, ob se dofir oder dogéint sinn."

Wichteg z'erwäne bleift dann nach, datt d'Fondatioun Idea am Abrëll véier Zenarioe fir eng méiglech Pensiounsreform presentéiert hat. Leschte Rechnungen no nämlech wier eisen aktuelle Pensiounssystem vun 2026 un defizitär an d'Reserve géife just bis 2045 duergoen.

Sonndesfro Mee 2025 / Reportage Carine Lemmer

Den Detail

Bei dësem Sondage, deen tëscht dem 8. a 24. Abrëll gemaach gouf, goufen 1.841 walberechtegt Persounen iwwer Telefon an Online befrot. 1.147 Interviewe goufe via Telefon gemaach, dovunner 394 iwwer fix Nummeren an 758 op Mobilnummeren. 689 Interviewe goufen online gemaach.

Detailer si wéi ëmmer och um Internetsite vun der Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel Alia.lu